Search

You may also like

De neie Pavillon am Märeler Park ass offiziell ageweit ginn
International Neiegkeeten

De neie Pavillon am Märeler Park ass offiziell ageweit ginn

Bei schéinstem Wieder, war en Donneschdeg de neie Pavillon am

Méi Eltere, manner Staat
International Neiegkeeten

Méi Eltere, manner Staat

Eltere sinn ass schwéier. Dat ass net nëmmen en 08/15

Hannert senger donkeler Séil verstoppt sech e waarme Charakter
International Neiegkeeten

Hannert senger donkeler Séil verstoppt sech e waarme Charakter

Et ass e sëffegen donkele Béier, dee sech hannert der

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat

Den Harvey Weinstein ass zu New York vum ieweschte Geriicht der Vergewaltegung a sexueller Néidegung schëlleg geschwat ginn. Déi him virgeworf Faiten aus 2006 an 2013 gëllen als Erwisen. Bis zur Verkënnegung vum Strofmooss am Mäerz, muss de Produzent am Prisong bleiwen…

Am Prozess war d‘Jury vu Laieriichter zur Entscheedung komm, datt de 67 järegen, wéinst deenen him zur Laascht geleeë Faiten, schëlleg ass. Net zeréckbehale gouf de Virworf vun enger weiderer Vergewaltegung an de besonnesch schwéiere Virworf vun „raubdéierhafte sexuellen Ugrëff“. Op de Mann aus Hollywood waarden elo ee puer Joer Prisong, iwwer d‘Unzuel gëtt nach spekuléiert.

Bis d‘Riichter am Mäerz hiert Strofmooss verkënnt hunn, muss den Harvey Weinstein am Prisong bleiwen. Hien ass dann och no der Verhandlung an Handschellen aus dem Tribunal ofgefouert ginn. Seng Affekoten hunn allerdéngs schon ugekënnegt, datt si géint d‘Uerteel e Recours aleede wëllen.

Hashtag „Metoo“

Dem Harvey Weinstein säin Albdram hat 2017 mat engem Hashtag ugefaangen: iwwer 80 Fraen, dorënner bekannt Schauspillerinne wéi d‘Angelina Jolie, Ashley Judd, Uma Thurman an d‘Salma Hayek haten ënner #Metoo dem mächtegen Hollywood-Produzent sexuell Iwwergrëff virgeworf.

Et war dann och déi éierewierdeg New York Times, déi am Oktober 2017 dem Harvey Weinstein als éischt ëffentlech de sexuelle Mëssbrauch virgeworf huet. Kuerz drop hat d‘Schauspillerin Alyssa Milano ënnert dem Hashtag Metoo, d‘Fraen op der ganzer opgeruff hir Erfarungen am Kontext vum Mëssbrauch an der Belästegung ze deelen. Den #Metoo hat séier den Tour vun der Welt gemaach…

HarveyDorausser war séier eng Beweegung entstanen a fir vill Fraen, war d‘Méiglechkeet sech innerhalb dësem Mouvement „ze befreien“ oft och d‘Chance d‘Täter mam Numm ze nennen. Elo 3 Joer méi spéit, schéngt sech en éischt Kapitel ze schléissen. Bis zu 29 Joer Prisong dreeën dem Weinstein.

Bosseg an dëser „Affär“ ass awer och de Fait, datt et zu kengem Ament ee Geheimnis war, wat a wéi den Harvey Weinstein mat de „Stärercher“ ëmspréngt. Seng „Iwwergrëff“ ware jidderengem e Begrëff an 2013 gouf doriwwer bei der Oscar-Präisiwwerreechung ëffentlech thematiséiert. Woubäi den Harvey Weinstein keen Eenzelfall war, an et Zäit ginn ass datt zu Hollywood ëmgeduecht gëtt.

Si „maachen“ elo

Zanterhier hu vill Studioen hir „intern Regelen“ nei opgestallt an et gouf deels och zu ganz krasse Moossname gegraff. Wéi d‘Virwërf géint de Kevin Spacey erwise waren, goufen seng Zeenen an engem eigentlech fäerdege Film erausgeschnidden a mat engem anere Schauspiller nei gedréit.

Weider heescht et, datt säit dem Hashtag bei Dréiaarbechten, ëmmer ëfters geschoult Beroder um Set sinn, déi bei Zeene mat Kierperkontakt sécherstellen, datt d‘Gefillsgrenze vun alle Bedeelegte respektéiert ginn. Ob et eppes notzt muss sech erweisen. Gewosst ass dogéint, datt d‘Virwërf seelen zu enger Veruerteelung gefouert hunn, an ëmmer d‘Glafwierdegkeet vum Affer bezweiwelt gëtt.

HarveyNom Scholdsproch hu Schauspillerinnen a Fraerechtlerinnen d‘Uerteel als Erfolleg gefeiert a gemengt datt elo an der Justiz eng nei Ära ausgebrach wier. D‘Presidentin vun der Stëftung „Time‘s Up“ huet awer bedauert, datt den Harvey Weinstein net an alle Punkte schëlleg geschwat gouf.

mat indymedia/nyc/lax

Foto: © The Onion

Related topics Geriichtsuerteel, Harvey Weinstein, Hollywood, Produzent, Sexuell Iwwergrëff, Vergewaltegung
Next post Previous post