Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz
Neiegkeeten

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz

Esou an net anescht misst de Finanzminister Pierre Gramegna et

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung
Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Science Center als féierend europäesch Ariichtung

Den 21 September 2018 huet de Regierungsrot seng Zoustëmmung zum

Syrien: Den Islamesche Staat an der Fal
Neiegkeeten

Syrien: Den Islamesche Staat an der Fal

Agekesselt, sinn Dschihadiste vum IS zu Raqqa haut esou gutt

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima

Haut huet d‘Regierung ugekënnegt, datt et 2020 op der Pompel méi deier wäert ginn

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima

Um Méindegmueren hunn d‘Ministeren Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna (DP) a Claude Turmes (déi gréng) confirméiert, datt d‘Präisser op de Pëtrolsproduite wäerte klammen. Eng noutwenneg Moossnam am Kontext vum erkläerte Wëllen, d‘Klimaziler déi ee sech gesat huet, wierklech ze erreechen. Beim Diesel sinn dat tëscht 3 bis 5 Cent, beim Bensin 1 bis 3 Cent.

D‘Accisen ze erhéijen, dat wier deen éierlechste Wee de Klimaplang fir Lëtzebuerg ëmzesetzen. Wéi dat elo mat de Modalitéite gehandhaabt wäert ginn, datt konnten d‘Ministeren net soen, d‘Hausse ass jo eréischt fir den Zäitraum tëscht Februar an Abrëll virgesinn. Elo hat dëst Joer schonn am Mee eng Hausse ginn, ouni dat de Verkaf vu Pëtrolsproduiten zréckgaange wier.

Fir de Finanzminister ass eng Hausse vun den Accisen e wichtegt Signal, schliisslech ass den Transport fir zweedrëttel vun den CO²-Emissioune verantwortlech. Deem Stëmmt de Claude Turmes, Energieminister, zou. Et wier dat eng ganz gutt Mesure fir de Klima ze schützen, wat erméigleche kann, datt Lëtzebuerg seng am Klimaplang festgeluechten Ziler erreeche kann.

Pëtrolspräisser

(v.l.n.r.) Dan Kersch, Aarbechtsminister; Pierre Gramegna, Finanzminister; Claude Turmes, Energieminister. © MFIN

Schonn elo ass den Diesel zu Lëtzebuerg méi deier wéi an der Belsch. D‘Differenz tëscht de Präisser an Däitschland a Frankräich, dierft och méi kleng ginn. D‘Erhéijung vun den Accise bréngt keng Changementer fir de Budget, esou de Finanzminister, deen der Usiicht ass, datt d‘Venten dann och zréckginn. Fir 2019 ginn d‘Accisen op d‘Pëtrolsproduiten, mat 959 Milliounen Euro uginn.

Géintiwwer dësem System gëtt et allerdéngs och Kritik. Esou gëtt ugefouert, datt wann den Diesel anerwäerts méi bëlleg ass, dëse jo awer verbraucht gëtt, an esou eigentlech nëmmen „Eis Wäerter“ a Punkto CO²-Emissioune besser ginn, den Ausstouss selwer awer net ëm 1 Gramm reduzéiert ginn ass. Zudeem géifen iwwert dëse Wee alt nees nëmmen déi „besser gestalten“ gutt ewech kommen.

Aner Leit versichen d‘Relatioun tëscht enger Erhéijung vun den Accisen ëm ee puer Cent an der Verréngerung vun den CO²-Emissiounen ze verstoen. Gewësse Patronatsverbänn fäerten datt sech dës Hausse indirekt op den Index auswierke kéint, wat nees hir Kompetitivitéit um Weltmaart béis a Gefor brénge kann. D‘Jugend hirersäits mécht grad Vakanz, an huet dozou nach keng Meenung.

Foto: chapay / Pixabay

Ähnlech Sujeten Accisen, Bensin, Diesel, Klimagesetz, Klimaplang, Klimawandel, Pëtrolspräisser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel