Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rakéiten um perseschen Himmel
International Neiegkeeten

Rakéiten um perseschen Himmel

Während sech d‘Staats- a Regierungscheffe vun den „industrialiséierten Natiounen“ zu

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?
International Neiegkeeten

Wéi en Impakt huet de Klimawandel op eis Grondwaasserspäicher?

An der online Zeitung „nature climate change“ huet e Grupp

De Finanzminister strieft nei Aufgaben un
International Neiegkeeten

De Finanzminister strieft nei Aufgaben un

Zanter 14 Deeg ass gewosst, datt den aktuelle President vum

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“

Déi a Kalifornien verhafte Koppel David a Louise Turpin, hunn sech en Donneschdeg viru Geriicht zu allen Punkte vun der Uklo als „Net Schëlleg“ bekannt. Si kréien ënner anerem Folter a Sequestratioun virgeworf.

„Dat wat als Noléissegkeet ugefaangen huet, ass mat brutaalster Mësshandlung op en Enn gaangen“, esou d‘Deklaratioun vum Mike Hestrin, Procureur vun der Grofschaft Riverside. Deen hat um Donneschdegmueren d‘Punkte virgeluecht déi fir d‘Uklo, géint déi um Méindegowend verhafte Koppel ugefouert ginn.

Wéi déi ee puer Stonne méi Spéit dem Riichter virgefouert gi sinn, hu se hir Schold bestridden. Déi nächst Verhandlung ass op den 23. Februar festgeluecht ginn.

Den Däiwel huet vill Gesiichter

D‘Kanner am Alter tëscht 2 an 29 Joer waren an engem erbäermlechen Zoustand am Haus opfonnt ginn. Veschiddener vun hinne ware carrement mat Ketten un hiert Bett „gefesselt“ ginn. Et ass allerdéngs bemierkt ginn, datt de Bëbee vun 2 Joer net mësshandelt an uerdentlech geniert gi wier. Opgeflunn ass d‘Affär, nodeems eent vun de Meedercher konnt fortlafen an d‘Police geruff huet.

Am ganze sinn géint d‘Elteren 12 Uklo-Punkten zréckbehale ginn. 12 mol gëtt den Tatbestand vun der Folter, siwe mol ass et d‘Mësshandlung vun engem „Erwuessenen“, a sechs mol d‘Mësshandlung an Noléissegkeet géintiwwer mannerjäregen, déi dem David (57) an dem Louise Turpin (49) virgeworf ginn.

Géint de Papp besteet dann och de Virworf vun der „Obszönitéit“ géintiwwer engem Kand ënner 14 Joer, mam Tatbestand vun der Uwennung vu Gewalt, Bedreeung oder Zwang. De Procureur huet hei betount, datt et ëm d‘Aart a Weis geet, wéi den Davis Turpin säi Meedchen ugestréckt huet.

„Et si besonnesch schlëmm emotionell a physesch Mësshandlungen (…) eng perverst Behuelen, déi de Kanner ugedoe gi sinn“, esou de Mike Hestrin. „D‘Enquête ass nach net ofgeschloss“, esou de Procureur, deen drop higewisen huet, datt nach weider Uklo-Punkte kéinten derbäi kommen.

Esou e Leed kann ee sech net virstellen

Alles wat an der Uklo ugefouert gëtt, bezitt sech op presuméiert Faiten zanter 2010. Sollten all déi vum Procureur ugefouert „Verbriechen“ vum Geriicht berécksiichtegt ginn, mussen d‘Eltere mat enger Prisongsstrof vu 94 Joer bis Liewenslänglech rechnen.

De Mike Hestrin huet bei der Pressekonferenz drop higewisen, datt d‘Gesëschter „säit zwee Joer d‘Flucht virbereet hunn“.

Wéi d‘Agente vum Sheriffbüro op der Plaz ukomm sinn, huet sech hinnen en onbeschreiflech gräisslecht Bild ugebueden. Dräi Kanner ware mat Ketten, déi vun engem Schlass zousätzlech geséchert waren, un hir Better gefesselt ginn. Dat ganzt an engem typeschen amerikaneschem Virstadhaus wou nach just d‘Fassade e friddlechen Androck gemaach huet.

Bannent de Maueren awer hunn d‘Polizisten eenzeg den Horror entdeckt. Laut dem Zoustand vum Haus, muss een dovunner ausgoen, datt d‘Kanner (vun deenen der siwen iwwer 18 Joer al sinn) „nach net emol vun hire Kette befreit gi sinn, fir op d‘Toilette ze goen“, esou de Procureur, deen der Press et erspuert huet de Geroch am Haus ze beschreiwen.

Horror
Den David an d‘Louise Turpin bei der Geriichtsverhandlung a Begleedung vun hiren Affekoten. Si sinn sech kenger Schold bewosst. Den nächste Rendez-vous mam Riichter huet d‘Koppel den 23. Februar. Si Riskéieren eng Prisongsstrof vu 94 Joer bis zu Liewenslänglech. © Gina Ferazzi/AFP

Laut dem Mike Hestrin huet „d‘Mësshandlung als Bestrofung ugefaangen, mee sech da rapid als Folter ausgewisen“, wéi d‘Famill nach onwäit vu Forth Worth am Texas gewunnt huet. Et wier esou weider gaangen, wéi d‘Famill op Murietta a Kalifornien geplënnert ass (2010) an hätt säin trauregen Héichpunkt zu Perris ab 2014 erreecht. Ofgesinn, datt se ugekett gi wieren, hätt et och Schléi ginn.

Emol d‘Joer duerften se eng Dusch huelen

Zur Zäit, wou d‘Famill nach am Texas gewunnt huet, hätten d‘Eltere „separat“ gelieft an de Kanner d‘Iessen „dohinner gestallt“. D‘Kanner wäre „no engem strikte Plang, ganz wéineg erniert ginn“, méi wéi emol Duschen am Joer war net dran, an et schéngt erwisen, datt keent vun de Kanner en Haus- oder Zänndokter an de leschte véier zu Gesiicht kritt huet.

E puer vun de Kanner leiden dann och ënnert engem sougenannte „kognitiven Defizit“ a Schiedegunge vum Nervesystem, wat mat der schlechter Ernärung an Zesummenhang bruecht gëtt. Esou huet en zwielefjäregt Kand d‘Gewiicht vun engem siwejäregen. Dat eelst, ëmmerhi schonn 29 Joer al, weit grad emol 37 Kilo, erkläert de Procureur, deen da preziséiert datt Kanner „erléist“ sinn an alleguerten an engem Spidol behandelt ginn.

De Mike Hestrin huet dann nach drop missen hiweisen, datt keent vun de Kanner Zougang zu Spillsaachen hat, woubäi der e sëllechen an hirer Originalverpakung am Haus – wat elo als „House of Horror“ traureg Bekanntheet erlaangt huet – opfonnt goufen. Laut der Police ass awer, éischten Erkenntnesser no, keent vun de Kanner sexuell mëssbraucht ginn.

Dat eegent Fleesch a Blutt

Nach ëmmer laut dem Procureur, schéngt erwisen, datt den David an d‘Louise Turpin och déi leiflech Eltere vun den 13 Kanner sinn. D‘Police huet hirersäits bestätegt, datt d‘Famill deklaréiert hat d‘Kanner doheem ze enseignéieren, wat an den USA geleefeg ass. Si haten hiert Haus dann och nach als Schoul-Etablissement ugemellt.

Elo ergëtt et sech awer, datt d‘Elteren datt mat der „Bildung“ net kënnen eescht gemengt hunn. Déi meeschte Kanner loossen erfuerderlech Grondkenntnesser vermëssen. Esou wëssen se net wat e Polizist oder Medikamenter sinn. Si konnten allerdéngs liesen a schreiwen, an hunn Tagebicher ugeluecht. D‘Enquêteuren hunn honnerten Hefter agesammelt.

De Mike Hestrin betount dann och, datt dës Schrëften „staark Beweismëttel sinn, an detailléiert Informatiounen zu deem liwweren, wat sech am Haus zougedroen huet“. Hien huet dann och nach ze verstoe ginn, datt hien net wäert labber loosse bis och déi leschte Fro beäntwert ass.

mam Javier Tovar an dem Elodie Mazein/AFP

Foto: De Procureur vum „Riverside County District“ Mike Hestrin, huet éischt Erkenntnesser zum Haus vum Horror an enger Pressekonferenz virgeluecht. Déi Beschëllegt sinn am fréien Nomëtteg dem Riichter virgefouert ginn, wou se op „net Schëlleg“ plaidéiert hunn. © Frederic J. Brown/AFP

Ähnlech Sujeten Horror, Kalifornien, Kanner, Sequestratioun, Turpin, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel