Search

You may also like

money
Un asoziale Projete feelt et der POST wierklech net
Stories

Un asoziale Projete feelt et der POST wierklech net

Datt d‘POST, ee private Betrib deen dem Staat gehéiert, et

D’Porte-Ouverte goufen an 9 Lycéeën verluecht!
Stories

D’Porte-Ouverte goufen an 9 Lycéeën verluecht!

Duerch den Dout vu S.A.R. dem Grand-Duc Jean, an der

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter
Stories

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter

Et war de Boris „King of the World“ Johnson „himself“

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt

Fir Leit déi näischt mat Technik um Hutt hunn, sinn et villäicht schonn d’Enkelen oder Bekannter déi eppes besser mam Computer ëmgoe kennen, fir anerer sinn et ominéis Gestallten déi hier Zäit meeschtens virum Computer verbréngen. D’Ried ass vun Hacker oder wuel éischter vun hire Klischeeën, mee wat sinn iwwerhaapt richteg Hacker?

Graff erkläert sinn Hacker, Persounen déi Soft- an/oder Hardware esou veränneren datt sech dës anescht verhält wéi dat vun den Entwéckler virgesi war. A wéi bei esou Villem geet et hei och a verschidde Richtungen: déi wou d‘Sécherheetslächer an allméigleche Systemer ausnotzen an mat hire Fäegkeeten anere Leit schuede wëllen. An et gëtt déi, wou wann se Sécherheetslächer fannen, déi mellen, an näischt vun deem wat erausfonnt gouf, ëffentlech gemaach gëtt.

Datt des staark vereinfacht Definitioun net op all Hacker zoutrëfft, ass genee sou kloer ewéi déi uewe genannte Klischeeën net op all Hacker zoutreffen. A genee dovunner konnt ee sech um „HaxoGreen“ Festival, vum 26. bis den 29. Juli iwwerzeegen. Et war dann och schonn déi sechsten Editioun, déi fréier vum  „Syndikat Hackerspace Luxembourg“ (syn2cat) a vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg, awer elo vun der nei gegrënnter Haxogreen a.s.b.l. organiséiert ginn ass.

D‘Participante ware gutt opgehuewen

Gutt hannerwands um Ginzebierg zu Diddeleng opgehuewen, also eigentlech um Campsite „Belvedere“, haten sech gutt 150 „Informatik-Experten“ aus aller Welt zesummefonnt fir hirer Passioun nozegoen. De Site dee wéi gesot am Bësch geleeën ass, hat dann och de grousse Virdeel, datt een net direkt an der batterer Hëtzt „gehaangen“ huet. D‘Beem hunn de Schied gespent, a wann eng kleng Lëftge geblosen huet, war et direkt genoss.

HaxoGreen

E sougenannten Date-Klo. Hei waren d‘Acces-Points an d‘Switchen ënnerbruecht, fir datt och all Mënsch konnt „online“ bleiwen. © Gilles Schneider/moien.lu

D‘Organisateuren hunn hir Leit dann awer drop opmierksam gemaach sech uerdentlech ze hydratéieren an gutt een op deen aneren opzepassen. E puer Participanten hate mat der Hëtzt iwwerhaapt kee Problem, si haten hir opblosbar Piscine matbruecht. Déi haten dann och direkt zwou Funktiounen: d‘ofkille vun den opgehëtzte Kierper, an – absolut wichteg – den Optrag d‘Gedrénks kal ze halen…

Interessant och de Constat, datt sech de ganze Camp zimlech selbststänneg verhalen huet. Dat an deem Sënn, datt all Mënsch konnt en Atelier oder eng Gespréichsronn zu iergendengem Thema lancéieren. Eenzeg Konditioun: et huet ee säi „Projet“ misse mat Zäiten an der Mëtt vum Camp op enger zimlech eegewëlleger Pinnwand verëffentlechen, respektiv ukënnegen.

Sushi a Computer-Technik, näischt wat sech widdersprécht…

Bei den Atelieren ass et vun Allem ginn. Opfälleg hei: villes hat séier wéineg mat der Technik ze dinn. Et huet Yoga-Course ginn, e Sushi-Atelier war och mat derbäi an – dat kléngt elo verréckt – et huet en zimlech grousse Virtrag zum Thema “Luxembourg’s Past in mining and steelmaking” ginn. Bei de Gespréichsronnen ass et méi ëm d‘Technik gaangen. Hei huet de „Gunstick“, zwou Presentatiounen iwwert “Atari Chiptunes” an “Atari Demo programming” ofgehalen.

Et muss een och drop hiweisen, datt déi wou sech net direkt fir en Atelier oder eng spezifesch Gespréichsronn interesséiert hunn, dofir ganz intensiv un den eegene Projete geschafft hunn. Als Beispill hei eng Grupp aus Däitschland, déi un enger „onendlecher Paangech-Maschinn“ gedoktert hunn. Dat ënnert anerem mat Hëllef vun enger Induktiounsplack an zwou zylinderförmege Panen. Wéi „gäil“ datt ganzt ginn ass, dovunner kann ee sech um Twitteraccount iwwerzeegen.

HaxoGreen

An esou gesäit et dann an engem Date-Klo aus. Net wierklech schéin awer absolut funktionell a (bal) Bommesécher. © Gilles Schneider/moien.lu

Datt bei esou engem Event eng gutt a stabil Internetverbindung ee „must have“ ass, misst een eigentlech net betounen. A wéi „Technik-Freaks“ esou eppes léisen, datt ass einfach fantastesch. Zwou „Dixie“ Toilette sinn dofir eppes „zweckverfriemt“ ginn, well si déi ideal Lagerplaz fir d‘Acces-Points an d‘Switche waren. Domatter stoung enger kabelgebonnener (LAN) an enger kabelfräier (WLAN) näischt méi am Wee.

Wann e bis verstanen huet wéi dat alles funktionéiert

Gutt en Date-Klo, oder och nach zwee dovunner, maachen d‘Gléck eleng net aus. Déi si mat engem Network Operatioun Center (NOC), den eigentleche Verdeelerzenter vum Reseau verbonne ginn.

Vum NOC ass et weider zu enger Riichtantenn gaangen, déi den Datenaustausch iwwert eng weider Antenn um Gebai vun der Luxconnect zu Beetebuerg séchergestallt huet. Luxconnect huet den Datenaustausch via Glasfaser iwwert den Datenzenter zu Biissen un de Provider Root (root.lu) weidergeleet. Eng Illistratioun vum ganze Reseau a vill aner nëtzlech Informatioune fënnt een op www.dashboard.haxogreen.lu.

Am Resumé kann ee festhalen, datt een als „net technesch“ verséiert Persoun um Camp net verluer war. Sécher huet deen een oder aneren eng kleng mat der Pan, mee dofir hëlleft een deem aneren, wann et drëms geet e Problem ze léisen. Um HaxoGreen krut also och dëst Joer jiddereen eng flott Méiglechkeet gebueden sech ze amuséieren an nei Leit kennen ze léieren.

Fir weider Informatiounen:

mam Gilles Schneider

Foto: Mat grousser Sécherheet d‘Häerzstéck vun der Verbindung mat der Baussewelt: den Network Operatioun Center (NOC). © Gilles Schneider/moien.lu

Related topics Chaos Computer Club Lëtzebuerg, Diddeleng, HaxoGreen, syn2cat, Syndikat Hackerspace Luxembourg
Next post Previous post