Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pipo Peng: Kee Bock
Fail International Neiegkeeten WTF

Pipo Peng: Kee Bock

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Distanz wann ech gelift!
Fail International Neiegkeeten WTF

Distanz wann ech gelift!

Esou lues wot d’Welt nees éischt Schrëtt, fir aus dem

E Plang fir d’Liewensqualitéit
Fail International Neiegkeeten WTF

E Plang fir d’Liewensqualitéit

Lëtzebuerg huet ronn 82% vu senger Fiichtgebidder zanter 1960 verluer.

dislikesurprise

Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht

Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht

Op den Dag genee no engem Joer Trump-Presidentschaft, mussen d‘USA sech wéinst der Haushaltsspär mat enger partieller Schléissung vun hiren Administratiounen ufrënnen. Dat als éischt Konsequenz nom Vott, deen de Budget verworf huet.

Wann et och richteg ass, datt d‘Republikaner mat 51 Mandater d‘Majoritéit hunn, esou brauch et eng Zweedrëttelmajoritéit am Kongress. Dat heescht: et hätt een deen een oder aneren Demokrat missen iwwerzeegen. Dat war allerdéngs eng Optioun déi éierlech gesot esou ni um Dësch geleeën huet, och well se den US-President domatter schéin an d‘Bredouille bréngen.

Ab haut de Moie fënnef Auer (mëtteleuropäesch Zäit) ass de „SHUTDOWN“ offiziell. Den éischten zanter 2013, – deen deemools awer nëmme 16 Deeg ugehalen hat, a fir 850.000 Beamte wou net zwéngend gebraucht ginn, de Chômage bedeit huet. Bei dëser nei Oplag sollten sech d‘Beamten awer op ee méi „e laange Congé“ ariichten.

D‘Republikaner sinn aktuell esou wäit ewech vun den Demokrate wéi laang net méi, an och wann d‘Gespréicher a Verhandlunge kuerzfristeg nees wäerten opgeholl ginn, esou ass net vun enger schnelle Eenegung auszegoen. Dat läit dann awer och un de Fuerderungen déi d‘Demokrate stellen, an am republikanesche Lager kaum bis guer keen Zousproch fannen.

Vun den Demokrate steet d‘Fuerderung am Raum, déi 690.000 jonk Migranten, déi als „Dreamers“ bezeechent ginn, ze regulariséieren. Dogéint wiert sech awer de Locataire aus dem Wäissen Haus mat Hänn a Féiss, a bezeechent all Republikaner dee sech fir déi Mënschen asetzt als e Verréider. E Fait dee verdäitlecht, datt et mat „verhandelen“ net eleng gedoen ass.

Vun ee Méindeg un wäert d‘Haushaltsspär am ganze Land ze spiere sinn. Duerch de SHUTDOWN ginn d‘Aktivitéite vu ville federalen Agencen, wéi beispillsweis d‘Steieramt, op de strikte Minimum zréckgefuer. Leedeglech d‘Sécherheetsdéngschter si global vun der Haushaltsspär ausgeholl.Och déi 1,4 Milliounen Zaldote kann ee net heemschécken. Déi „mussen“ onbezuelt weidermaachen.

Déi geniaalsten Iddi daacht näischt wa se vun Idioten ëmgesat gëtt

„Onst Land ass vu Genie geschafe ginn, mee gëtt vun Idiote regéiert“ iergert sech de republikanesche Senateur vu Louisiana, John Kennedy, deen domatter zugläich d‘Ambiance am Kongress an am Senat resuméiert huet.

„Et gesäit schlecht aus“, sot den Donald Trump kuerz virum Vott. Sech bewosst, datt et „géif an d‘Box goen“ huet den US-President sech géint e Weekend – a senger luxuriéiser Residenz – a Florida entscheet an ass da widderwëlleg zu Washington bliwwen. Zu der Saach selwer wollt sech de Milliardär net äusseren, mee déi ganz Welt waart op de presidentiellen Tweet.

A sengem leschten Tweet huet den Donald Trump nach vun enger „exzellenter Stëmmung bei de Virgespréicher“ geschwat, déi hie mam Chef vun den demokratesche Senateure, Chuck Schumer, am Wäissen Haus gefouert huet. Ugesicht dem Ausgang beim Vott, wäert dat wuel den Tatbestand vun enger Noriicht, déi een als „alternative Fakt“ bezeechne muss, erfëllen.

Um Donneschdeg war am Representantenhaus – mat grousser republikanescher Majoritéit – nach fir eng provisoresch Verlängerung vun der Finanzéierung vum Staatsapparat gestëmmt ginn.

Haushaltsspär

„Haut den Owend hunn d‘Demokraten am Senat d‘Politik iwwert déi national Sécherheet gestallt. Mir verhandelen net iwwert de Statut vun illegale Migranten, während d‘Demokraten d‘Bierger, déi sech dem Recht verschriwwen hunn, mat hiren onverantwortleche Fuerderungen als Geisel huelen“, esou d‘Sarah Sanders, dem US-President seng Spriecherin.

Obwuel alles anescht als iwwerzeegt, haten d‘Republikaner hei enger Fuerderung vun den Demokraten entsprach, an enger Prolongatioun vun der Krankeversécherung fir aarm Kanner (CHIP) op sechs Joer zougestëmmt. Dat huet een am Kongress och begréisst, mee huet zu gudder Lescht keen Demokrat iwwerzeegt.

Kernonzéngpëppel an der Dänn an am Schaf*

„Elo brauche mir d‘Demokrate fir datt d‘Finanzéierungsgesetz am Senat ugeholl gëtt, mee si wëllen déi illegal Immigratioun a schwaach Grenzen“ hat den Donald Trump nach am fréie Muere getwittert. Hie beschëllegt dann och schonn zanter Deeg d‘Demokraten, eng systematesch a steril Blockade-Politik ze bedreiwen.

Fakt ass dann awer, datt iwwert den temporäre Budget – dee véierten zanter September – déi republikanesch Majoritéit en definitive Budget 2018 vun honnerte Milliarde wëll unhuelen, deen d‘Militärdepense soll stäipen, esou wéi de Milliardär et a senger Campagne versprach huet. Deen ass jo iwwerzeegt, datt d‘USA no 16 Joer „Dauerkrichszoustand“ mannerbemëttelt ass.

De President vun der Chamber, Paul Ryan (Republikaner) behaapt, datt d‘Demokrate mat hirer Entscheedung d‘Land a seng Beamten als Geisele benotzen. „Den amerikanesche Bierger, a besonnesch d‘Männer a Fraen an Uniform, hu Besseres verdéngt, wéi eng Haushaltsspär déi hir Aarbecht a Fro stellt“.

Fir de Mark Short, parlamentaresche Beroder am Wäissen Haus, wieren d‘Demokraten elo schold „um Doud vu ville Mënschen“. Si hätten sech absichtlech „verschanzt fir d‘Land ze paralyséieren“ wou se dach misste wëssen, datt de Gesetzestext zu den „Dreamers“ nach net prett ass.

Et geet net nëmmen ëm de Budget

Dobäi ass ze bedenken, datt emol ganz ofgesi vum Budget, d‘Parlamentarier och un d‘Wahle vun der Mandats-Hallefzäit denken.

An hei verhält et sech esou, datt d‘Demokraten der Meenung sinn, datt d‘Republikaner, déi all Schalthiewele vun der Muecht am Grapp hunn (Wäisst Haus, Representantenhaus, Senat) fir de „Stëllstand“ verantwortlech gemaach ginn, an ee schwéiere Präis ze bezuelen hunn.

Net anescht d‘Interpretatioun vun de Republikaner, déi natierlech de SHUTDOWN notze wëllen, fir déi demokratesch Senateuren ofzestrofen, déi op en neit Mandat an den zéng Staaten aus sinn, déi den Trump bei der Wal zum US-President op seng Säit konnt zéien.

An engem gemeinsame Sondage vun der Washington Post an dem Sender ABC, deen e Freideg verëffentlecht ginn ass, sinn 48% vun den Amerikaner der Meenung, datt fir de ganze Schlamassel d‘Republikaner verantwortlech sinn. Nëmmen 28% sinn de Usiicht, datt et d‘Demokrate sinn déi Schold hunn.

mam Cyril Julien an dem Jérôme Cartillier/AFP

Foto: De Mick Mulvaney, Direkter vum Managementsbüro an dem Budget, hätt sécherlech léiwer d‘Bee gebrach gehat, wéi sech mussen der Press géinteniwwer ze stellen. D‘Haushaltsspär ass elo awer a Kraaft, an eng kuerzfristeg Léisung ass éischter Ausgeschloss. © Mark Wilson/Getty Images/AFP

* (Nondidjëft)

Ähnlech Sujeten Budget, Demokraten, Haushaltsspär, Republikaner, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel