Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser
Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der
Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der
Firwat et ëmmer nees déi „ganz gescheiter“ bis hin zu
Genee ee Joer no hirer leschte grousser Manifestatioun, huet d‘CGFP
Scho bal e ganzt Joerzéngt ass et hir, datt sech fënnef Frënn dozou entscheet hunn, zesumme Blues-Cover ze spillen. Et huet net laang gedauert, bis datt och eege Lidder entstane sinn an de Grupp duerch zuelräich Optrëtter e gewësse Bekanntheetsgrad kréie konnt.
Nodeems Heavy Petrol ënnert anerem mat bekannte Gréissten, wéi Brother Dege & The Brotherhood of Blues, dem Ana Popovic oder och em Junior Mack d’Bühn deelen duerft, haten d’Museker am Abrëll 2019 souguer de Privileeg eist Land bei der Final vum European Blues Challenge op den Azoren ze vertrieden. Do ka Lëtzebuerg houfreg drop sinn!
Déi verkaaften Ticketen vun der Release-Show an der Kufa behalen hire Wäert. Aktuell schaffen d’Organisateuren enk mat der Band zesummen, fir d’Presentatioun vun „The last Barrel“ esou schnell wéi méiglech nozehuelen.
An der Tëschenzäit sollt Dir onbedéngt an dat lescht Wierk vum Woody Lunari (Gesang a Mundharmonika), Elise Nunes Richer (Gesang), Dan Kries (Bass), Gigi Felten (Gittar), Konni Troost (Batterie) a Steve Richer (Gittar) eralauschteren: