Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt
Kultur Neiegkeeten

Iranesche President vun der Jugend erëmgewielt

Um Samschdeg gouf de moderéierte President Hassan Rouhani mat enger däitlecher

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?

Halloween réckelt mi no, a vill Leit notzen d’Zäit, fir mat

25. Joer Haus vun der Natur – Feiere mat Kuch a super Aktivitéiten!
Kultur Neiegkeeten

25. Joer Haus vun der Natur – Feiere mat Kuch a super Aktivitéiten!

Fir de 25. Gebuertsdag vum Haus vun der Natur gitt

Haus vun der Natur: Verkafsoppene Samschdeg an eng nei Ausstellung

Haus vun der Natur: Verkafsoppene Samschdeg an eng nei Ausstellung

Um Samschde, den 30. November ass de Shop natur am Haus vun der Natur ausnamsweis vun 10:00 bis 17:30 Auer op. Sidd Dir nach op der Sich no engem Chrëschtdagscadeau fir Naturfrënn, da sidd Dir hei un der richteger Adress!

Nieft enger Signéierstonn vun den Auteure Laurent Schley a Jan Herr fir hir franséischt Wierk Les mammifères du Luxembourg, kann een dem Kënschtler Johan de Crem ab 14 Auer live beim Zeechnen nokucken. Bis de 14. Dezember stell hien seng neiste Wierker an de Raimlechkeeten op der Kockelscheier aus. D’Visiteure kënnen déi ganz Woch (och Weekends) vu 14:00 bis 17:30 Auer laanscht kommen, d’Expo besichen an den Artist kenneléieren.

Fir Lëtzebuerg ass de Johan de Crem keen Onbekannten. A reegelméissegen Ofstänn organiséiert den Naturzeechner Ausstellungen. Als Wildlife Painter a leidenschaftlechen Ornitholog huet hie sech virun allem op Vulle spezialiséiert. Seng Léift zum Detail spigelt sech dobäi an all eenzeler Zeechnung erëm.

No sengem Konschtstudium an der Belsch huet den de Crem als éischt an diversen europäesche Länner ausgestallt an ass mëttlerweil weltwäit bekannt. Souguer am Bénézit, enger Enzyklopedie fir erausragend Kënschtler, ass hien opgeholl ginn. Vill Editeuren notzen seng Zeechnungen an zuelräich Wierker sinn an de verschiddenste Muséeën ze gesinn.

Zënter 1002 huet hie ganzer 52 Motiver fir Timberen (Vullen, Mammifèren, Champignonen a Planzen) gezeechent an och natur&ëmwelt huet säin Talent fir Kaarten a Pouster gemotzt.

Ähnlech Sujeten Ausstellung, Haus vun der Natur, Jan Herr, Johan de Crem, Laurent Schley, Les mammifères du Luxembourg, Shop, Verkafsoppene Samschdeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel