Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn
speed dating winnipeg 2017 Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-a-separated-man-forums/

Am Kader vun enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur

pua online dating products
speed dating winnipeg 2017 Neiegkeeten

Dissens tëscht Warschau a Jerusalem

Datt déi ultrakonservativ Regierung, oder villméi d‘Politiker vun der rietspopulistescher

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend
speed dating winnipeg 2017 Neiegkeeten

D’Deckkäpp am Préizerdaul – mat Witz, Humor a Muskelkater an de Laachmuskelen duerch den Owend

Et huet een d’Leit bis eraus laachen héieren. A wien

money

D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire

Wann Amerikaner der Welt eppes guddes undinn, muss et en Hoke ginn

D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire

Viru 25 Joer gouf se zu Washington gegrënnt, déi „Social Performance Task Force“ (SPTF) déi sech elo als SPTF-Europe Asbl am Haus vun der Mikrofinanz, an der Glesener-Strooss néiergelooss huet an elo zum „Vollzäitacteur“ vun der Finanzplaz Lëtzebuerg gëtt.

An eis Finanzplaz, déi ronn 60% vun den Aktiva aus dem Mikrofinanzsecteur geréiert, war dann och predestinéiert fir d‘Asbl SPTFE opzehuelen. Fir déi amerikanesch „non-Profit Organisatioun“ wierdeg ze empfänken, haten sech de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP) an d‘Ministesch fir Kooperatioun an Entwécklung, Paulette Lenert (LSAP) dem offiziellen „Empfang“ ugeschloss.

Fir de Finanzminister sinn d‘Mikrofinanz an déi sougenannten „inklusiv Finanz“ um beschte Wee ee vun de Piliere vun der Finanzplaz ze ginn. Et gëtt allerdéngs och alles gemaach fir dës Acteuren op Lëtzebuerg ze lackelen. Eng proaktiv ëffentlech Aktioun, an eng entspriechend Legislatioun maachen dat méiglech. Net ze vergiessen, datt och Bréissel un dësem Secteur interesséiert ass.

Mam „Rosa-Brëll“ gesäit ee besser

D‘Paulette Lenert huet drun erënnert, datt et der aktueller Regierung en Uleies ass, d‘Kooperatioun mat der „nohalteger“ Finanz ze verbannen. Schonn am September 2018 ass déi nei Strategie op de Wee bruecht ginn. Sënn an Zweck vun der Strategie? E positive sozialen an ëmwelttechneschen Impakt schafen. Béid Ministèren hunn dann och aktiv d‘Erëffnung vum SPTFE-Büro ënnerstëtzt.

Mikrofinanz

De Finanzminister Pierre Gramegna begréisst d‘Erëffnung vum SPTFE-Büro am Haus vun der Mikrofinanz. D‘Mikrofinanz, op sozial oder inklusiv, ass ee vun de Piliere vun der Finanzplaz. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir d‘Ministesch war et selbstverständlech ze betounen: „Déi inklusiv Finanz ass e probat Mëttel fir am Kampf géint d‘Aarmut virunzekommen“. Domatter gëtt sech op d‘Aktivitéite vun der SPTF bezunn, déi ganz aktiv an de sougenannten „Entwécklungslänner“ ass. Si huet och drop higewisen, datt déi ëffentlech Subventiounen net duer ginn, fir nohalteg an d‘Entwécklung ze investéieren.

Dobäi gëtt séier iwwersinn, datt och wann d‘SPTFE eng „Asbl“ ass, d‘Zesummenaarbecht mat de concernéierte Ministèren, den Tatbestand vum „Public Private Partnership“ erfëllt. An Asbl hin oder hir, Privatinvestisseuren erwaarden e Retour op d‘Investissementer déi se tätegen. Dat ganzt sollt ee mat Virsiicht genéissen, och wann ee fir d‘Euphorie vum Paulette Lenert Versteesdemech huet.

U Projete feelt et net

Interessant ass dann nach d‘Informatioun, datt de Ministère fir Kooperatioun an Entwécklung, scho virun engem Joer e gemeinsame Projet a Südostasien lancéiert huet. Do geet et drëms déi lokal Mikrofinanzinstitutiounen an der Gestioun vun hirer sozialer Performance ze ënnerstëtzen. Detailer zum Projet gouf et keng, an d‘Informatiounen um Site vu SPTF si leider wéineg opschlossräich.

Dofir huet d‘Laura Foose, CEO vu SPTF, e puer Präzisioune ginn: d‘Organisatioun ëmfaasst iwwer 3.000 Memberen an 127 Länner, an hir Aarbecht géif derzou bäidroen eng „Kultur vun der verantwortlecher Finanzindustrie“ ze schafen an ze erhalen. Domatter gëtt zumindest emol bestätegt datt et bis ewell a punkto „Verantwortung“ net ganz wäit hie ka gewiescht sinn.

Fir den Direkter vu SPTFE, Jürgen Hammer geet et net ëm Polemik, mee ëm d‘Ëmsetzung vun den Objektiver. De Büro an der Glesener-Strooss soll déi zu Lëtzebuerg néiergeloossen Acteure vun der Mikrofinanz ënnerstëtzen, an d‘Zesummenaarbecht mat den Investisseuren a Gestionnaire vun den Aktiva stäerken. Ënnerstëtzt gëtt SPTFE mat 760.000 Euro/Joer, déi sech béid Ministèren deelen.

Foto: (vl.n.r.) Jürgen Hammer, Direkter SPTFE Asbl; Paulette Lenert, Ministesch fir Kooperatioun an Entwécklung; Pierre Gramegna, Finanzminister; Laure Foose; CEO-SPTF © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Haus vun der Mikrofinanz, House of Micro Finance, Jürgen Hammer, Laura Foose, Mikrofinanz, Paulette Lenert, Pierre Gramegna, SPTF, SPTF-Europe
Nächsten Artikel Virrechten Artikel