Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin
International Neiegkeeten

Frankräich: Fra stierft u Kriibs no Transplantatioun vun de Longe vun enger Fëmmerin

Eng Patientin déi u Mukoviszidose (eng zystesch Fibrose) erkrankt ass,

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen

Et war gëschter scho fir déi 14. Kéier, dat bei

Am Frankräich ass scho Wanter
International Neiegkeeten

Am Frankräich ass scho Wanter

300.000 Menage ouni Stroum, iwwert dausend Camionen an honnerten Autoe

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Um haidege Méindeg leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed of an iwwerhëlt en neit Mandat vu 5 Joer. No der Verfassungsreform vum Abrëll 2017, kritt den tierkesche President elo wiesentlech méi Muecht. Wat et bedeit an wourëms et geet, hei en Iwwerbléck:

Erweidert Muecht

De neien Text vun der Verfassung gesäit vir, datt dat essentiellt vun der exekutiver Muecht op de President iwwerdroe gëtt, deen eegestänneg d‘Ministeren ernimmt, dat schonn ab e Méindeg. Hien designéiert dann och een oder méi Vizepresidenten. De Portefeuille vum Premierminister, aktuell vum Binali Yildirim besat, gëtt ganz an endgülteg ofgeschaaft.

Am Kader vun der Reform, ass et och de President, deen direkt oder indirekt, sechs Membere vum Conseil vun der Riichter an de Procureuren (HSK) auswielt. Déi hunn dann den Optrag d‘Personal vun der Justiz ze ernennen oder ze entloossen. D‘Parlament muss der dann nach siwen ernimmen.

Eng verklengert Regierung

Laut engem Video, deen um Twitter-Account vum Recep Tayyip Erdogan während der „Campagne“ verëffentlecht ginn ass, gëtt et an der neier Regierung nëmmen nach 16 Ministèren. Dat waren der bis elo – de Poste vu Premierminister ausgeholl – 26.

Dat bedeit datt eng ganz Rei Ministère fusionéiere mussen. Esou beispillsweis de Ministère fir europäesch Ugeleeënheeten, deen zukünfteg an den Ausseministère integréiert gëtt. An och de Ministère fit Zoll an Handel, gëtt an den erweiderte Wirtschaftsministère agegliddert.

Zousätzlech zu de Ministère, sollt sech d‘Presidence op néng Kommissioune stëtzen. Déi decken esou Beräicher of wéi: Bildung, Wirtschaftspolitik, international Froen a Sécherheet. Aner wichteg Institutioune leie ganz an der Verantwortung vum President: de Geheimdéngscht an déi Reliéis Ugeleeënheeten, déi bis heihinner dem Premierminister ënnerstallt waren.

De Noutstand

Laut der Verfassungsreform, kann den Noutstand ausgeruff ginn, wann et zu engem „erhiewe géint d‘Heemecht“ kënnt, oder bei „Gewaltausbréch, déi d‘Land a Gefor bréngen sech ze deelen“. Et ass dann och de President deen entscheet de Noutstand auszeruffen, iert d‘Fro selwer am Parlament zur Debatte kënnt.

Den Noutstand kann an enger éischter Entscheedung fir maximal sechs Méint agefouert ginn. Eng Verlängerung dierf et all Kéiers nëmme fir véier Méint ginn. Während der Campagne hat de President versprach, nodeems d‘Kandidate vun der Oppositioun et gemaach haten, den aktuellen Noutstand opzehiewen. Dee war a Kraaft, zanter de versichte Putsch am Juli 2016.

D‘Parlament

Interessant ass hei, datt bei de Wahle vum 24. Juni d‘Zuel vun den Deputéierte vu 550 op 600 geklommen ass. Den Alter fir dierfen Deputéierten ze ginn, ass vu 25 op 18 Joer erofgesat ginn. Walen, legislativer a presidentielle, ginn zukünfteg simultan all fënnef Joer ofgehalen, géint all véier Joer wéi bis ewell.

D‘Parlament huet och weiderhin d‘Recht Gesetzer auszeschaffen, ze amendéieren oder ofzeschafen. Et soll him och méiglech sinn d‘Aktioune vum President ze iwwerwaachen, mee dee kann Dekreter erloossen. Dat an alle Beräicher vu senger erweiderter exekutiv Kompetenz.

Et kënnen awer keng Dekreter zu Sujete geholl ginn, déi schonn däitlech vum Gesetz gereegelt sinn. A sollt et zum Fall kommen, datt de President beschëllegt oder verdächtegt gëtt, en Delikt begaangen ze hunn, kann d‘Parlament eng Enquête fuerderen. Dat awer och nëmme wann et am Parlament eng dräi-Fënneftel Majoritéit dofir gëtt.

President bis 2028

De President, deen net méi gehalen ass sech vu senger Partei ze léisen, kann nëmme fir zwee Mandater vu fënnef Joer siegéieren. Am Fall vum Erdogan gëtt net zréckbehalen, datt hie schonn zanter 2014 ënnert dem ale System President ass.

Woubäi ee dierf drun erënneren, datt de Recep Tayyip Erdogan do virdrun, 12 Joer de Poste vum Premierminister besat hat. Et ass dann elo méiglech, datt de 64 järegen Autokrat bis 2028 un der Spëtzt vun der Tierkei steet.

Mat AFP

Foto: Dësen 9. Juli leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed als President vun der Tierkei of, an erhält entspriechend der reforméierter Verfassung déi voll Muecht. Dat och wann an Theorie d‘Parlament nach Méiglechkeeten huet „d‘Handbrems“ ze zéien. © Adem Altan/AFP

Ähnlech Sujeten AKP, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel