Naturpark Safari 2020 – Beobachten, sammelen an deelen
D’Grouss Vakanz huet ugefaangen a passend dozou lancéieren déi dräi
D’Grouss Vakanz huet ugefaangen a passend dozou lancéieren déi dräi
Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.
Dëse besonneschen Dag fir d’Eltere James a Lily Potter ass natierlech genau esou fiktiv, wéi Hogwarts, de Voldemort an den Hauself Dobby. An awer huet och den Harry, dee virun allem duerch seng zackeg Narb op der Stir a seng besonnesch magesch Fäegkeeten ervirstécht, vu senger Erschaferin ee Gebuertsdatum kritt. Fir Potter-Fans ass dësen Dag awer aus méi Hisiichte vu Bedeitung.
Um 31. Juli 1980 huet den Harry d’Liicht vun der Welt erbléckt. Ganzer der Traditioun no krut hie schliisslech um 11. Gebuertsdag d’Invitatioun fir an d’Zauberschoul vun Hogwarts ze kommen. Ouni dëse Bréif hätt d’Aventure wuel net säi Laf geholl a weltwäit Millioune Muggels faszinéiert. Och déi britesch Schrëftstellerin J. K. Rowling, duerch déi dës fantastesch Geschichten iwwerhapt emol entstane sinn, ass um 31. Juli 1965 gebuer ginn.
Generell schénge Protagonisten, deenen hir Eltere gestuerwe sinn an der Literatur immens beléift ze sinn. Kuckt een elo den Oliver Twist oder den Hamlet, esou reit den Harry Potter sech an eng Rei vu literaresche Vollweesen an. Nom Dout vun den Elteren – ermord vun Dir-wësst-scho-wem – ass de Knierps bei säi Monni a seng Tatta Dursley komm, déi hie schlecht behandelt an erniddregt hunn. Eréischt zu Hogwarts, an der Schoul fir Hexerei an Zauberei konnt hien endlech seng Bestëmmung fannen.
Wien den Numm Harry James Potter héiert, deen huet wuel direkt ee Bild virun Ae vun engem schmächtege Kärel mat däischteren Hoer, gréngen Aen – déi hie vu senger Mamm huet – an enger blëtzfërmeger Narb. Mat just 15 Méint huet hie sengen Elteren duerch den vum Voldemort ausgefouerten déidleche Fluch Avada Kedavra verluer.
An der Schoul ass hien dem Haus Gryffindor, déi virun allem fir Courage a Loscht no Aventurë stinn, zougedeelt ginn. An de 7 Bänn vum Fantasy-Roman ginn dës Eegenschafte besonnesch oft gefuerdert, virun allem am Kampf géint den donkele Lord. Op sengem laange Wee géint dat Béist an der Zauberwelt verléieren zuelräich Familljememberen a Kollegen hiert Liewen an awer gëtt gewisen, wat Frëndschaft bedeit.
Wien d’Geschicht nach net kennt sollt elo ewech kucken. Zu gudder Lescht bestiid den Harry nämlech d’Ginny Weasley, Schwëster vum Ron, a kritt mat him d’Kanner James, Lilly an Albus Severus.
Net nëmmen iwwert de Protagonist selwer ginn et spannend Informatiounen, woubäi ee sech am Beschten natierlech d’Bicher zouleeë sollt. Och an, an ëm Hogwarts gëtt et nach esou munches ze entdecken, wéi beispillsweis dat hei:
An dësem Sënn wënsche mir dem Rowling an dem Potter een iwweraus magesche Gebuertsdag!