Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jonk an engagéiert: De Joël Back huet vill Iddie fir Péiteng
https://moien.lu/brooks-alberta-dating-sites/ https://moien.lu/uganda-muslim-dating-sites/

https://moien.lu/zhengzhou-dating/

Fir vill jonk Politiker ass de Wahlkampf 2017 déi éischte

how matchmaking works
https://moien.lu/brooks-alberta-dating-sites/ https://moien.lu/uganda-muslim-dating-sites/

De Pad vun de Fluchthelfer – um 18. August zu Ëlwen

Um Sonndeg, den 18. August begi mir eis op d’Spure

Hueschtert: Entsuergt een esou een Déier?
https://moien.lu/brooks-alberta-dating-sites/ https://moien.lu/uganda-muslim-dating-sites/

Hueschtert: Entsuergt een esou een Déier?

Een opmierksame Lieser huet dës Foto gëschter am Nomëtteg op

Éischt Affer bei mega Heckebränn an Australien

Éischt Affer bei mega Heckebränn an Australien

Monstréis Heckebränn am Oste vun Australien hunn éischt Doudeger ervirbruecht, Mënsche gi vermësst an a verschiddene Regioune sinn d‘Fluchtweeër ofgeschnidden. Esou wéi Kalifornien seng „Feier-Saison“ huet, esou mussen sech och d‘Australier all Joers op riseg Flächebränn astellen.

AustralienBei de Bränn am Oste vun Australien sinn zur Stonn zwou Persounen de Flamen zum Affer gefall, siwe Mënsche gi vermësst. Esou den éischte Bilan, deen d‘Regierungscheffin vum Bundesstaat New South Wales, Gladys Berejiklian, um Samschdegmuere virgeluecht huet. E Spriecher vun de Pompjeeën huet vun honnerten Haiser geschwat déi bis op d‘Grondmaueren ofgebrannt sinn.

AustralienEt goufen iwwer 30 Persoune blesséiert, déi meescht dovunner Pompjeeën oder Sauveteuren. Een Affer haten d‘Pompjeeën am Auto opfonnt. Et huet sech ëm eng Fra gehandelt, déi trotz alle Moossnamen un hire Brandverletzunge verstuerwen ass. Dat mënscheméiglecht géif gemaach, esou d‘Gladys Berejiklian. Ugesiichts dem Ausmooss muss awer mat méi Affer muss gerechent ginn.

AustralienAn et gesäit net aus wéi wann sech d‘Lag géif berouegen. Esou sinn déi lescht Wiederprevisioune wéineg erfreelech. Dat schlëmmst hätt een nach net hannert sech, an déi gutt honnert Heckebränn an de Bundesstaaten New South Wales a Queensland verdeelen sech iwwert eng dausend Kilometer laang Sträif laanscht d‘Ostküst. Fënnef Bränn dovunner bleiwe weiderhin héich geféierlech.

AustralienDe Premierminister vun Australien, Scott Morrison, huet den Ausmooss vun de Flächebränn als extrem beonrouegend bezeechent a rifft d‘Bierger op sech a Sécherheet ze bréngen an den Uweisunge vun de Rettungsdéngschter ze follegen. Dat ass awer och net esou einfach: plazeweis sinn d‘Awunner vun de Fluchtweeër ofgeschnidden an och d‘Pompjee kommen net méi duerch.

Australien„Vill Mënschen hunn no Hëllef geruff, mee wéinst der Gréisst a der Vitesse mat deem sech d‘Feier ausgebreet hunn, war et eis net méiglech zu alle Mënschen ze gelaangen. Net iwwert d‘Stroossen an och mat den Helikopter konnt een all d‘Leit erreechen“, esou de Spriecher vun de Pompjeeën. All d‘Radiosender an d‘Televisiounschaînen an der Regioun hunn hire normale Programm ënnerbrach.

AustralienSi senden Uweisungen, wéi an Haiser oder Gefierer festgesate Bewunner versiche kënnen sech virun de Flamen ze schützen. Den Haaptursaache fir dës Bränn leien an enger ongewéinlech laanger Dréchent déi zu gerénger Loftfiichtegkeet féiert. Héich Temperaturen a staarke Wand droen en iwwregt derzou bäi. De Summer fänkt un an Australien bereet sech op Temperaturrekorder vir.

mat indymedia/mel

Foto: En Androck vun Harrington, enger Stad un der Nordküst vun New South Wales. © Kelly-Ann Oosterbeek

Ähnlech Sujeten Australien, Heckebränn, Klimawandel, New South Wales, Queensland, Wëll-Feier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel