Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooldislikelaughing
D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress
Angry Cry International Neiegkeeten

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser

Polen: Lech Walesa och géint de Regime
Angry Cry International Neiegkeeten

Polen: Lech Walesa och géint de Regime

De Lech Walesa – historesche Chef vun der polnescher Gewerkschaft

crying
Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?
Angry Cry International Neiegkeeten

Wéi gesäit d‘Zukunft vun den Diddelenger Siderurgisten aus?

A gutt 14 Deeg soll feststoen, wien de Site vun

angrycrying

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett

D’Haus vum Horror a Kalifornien: 13 Geschwëster agespaart an ugekett

13 Geschwëster agespaart, dorënner e Bëbee vun zwee Joer. E Puer vun de Kanner waren a Kette geluecht a vun den Eltere verhongere gelooss ginn. Esou dat éischt Bild, dat sech der Police a Kalifornien gebueden huet, bei der Entdeckung vum „House of Horror“ zu Perris.

D’Koppel ass op der Plaz verhaft an agespaart ginn, muss sech wéinst Folter a an Gefor brénge vu Kanner veräntwerten. Fir de Mann a seng Fra ass jeeweils en Kautioun vu néng Milliounen US-Dollar festgeluecht ginn, war vun der Police aus der Grofschaft vu Riverside matgedeelt ginn.

Gelieft hunn den Dave Turpin (57) a seng Fra Louise (49) zu Perris, zwou Stonne vu Los Angeles ewech. Fir den Ament sollen déi beschëllegt nach net erkläert hunn, firwat verschidde vun de Kanner, a Ketten an der Däischtert op hire Better erëmfonnt gi sinn. Dat alles an engem onbeschreifleche Gestank…

Datt déi Dot konnt opgedeckt ginn, ass enger vun de Schwëstere geschëlt. Déi 17 järeg huet dem „Albdram“ vu senge Gesëschter en Enn bereet. Him war et um Sonndegmuere gelongen sech duerch d’Bascht maachen an den 911, vun engem Handy dat et am Haus fonnt hat, unzeruffen.

Am Communiqué vun der Police gëtt déi jonk Fra als „e bëssi gouereg“ beschriwwen an hätt den Androck gemaach eréischt zéng Joer al ze sinn. Si huet dunn uginn, datt „seng 12 Bridder a Schwësteren am Haus festgehale ginn, an datt der mat Ketten a Schlässer ugestréckt wieren“.

Wéi d’Police op der Plaz ukomm ass, huet si am éischten Ament geduecht, datt déi 12 Persounen, déi si op am Haus virfonnt huet – ënnererniert a extrem knaschteg – all mannerjäreg wieren. Si sollte séier feststellen, datt ënnert hinne siwen Erwuessener am Alter vun 18 bis 29 waren. Dat jéngst war grad emol zwee Joer al.

„D’Mamm ass frou mat mir“

Um Internetsite vum Schoul-Service gëtt den David Turpin als Direkter vun enger Privatschoul zu Perris, der Sandcastle Day School, beschriwwen. D’Etablissement ass bei hinnen opgelëscht, an et war ernimmt, datt d’Schoul 2011 opgemaach huet. D’Adresse, an enger rezenter Siidlung, ass identesch mat der Adress vun den Turpin.

Laut der Los Angeles Times, déi sech op ëffentlech Register berifft, géif d’Famill zanter 2010 op dëser Adress wunnen. Si hätte virdrun am Texas gewunnt an hätten zwou Faillitten hannert sech.

Op enger Facebooksäit, déi ënnert den Numm David-Louise Turpin gefouert gëtt, gesäit een d’Koppel, – vun där d’Police Fotoen no hirer Verhaftung verëffentlecht huet – bei enger Zeremonie déi eng Hochzäit kéint sinn.

D’Louise Turpin gesäit do an engem laange wäisse Rack, hire Mann an engem Costume, an si sinn ëmgi vun 13 Persounen déi all wéi Kanner oder jonk Erwuessener ausgesinn. D’Meedercher mat laangen, hellbrongen Hoer, déi all dee selwechte mofe Rack mat Karomuster unhunn, ausser dem Bëbee, deen a rosa gekleet war. D’Bouwen haten all de selwechten Hoerschnëtt wéi de Papp.

Ënnert de Fotoen, Opnamen déi d’Koppel beim Tosch vun de Réng weisen, virun engem Mann deen als Elvis verkleet a mat engem Mikro an de Hand, un déi bekannte „Kitsch-Hochzäiten“ vu Las Vegas erënnert.

Am Biller-Portfolio deen op der Facebooksäit anzegesinn ass, gesäit een d’Famill bei enger anerer Hochzäit oder engem Hochzäitsdag, alleguerte mat der selwechter Kleedung an dem selwechten Elvis-Avatar, mee eppes méi jonk, am Joer 2013. De Bëbee war nach net gebuer…

Op anere Biller déi vun 2010 bis 2016 datéiert sinn, weisen d’Koppel, ëmgi vun all de Kanner. Se sinn ze gesi wéi se laachen, Jeans an T-Shirten unhunn. Op engem Bild ass dann och de Bëbee an den Äerm vu senger Mamm ze gesinn, mat engem T-Shirt wourop ze liesen ass „D’Mamm ass frou mat mir“.

D’Cover-Foto, déi am Abrëll 2016 verëffentlecht ginn ass, weist déi 13 Kanner mat hiren Eltere, all mat engem „gléckleche“ Laachen am Gesiicht. Si hunn alleguerten dee selwechte rouden T-Shirt un. Op deene sinn Nummeren… Nummeren déi se schénge vum eelste bis zum jéngsten ze klasséieren. Et ass ze liesen „thing 3“, „thing 5“ oder och „thing 12“.

Do war eng louche

Eng Nopesch, d’Kimberly Milligan, huet der Los Angeles Times uvertraut, datt villes bei dëser Famill komesch war: d’Kanner waren ëmmer extrem bleech. „Si haten de Bléck vun deenen déi sech wëllen onsiichtbar maachen. Si sinn ni eraus spille komm, wou se dach awer zu enger Hickegt waren“.

„Ech hu mer gesot dat si doheem ënnerriicht ginn“, wat an den USA geleefeg ass, esou d’Kimberly. „et huet ee gespuert datt eng louche war, mee et wëll ee jo net schlecht vun aner Leit denken“.

Haut, nodeems alles opgedeckt ginn ass, fillt sech d’Fra schëlleg an eng Fro beschäftegt déi ganz Welt: „Wéi kann et sinn, datt keen eppes gesinn huet?“.

Dës nei „Affär“, déi vun alle Medien opgegraff ginn ass, erënnert un aner Fäll déi et zu enger traureger Bekanntheet bruecht hunn.

Esou hat den Ariel Castro, e Buschauffer ouni Schaff, dräi jonk Meedercher gefaange gemaach an se iwwer zéng Joer a sengem Haus vu Cleveland vergewaltegt. Hie konnt am Mee 2013 verhaft ginn, nodeems eent vun de Meedercher geflücht war.

2009 war d’Jaycee Dugard (29) am Gaart vun engem Haus aus der Géigend vu San Francisco opfonnt ginn. D’Fra war vun enger Koppel 18 Joer laang sequestréiert ginn, an hat zwee Kanner vun hirem Entféierer gebuer.

An da war do nach de Fall vum Natascha Kampusch, dee ganz Europa opbruecht hat. Si war an Éisträich am Joer 2006 opfonnt ginn, wéi si am Alter vun 18 Joer duerch d’Stroosse vu Wien geiert ass, nodeems si hirem Entféierer konnt entwëschen, deen déi jonk Fra aacht Joer an engem Keller agespaart hat.

mam Bill Wechter/AFP

Foto: Op 160 Muir Woods Road zu Perris (Kalifornien) huet d’Famill Turpin „gewunnt“. Säit bekannt ginn ass, wat sech do ofgespillt huet, gëtt d’Haus vun de Medie belagert. © BillWechter/AFP

Ähnlech Sujeten Horror, Kalifornien, Kanner, Sequestratioun, Turpin, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel