Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Kölle Alaaf!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Kölle Alaaf!

Pünktlech um 11:11 Auer um 11. November feieren an der

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen
Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen

Eis portugisesch Matbierger maachen haut insgesamt 16% vun eiser Populatioun

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält
Neiegkeeten Stories

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält

Op den Dag genau ass et ee Joer, datt d’Greta

Héich Infektiounszuelen si schlecht fir den Tourismus

Vun engem Attest datt een negativ ass, iwwert Quarantainen hinn zu engem Areesverbuet, et gëtt vun allem… Mee et sollt een net alles duerchenaner geheien, firwat ee sech muss eng Iwwersiicht vergënnen.

Héich Infektiounszuelen si schlecht fir den Tourismus

Säit dem Deconfinement mat senge Gesetzer déi kee Mënsch versteet – wann iwwerhaapt een sech déi Texter sollt ugekuckt hunn – an enger schwiereger Kommunikatioun, wou d‘Regierung wuel gemengt huet, datt et de Medien hiren Optrag ass d‘Intentiounen an hirem Sënn ze interpretéieren, klammen d‘Zuele vun den Neiinfektiounen. Nach ass et net dramatesch an awer wierkt et sech aus.

Mee wat ass da genee lass? Iwwert de Beholl brauch een op dëser Plaz kee Wuert méi ze verléieren, dat dierft jo alles bekannt sinn, besser eegent sech hei e Bléck op d‘Zuelen an hir Entwécklung. An der Woch vum 22. op den 28. Juni hat et 146 Neiinfektiounen, vum 29. Juni zum 5. Juli waren et der schonn 289, an zënter leschtem Méindeg leie mir schonn iwwer 250 neie Fäll. Dat ass net gutt…

Et aus ville Grënn net gutt: zum enge gëtt et do Individuen deenen et éischter egal ass an déi wuel Mengen onverwonnbar ze sinn. Zum anere riskéiere mir nees méi streng Restriktiounen, an net nëmme bei eis doheem, mee och wa mir wëllen an d‘Ausland reesen. Eis Noperen an Europa am grousse Ganze kucken sech schliisslech och d‘Zuelen un. An 11 Länner si mir esou net Wëllkomm.

Skandinavien, de Balkan an esouguer Zypern gesinn et zur Stonn kritesch an hu Restriktioune fir d‘Arees ausgeschwat. Laut der Gesondheetsministesch, hätt eis Land mat enger „klenger Well“ ze kämpfen, déi wuel nach net dramatesch ass, mee Froen Opwerft. Ass de Message, dat de Virus nach ëmmer zirkuléiert net bei der Gesellschaft ukomm? Ass et schonn den Ufank vun der zweeter Well?

Béides schéngt d‘Ministesch Paulette Lenert nach auszeschléissen, a si mengt datt een nach 14 Deeg misst ofwaarden, fir sech dozou kënnen ze äusseren. Si ass der Usiicht, datt mir grad derbäi sinn de Präis fir eis Flächendeckend Tester ze bezuelen, wat och nees als Kommunikatioun net kann ziilféierend sinn, zumindest wann een un dësem Programm festhält an d‘Leit matmaache sollen.

Méi Tester ergi folgerichteg méi Infektiounsfäll

Lëtzebuerg test ronn 20 Mol méi Mënschen op Covid19 wéi seng direkt Noperen: ronn 9.600 Tester pro 100.000 Awunner, dat ka soss keen. Et bréngt dann och logescherweis mat sech, datt mir méi wéi all aner Länner, nei positiv Fäll entdecken a Folgerichteg vun deenen „Aneren“ als méigleche Brennpunkt gesi ginn. Wéi sot schon den Trump: „Wat ee manner test, wat et manner Fäll gëtt“.

Esou kann een der Gesondheetsministesch bäistoen, wann si dann elo bedauert, datt et an dësem Fall och eng Fro vun der Interpretatioun vun den Zuelen ass. Wann ee berécksiichtegt, datt eis Nopere jee no Engagement tëscht 500 bis 600 Tester an der Woch maachen, dann hu si folgerichteg och manner Neiinfektioun pro 100.000 Awunner. An och do gëtt sech net besser beholl wéi bei eis.

Dat kann ee veriergeren, ännert am Endeffekt awer näischt dorunner, datt d‘Tester wichteg sinn, grad da wa kee sech un d‘Gest Barrière hält. Familljefester a Partyen, bei deene voll a ganz op alles verzicht gëtt wat engem gerode gëtt, sinn den haaptsächleche Grond hannert den Zuelen, esou zumindest kann een d‘Conclusioune vum Ministère an der Task-Force an engem Saz resuméieren.

Interessant dann och e puer Detailer, bezunn op déi 289 Neiinfektioune vun der leschter Woch. Nëmmen 10% betreffe Frontalieren an den Duerchschnëttsalter ass op 34 Joer gefall. 57% vun dësen Neiinfektioun stinn am Zesummenhang mat identifizéierte Kontakter, also nodeems ee mat enger Covid19 positiver Persoun ze dinn hat. Dat dat eigentlecht, wat ze bedaueren ass.

Bis zu 60 nei Fäll den Dag

Also mengen d‘Leit datt Sécherheetsofstand, eng Mask an Hännwäschen „Kabes“ ass a si souwisou der Regierung net méi gewëllt sinn alles ze gleewen. Déi war jo emol der Usiicht datt d‘Mask net daacht, woubäi et eventuell besser gewiescht wier de Leit ze soen, datt een där net genuch hat an een, bis et der genuch gëtt wéinstens soll de Schal virun d‘Gesiicht hänken. Vertraue schaaft dat net.

Esou ergëtt sech datt een aktuell nees tëscht 30 a 60 Neiinfektiounen den Dag huet, firwat mir ganz onnëtz eis Nopere beonrouegen. Zanter dem 29. Februar hu mir 4.777 Covid19 positiv Mënschen am Land, vun deene 581 Infektiounen aktiv sinn. Als geheelt gëllen 4.086 Persounen. Am Spidol sinn 27 Patienten, dovunner 3 Persounen déi op der Intensivstatioun musse betreit ginn.

Berouegend awer ass de Constat, datt mir „nëmmen“ 110 Stierffäll ze bekloen hunn, eng Zuel déi sech an de Leschte Wochen ze hale schéngt. Mir sinn deemno zumindest medezinesch ganz gutt opgestallt. Säit getest gëtt, si ronn 266.500 Mënschen op de Covid19 getest ginn. Et gëtt also kee Grond seriéis beonrouegt ze ginn, woubäi de beholl vun enger Minoritéit scho beonrouegend ass.

A wärend vill vun eise Kolleegen de Scheinwerfer nach ëmmer op den Enseignement riichten, ass en Educatiounsminister däitlech: „Bis haut gëtt et kee Fall wou erwise wier, datt ee Schüler sech an enger Schoul infizéiert hätt“. Eenzeg an zwee Fäll schéngen et zweiwel ze ginn, esou de Claude Meisch. Et imposéiert sech dofir ee méi genee Bléck op déi aktuell Zuelen ze werfen.

Et ass ëmmer gutt d‘Zuelen a Relatioun ze setzen

Bis gëschter Freideg, waren an der Grondschoul, 20 Etablissementer vun 157 betraff a 15 Klasse sinn ënner Quarantaine gestallt ginn. Am Secondaire hunn 13 vu 37 Lycéeën Infektiounsfäll ze bekloen, 12 Klasse sinn hei an de Confinement geschéckt ginn. Insgesamt si 60 Kanner a 7 Enseignante infizéiert. Bezunn op den éischter „enke“ Kontakt näischt wat beonrouegend ass.

Natierlech ass den Alldag an de betraffene Schoulen eppes op der Kopp, woubäi een nach emol dierf drop hiweisen, datt d‘Kanner – zumindest an der Schoul – sech wäitaus besser ze behuele wësse wéi vill Erwuessener am Alldag, an hei sinn weder d‘Grillparty oder de Besuch doheem gemengt. 60 Schüler aus 6.402 Klassen (ronn 90.000 Schüler) sinn net wierklech e Problem.

Do gëtt ganz aner „Etablissementer“ déi eis alleguerte méi sollten ze denke ginn. Wat hu mir – an de Secteur selwer verständlecherweis och – net eppes gejéimert, datt dach d‘Restauranten an d‘Bistroen nees sollen opmaachen. Ee Wonsch deem d‘Regierung nokomm ass. Si huet eis an de Gestionnaire vun dësen Haiser allerdéngs eng Rei Reegelen operluecht, un déi sech ze halen ass.

Esou ass d‘Policestonn op Mëtternuecht virverluecht ginn an op een eppes ësst oder drénkt, et huet ee sech un en Dësch ze setzen. De Wee zum Pissoir muss ee mat der Mask maachen an och seng Distanze sollt een anhalen. Kléngt einfach… D‘Police muss leider feststellen, datt déi puer Mesure fir vill Mënschen awer weiderhin onverständlech sinn. An hei ass net d‘Kommunikatioun schold…

Illustratioun: Wann dat déi Schëlter sinn, déi mir net wëlle virfanne wa mir e Patt huele wëlle goen, da sollte mir eis vläicht eppes um Rimm rappen. D‘Gefor geet net vun de Kanner an der Schoul aus an och d‘Grenzgänger schéngen sech am Grëff ze hunn. A jo, et ass eng Minoritéit déi tockskäppeg ass. Mee déi kéinte vill derzou bäidroen, datt een nees méi där Schëlter wäert gesinn. © Benedikt Geyer / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Educatiounsminister, Gesondheetsministesch, HORESCA, Infektiounszuelen, Schoulen, Tourismus, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel