Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.
Neiegkeeten Sport

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.

De 15. Juli zu Westbury (Long Island, NY) gebuer, huet

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!
Neiegkeeten Sport

USA: Familljen ausenanerrappen, dat geet guer net!

An dat huet elo och den Trump verstanen, deen an

T’ass Schoulrentrée – Passt op d’Kanner op!
Neiegkeeten Sport

T’ass Schoulrentrée – Passt op d’Kanner op!

Déi eng freeë sech, déi aner manner: t’ass Schoulrentrée. Ab

Handball: D‘Spannung héich gehalen

Den HB Miersch 75 huet de Géigner HC Standard déi éischt Halbzeit net a Schach gehale kritt – an zu gudder Lescht gouf et nach eng weider interessant Informatioun

Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu
Handball: D‘Spannung héich gehalen
© Martine de Lagardère / moien.lu

Et war d‘Renconter vun den Opsteiger: Miersch versus Bouneweg, an op béide Säiten dierften sech d‘Fans fir hir respektiv Mannschaften zimmlech déi selwecht Chancen ausgerechent hunn. No der Néierlag géint Diddeleng de leschte Sonndeg, wollten déi Mierscher awer Akzenter setzen.

Allerdéngs war et dem HC Standard vergënnt an der éischter Halbzeit méi Präsenz um Terrain ze weisen. Si hate bei deene Mierscher dat berühmte „Lach“ fonnt. Si hunn hir Ugrëff iwwert d‘Bande geleet, de Ball séier iwwert de Pivot dréine gelooss a waren och déi éischt 20 Minutten eppes méi Treffsécher wéi hir Géigner. Si si verdéngt mat 15-13 an d‘Paus gaangen…

Fir de Mierscher Trainer Ricky Bentz och d‘Geleeënheet seng Männer op déi eegen, mee och op d‘Schwächte vum Standard hinzeweisen, deem seng Strategie eppes „offensichtlech“ war. An esou hunn d‘Spiller vum HB Miersch 75 dann och esou lues hir Marke fonnt, an hu séier opgeschloss. Et war dunn ee laange Moment eenegermoossen ausgeglach, mee dat sollt net unhalen.

Miersch© Martine de Lagardère / moien.lu

An esou sinn déi Bouneweger ëmmer méi ënner Drock geroden, wat zu enger liichter Nervositéit an den eegene Reie gesuergt huet. Och dat war en Avantage, deen déi Mierscher Männer sech dankend gegraff hunn. Gutt 10 Minutte viru Schluss war et dunn ee Kapp u Kapp Rennen. Déi Mierscher hu besonne an mat vill Rou den HC Standard a Schach gehalen.

An de leschten zwou Minutten huet et e kuerzen Ament no engem Remis ausgesinn, wat awer elo kee wollt an um leschte Stëppel konnt den HB Miersch 75 d‘Spill u sech räissen. Um Schluss huet d‘Tafel 26-27 zu Gonschte vun de Gäscht ugewisen, an ausser dem Trainer, dierft och de Spiller dës haart erkämpfte Victoire ganz gutt gedoen hunn.

De Kapitän vum HB Miersch 75, Laurent Metzeler, huet no dësem wierklech flotten a spannende Mätsch wuel midd, mee virun allem ganz zefridden ausgesinn. „Et war net ganz einfach, an déi éischt Halbzeit war zimmlech duerchwuess. Mir konnten dunn no der Reprise eist Spill besser op den Terrain bréngen, wat d‘Victoire bruecht huet“.

Miersch huet sech weider verstäerkt

Den HB Miersch 75 huet sech fest virgeholl, dës Saison alles drun ze setzen, fir sech an der AXA League ze etabléieren, en duerchaus ambitionéiert Zil mee net onméiglech. Fir dëst Zil dann och wierklech ze erreechen, setzt de Veräin op de richtege Mix vu jugendlecher Dynamik an Erfarung. Dat erkläert och d‘Verflichtung vun engem neie Spiller.

Ab elo – also wuel och schon Asazbereet fir déi nächst Renconter – zielt den HB Miersch 75 den gutt bekannte Griich Alexandros Vasilakis (41) dee vum HB Esch iwwerholl ginn ass. Hien ass, trotz sengem – fir ee Sportler – héijen Alter eng „Handball-Referenz“. Hie huet seng Carrière bei Doukas Athen ugefaangen an ab 2003 an Däitschland gespillt.

MierschDen Alexandros Vasilakis(r) mam Veräinspresident Loïc Didelot. Elo geet et drëms ze kucke wéi séier sech den ex-Escher an d‘Ekipp integréiert kritt, a wou hien Akzenter ka setzen. Et ass jiddefalls een, op deen sech déi aner Ekippe wäerte mussen astellen. © Martine de Lagardère / HB Miersch 75

Beim HSG Düsseldorf hat hien sech an der Saison 2006/7 als treffsécherste Spiller vun der ganzer Bundesliga ervirgedoen. No Däitschland huet den Alexandros Vasilakis am Frankräich Statioun gemaach iert hien sech vum kataresche Veräin al-Quiyada verflichte gelooss huet. Duerno goung et nach fir eng Saison bei eis däitsch Noperen.

2016 dunn ass de Griich endlech zu Lëtzebuerg ukomm, wou hie vum HB Esch verflicht konnt ginn. Hien huet der Ekipp vill gutt Déngschter geleescht an huet och verdéngt mat senger Ekipp 2017 an 2019 den Doublé (Championnat & Coupe) geholl. Zu Miersch wëll de frëndleche Griich dann och beim Encadrement vun de Jugendekippe mat upaken.

Mat senger Erfarung, mee virun allem sengem oppenen Häerz, ass hien eng richteg Beräicherung, a besonnesch déi vill jonk Spiller wäerten dovunner profitéieren. Natierlech huet déi éischt Ekipp elo emol Virrang. Et wäert wuel en Ament brauche bis hie sech ganz an d‘Spill wäert integréiert hunn, mee zu Miersch sinn se do ganz zouversiichtlech.

Fotosgalerie: © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Alexandros Vasilakis, AXA League, Handball, HB Miersch 75, HC Standard
Nächsten Artikel Virrechten Artikel