Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Covid19: Regierungsrot wëll de Gesondheetssystem schützen
International Neiegkeeten

Covid19: Regierungsrot wëll de Gesondheetssystem schützen

Een neierleche Lockdown muss aus wirtschaftlech Grënn zwéngend verhënnert ginn,

Schlëmmst Bëschbrandjoer säit dem Ufank vun den Opzeechnungen
International Neiegkeeten

Schlëmmst Bëschbrandjoer säit dem Ufank vun den Opzeechnungen

Gëschter huet déi d’Fuerschungsekipp vun der europäescher Kommissioun de Joresrapport

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur
International Neiegkeeten

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur

Um Méindeg gouf am klenge Krees zu Miersch de neie

Hefteg Onwieder am Süde vu Frankräich

Zwou Persoune ginn no Héichwaasser un der Côte d‘Azur vermësst

Hefteg Onwieder am Süde vu Frankräich

Op der franséischer „Riviera“ ass et no staarken Néierschléi a katastrophalen Onwieder zu zolitten Iwwerschwemmunge komm. Eng ganz Rëtsch Stroossen an Eisebunnsstrecken hu misse gespaart ginn. Zwou Persoune ginn zur Stonn nach vermësst.

Onwieder

Am stäerkste betraff ass den Departement Var. Hei war am Nomëtteg zu Saint-Antonin-du-Var (bei Draguignan) ee Mann vu 77 Joer vun de Flute fortgeschwemmt ginn, Eng weider Persoun gëtt vermësst, nodeems e Rettungsboot mat dräi Pompjeeën an dräi Fräiwëllegen ëmgekippt ass. Hei war e vun de Fräiwëllege vun de Waassermasse matgerappt ginn, a konnt nach net erëmfonnt ginn.

OnwiederD‘Autobunn tëscht Fréjus an Antibes (a Richtung Italien) esou wéi och d‘Eisebunnsstreck huet misse gespaart ginn. Um Fluchhafen zu Nice gëtt et och erhieflech Behënnerungen. D‘Katastroph huet hiren Ulaf e Freideg am Nomëtteg geholl. Et ass scho fir drëtt dëse Mount, datt sech esou eng Wiedersituatioun ergëtt. Dausende Menage hu kee Stroum an d‘Provider stoussen un hir Grenzen.

OnwiederOch fir d‘Pompjeeën ass d‘Gestioun vun den Asätz komplizéiert. E Samschdeg huet tëscht 7 Auer Moies an 19 Auer Owes iwwer 3.000 Noutriff ginn. Et sinn eng 600 Asätz vu 600 Pompjeeë gefuer ginn. 300 Persoune goufen evakuéiert an a Schutzraim ënnerbruecht, eng 20 Persounen hu missen a Sécherheet bruecht an 9 Persounen si mat Helikopter evakuéiert ginn. An et ass nach net eriwwer…

OnwiederEsou besteet zur Stonn nach déi héchsten Alarmstuf. Entspriechend den Donnéeë vu Meteo France sinn op grouss Deeler vum Departement Var an am Osten den Alpes-Maritimes iwwer 200 mm Ree gefall, deels esouguer mat Spëtzte vun iwwer 300 mm. Wéinst de villen Néierschléi iwwert déi lescht Woche kann de Buedem d‘Waasser net méi ophuelen, wat zu den Iwwerschwemmunge féiert.

OnwiederDen Inneministère huet den Awunner eng Rei Consignen un d‘Häerz geluecht. Esou sollen si sech doheem ophalen an nëmmen op Uerder vun den zoustännegen Autoritéiten evakuéieren. Et gëtt insistéiert sech vun de Waasserleef ewech ze halen, net den Auto ze benotzen a sech op engem héije Punkt a Sécherheet ze bréngen. An et gëtt nach weider Reen fir dëse Sonndeg annoncéiert…

mat indymedia/par

Foto: © Sapeurs-pompiers 06

Ähnlech Sujeten Alpes-Maritimes, Côte d'Azur, Iwwerschwemmungen, Klimawandel, Néierschléi, Onwieder, Pompjeeën, Var
Nächsten Artikel Virrechten Artikel