Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu Lëtzebuerg ginn et honnerte vu Soen a Legenden! Wéi gutt kenns du se?
Crazy International Neiegkeeten

Zu Lëtzebuerg ginn et honnerte vu Soen a Legenden! Wéi gutt kenns du se?

Jidderee kennt déi grouss Soen, Mythen a Legenden, déi sech

dislike
Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt
Crazy International Neiegkeeten

Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt

Déi westlech Sahara, fréier spuenesch Kolonie, gëtt zum groussen Deel

coolsurprise
Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!
Crazy International Neiegkeeten

Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!

De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier dee gréissten.

tongue

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen

Um Donneschdeg ass no un der Kopp vum Vulkan Kilauea e Krater explodéiert, wouduerch eng riseg Äschewollek an den Himmel gejot ginn ass. De Virfall huet d‘Autoritéiten derzou beweegt, d‘Awunner opzeruffen sech a Sécherheet ze bréngen.

De Vulkanobservatoire vun Hawaii huet matgedeelt, datt d‘Explosioun bannen am Krater Halemaumau, eng Wollek ausgestouss huet, déi eng Héicht vun 9.000 Meter erreecht huet an a Richtung Nordosten ofgedréit ass. D‘Léit déi op dëser „Fluchbunn“ sinn, gi gebieden sech virun den Schwiefeldioxid-Verdonstungen a Sécherheet ze bréngen.

Fir d‘Aviatioun ass den Alarm op rout gesprongen, an iwwert der Regioun sinn Fluchbewegunge verbuede ginn. „Zu all Ament kann d‘Aktivitéit nees ‚explosiv‘ ginn, wat eng Zounam vun der Äscheproduktioun bedeit. Do kann och derzou kommen datt Feststoffer wéi Projektillen ausgeworf ginn“, heet et vum Vulkanobservatoire.

Déi amerikanesch Agence fir Geologie a Seismologie (USGS) huet am spéiden Nomëtteg drop higewisen, datt Reen a liichte Wand bedeiten, datt d‘Wollek iwwert dem Zentrum vum Kilauea wäert zentréiert bleiwen. Iwwert eng weider Entwécklung ass näischt gewosst.

De Bierg lieft

De Kilauea ass ee vun den aktiivste Vulkaner vun der Welt, et een vun de fënnef op der Insel Hawaii, déi gréissten Insel vum Archipel. Hien ass den 3. Mee ausgebrach, wat d‘Evakuatioun vu ronn 2.000 Mënsche mat sech bruecht huet, nodeems Rësser un de Fassade vun Haiser entdeckt gi sinn. Hei waren och d‘Präsenz vun toxesche Gaser festgestallt ginn.

Laut dem Kevin Kushel, en Awunner vun der Insel, konnt een um Donneschdeg d‘Dampsail kilometerwäit gesinn. „Ech war elo grad zu Pahoa“ erzielt de Kevin der AFP „an et ass een an Damp agewéckelten Albdram. Et ass esou wéi ech mer et virgestallt hunn beim Liese vu Berichter iwwer Pompeji“, de anticker italienescher Stad, déi vun den Äsche vum Vesuv geschléckt gouf.

Kilauea

Grondwaasser, dat sech duerch d‘Hëtzt vum Magma regelrecht a Gas verwandelt, stréimt aus alle Rëss. Ongeféierlech ass dat net, well hei am Gas och Schwiefeldioxid kann enthale sinn. © Frederic J. Brown/AFP

Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt déi vulkanesch Aktivitéit e Hiwäis op e gréisseren Ausbroch ass. Ee mat engem Ausmooss vum Vulkanausbroch an der Mëtt vun den 20er Joren. De Kilauea, säit dräi Joerzéngte stänneg a „Beweegung“, gëtt gutt iwwerwaacht. Dat dierft et dann och de Wëssenschaftler erlaben dovunner auszegoen, datt net mat Affer gerechent gëtt.

Alles ënner Kontroll

Déi bedreete Residenz-Zone sinn evakuéiert ginn, an de Süde vun der Insel, do wou de Vulkan ass, wier kaum besidelt. „De Magma befënnt sech tëscht 300 a 400 Meter ënnert de Uewerfläch a kann esou mat Grondwaasser a Kontakt kommen. Waasser datt sech enorm séier erhëtzt, an dann explosiounsaarteg aus dem Buedem fueren“, erkläert de Ken Rubin, vun der Universitéit op Manoa.

Fir de Chef vum Departement fir Geologie a Geophysik ass et dann och nach wichteg drop hinzeweisen, datt Äerdbiewen, déi duerch d‘Bewegunge vum Magma ausgeléist ginn, generell virun esou Ausbréch stattfannen. Den Zoustand wéi en haut festgestallt gëtt, ass ähnlech deem vun 1924. Deemools huet de Vulkanausbroch zwou Wochelaang gedauert.

Säit den éischte groussen Aktivitéiten ugangs Mound, sinn ausser Materialschued – eng 40 Gebaier an Haiser sinn am Lavafloss ënnergaangen – keng besonnesch Virfäll gemellt ginn. D‘Autoritéite sinn dann och zouversiichtlech, datt esou laang wéi sech jiddereen un d‘Uweisungen hält, kengem e Leed geschitt.

mam Jocelyne Zablit/AFP

Foto: Lava entspréngt engem Rass op der Insel Hawaii. De Vulkan Kilauea, dee schonn an den 20er Jore vum leschte Joerhonnert e massiven Ausbroch verursaacht hat, kéint et nach emol versichen. © Frederic J. Brown/AFP

Ähnlech Sujeten Hawaii, Kilauea, Vulkan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    1

  • Angry

    0

  • WTF

    1

  • Crazy

    5

  • Love

    0