Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner
International Neiegkeeten

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock.

Marvel’s The Defenders, erkläert
International Neiegkeeten

Marvel’s The Defenders, erkläert

Den 18. August geet Marvel’s The Defenders op Netflix online.

Dossier Khashoggi: Ryad verweigert d‘Extraditioun vun den Täter
International Neiegkeeten

Dossier Khashoggi: Ryad verweigert d‘Extraditioun vun den Täter

E Samschdeg huet Saudiarabien d‘Demande vun der Tierkei zréckgewisen, déi

HDZ gewënnt kroatesch Parlamentswahlen

Esou sinn d‘Wënsch vun europäescher Vollekspartei EPP an der EU-Kommissiounspresidentin erfëllt ginn

HDZ gewënnt kroatesch Parlamentswahlen

D‘Partei vum regéierende Ministerpresident ass no der no der Auszielung vun iwwer 90% vun de Mandater déi stäerkste politesch Kraaft a Kroatien, huet awer déi absolutt Majoritéit verpasst a brauch e Koalitiounspartner fir eng Regierung op d‘Been ze stellen.

Bei de Parlamentswahlen a Kroatien kënnt déi vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ënnerstëtzen HDZ (Kroatesch Demokratesch Gemeinschaft) op 70 Mandater. Dat „Mëtt-lénks“ Bündnis vun de Sozialdemokrate kritt 42 Mandater an dierft domadder d‘Oppositioun leeden. Als drëtten am Bond: déi rietsnationalistesch Heemeschtsbeweegung „Misroslav Skoro‘s Domovinski pokret“ mat 16 Mandater.

HDZ

Liicht Verännerunge sinn nach theoretesch méiglech, mee op d‘Gesamtsituatioun wäert dat kaum en Afloss hunn. Am Lager vum alen an neie Ministerpresident Andrej Plenkovic, huet ee sech zu spéider Stonn dann awer iwwert dës kloer Victoire gefreet. Kuerz viru Mëtternuecht huet de 50 järege Regierungschef de Mikro ergraff a sengen Unhänger fir hir Ënnerstëtzung Merci gesot an si gläichzäiteg op schwiereg Zäiten higewisen.

Kroatien ass en vun den am häertste betraffene Länner, bezunn op déi wirtschaftlech Auswierkunge vun der Covid19-Pandemie. Virsiichtegen Aschätzungen no, wäert d‘Wirtschaftsleeschtung am Land ëm 10% abriechen. Besonnesch den Tourismussecteur muss sech op en Ausfall vu bis zu 70% astellen. D‘Chômagezuele klamme bedreelech an et sinn nees besonnesch déi Jonk an d‘Fraen, déi heivunner betraff sinn.

Richteg Strategie

Eigentlech hätten d‘Parlamentswahlen am Hiecht solle stattfannen, mee den Andrej Plenkovic hat se virgezunn an dës „Strategie“ huet sech ausbezuelt. Hien huet gëschter dozou gemengt: „Eis Victoire ass grouss, mee dës Victoire verflicht eis ëmsou méi. Mir hunn ee schwéiert Mandat hannert eis, mee d‘Erausfuerderungen, déi op eis waarde sinn nach méi grouss“. Et géif also vill vun der HDZ erwaart, an deem muss ee gerecht ginn.

Bei der „Restart Coalition“ vun de Sozialdemokraten (SDP) war d‘Enttäuschung an de Gesiichter ofzeliesen. Si waren unhand de Sondage vun engem „enke“ Resultat ausgaangen, mee dat ass net agetrueden. De SDP-Parteichef Davor Bernadic, gesäit sech an der Verantwortung, bezunn op dat schlecht Resultat, a wäert um haitege Méindeg am Parteipräsidium doriwwer berode loossen, ob hie soll weidermaachen oder den Zepter weiderreechen.

Den eigentleche Profiteur vun dëse virgezunne Parlamentswahlen ass awer déi rietsnationalistesch Heemeschtsbeweegung vum Sänger Miroslav Skoro. Déi hat sech scho virun de Wahlen als méigleche Koalitiounspartner ugebueden. Mee och dat lénks-gréng Bündnis „mozemo“ (mir kënnen) zitt mat siwe Mandater an d‘Parlament an. Dat hat an dësem aus fënnef Gruppementer bestoend Bündnis kee fir méiglech gehalen.

Randnotiz:

Datt sech de Grupp vun de Konservativen (EPP) massiv fir déi nëmmen dem Numm no „demokratesch“ HDZ agesat huet, dat kann een hinnen net verdenken. Wou et méi komplizéiert gëtt, ass wann sech d‘EU-Kommissiounspresidentin, déi jo och zur EPP gehéiert, mat enger Ausso an ee Wahlkampf amëscht. Dobäi ass de Beschloss vun der Kommissioun vum 31. Januar 2018 (Verhalenskodex fir d‘Membere vun der EU-Kommissioun 2018/C 65/06) eigentlech däitlech:

HDZ

Fir ee Beitrag „an eegener Saach“ hätt sech d‘Ursula vun der Leyen da schonn awer en aneren Hannergrond dierfen eraussichen, wéi dee wou si fir hir „offiziell“ Kommunikatioune benotzt. Dat wat hei presentéiert gouf, misst als Verstouss verstane ginn.

Artikel 9 Ofsaz 3: „D‘Membere vun der Kommissioun enthalen sech vun allen ëffentlechen Äusserungen an allem Optrëtt am Numm vun enger politescher Partei oder Organisatioun vun de Sozialpartner, deenen si ugehéieren, et sief dann Si wierken als Kandidat oder a soss enger Weis am Aklang mam Ofsaz 2 un enger Wahlcampagne mat. Dat beréiert net d‘Recht vun de Kommissiounsmemberen op perséinlech Meenungsäusserungen. Déi op dës Weis u Wahlcampagne matwierkende Kommissiounsmembere verflichten sech, wärend der Campagne keng Haltung anzehuelen, déi mat der Vertraulechkeetsflicht oder dem Kollegialitéitsprinzip net an Aklang steet“.

HDZHire Spriecher, den Eric Mamer, huet an engem Tweet drop higewisen, datt et sech bei dëser Ausso ëm eng kuerz „Tounopnam“ handelt déi mat aneren Opname vun EPP-Memberen zesummegeschnidde ginn ass. „Et war als Beitrag an eegener Eegenschaft geduecht. Leider ass dat net an der endgülteger Versioun vum Video kloergestallt ginn“, esou d‘Erklärung.

mat indymedia/zag/bru

Ähnlech Sujeten HDZ, Kroatien, Parlamentswahlen, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel