Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion
Neiegkeeten

EU-Parlament beschléisst Emissiounsnorme fir Bus a Camion

E Mëttwoch, huet dat europäescht Parlament zu Stroossbuerg d‘Aféierung vun

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

cool
Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!
Neiegkeeten

Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!

Dir braucht e Kannersëtz, am beschten een „bal wéi nei“

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?

En engem Londoner Héichhaus sinn et leschten Informatiounen no op mannst 12 Doudeger an 78 Blesséierte ginn. Dëst wéinst engem schwéiere Feier, dat  an der Nuecht vun en Dënschdeg op Mëttwoch ausgebrach war. Mir erkläeren d’Hannergrënn a schwätzen och iwwert déi hefteg Polemik iwwert d’Gestioun vum Gebai, dat exklusiv aus Sozialwunnenge besteet mëscht et néideg.

Zu de Fakten

E Mëttwoch um 00:54 Auer sinn d’Pompjeeën alertéiert ginn, datt ee Feier an engem Héichhaus am Quartier vu Kensington (am Weste vu London) ausgebrach ass. Si ware sechs Minutte méi spéit op der Plaz. Wéinst dem Ëmfang vun der Katastroph si ganz schnell 40 Pompjeesween an 200 Mann mobiliséiert ginn, fir dem Brand meeschter ze ginn.

Eng Aufgab déi sech als komplizéiert sollt duerstellen. D’Feier hat sech onerwaart schnell vum zweete bis op de leschte Stack ausgebreet. Als geläscht ass d’Gebai eréischt um Donneschdeg 01.14 Auer betruecht ginn, also ganzer 24 Stonnen nom Brandausbroch. Zur Zäit sinn nach eng ronn 60 Pompjeeën op der Plaz.

„A 29 Joer bei de Pompjeeën hunn ech nach kee Feier mat esou engem Ausmooss erlieft“, sot d’Cheffin vun de Londoner Pompjeeën, Danny Cotton. Den Ausléiser vum Feier ass dann och nach net bekannt. Spezialiste vun de Pompjeeë schléissen de Risk, datt d’Gebai kéint erastierzen awer aus.

D’Affer

Wéi ugangs erwäänt, ass bis ewell sécher, datt 12 Mënsche beim Brand ëm d’Liewe komm sinn an der 78 Blesséiert goufen. 18 dovunner befannen sech an engem ganz kriteschen Zoustand. D’Danny Cotton huet en Donneschdeg nach erkläert, datt d’Pompjeeë vu weideren Affer am Gebai muss ausgoen. D’Sich no weideren Affer dierft sech iwwer Wochen erauszéien.

„Mir erwaarden eis, datt d’Zuel vun den Doudegen no uewe muss korrigéiert ginn“, sot de Stuart Cundy, Kommandant vun der Metropolitan Police. E geet net dervunner aus, datt weider Iwwerliewender kënne fonnt ginn. Och de Londoner Buergermeeschter Sadiq Khan huet sech besuergt gewisen. „Vill Persoune ginn nach vermësst“, sot hien an huet versprach keng Rou ze ginn, bis d’Hannergrënn vum Ongléck gekläert sinn.

Vill karitativ a lokal Sport-Organisatioune, grad ewéi d’Kierchen hunn sech mobiliséiert fir déi d’Katastrophenaffer opzehuelen. D’Profi-Fussballveräiner „Fulham Football Club“ an de „Queens Park Rangers F.C“ hunn eng materiell a finanziell Hëllef ugebueden.

D’Gebai

D’Héichhaus dat 1974 gebaut an „Grenfell Tower“ gedeeft gi war läit matten am Véierel vu Kensington North. D’Gebai mat 120 Sozialwunnengen ass 24 Stäck héich an gehéiert der Märei vu Kensington an Chelsea. D’Gestioun vum Héichhaus huet KCTMO (Kensington an d’ Chelsea Tenant Management Organisation) een ëffentlechen Träger, dee fir déi gesamte Sozialwunnengen an dësem Londoner Quartier zoustänneg ass.

Net méi spéit wéi 2016 ware fir ronn 10 Milliounen Euro Renovéierungsaarbechten ofgeschloss ginn. D’Firma Rydon, där d’Aarbechten uvertraut waren, verséchert, datt alles „déi obligatoresch Kontrollen am Beräich vun de Brandschutznormen a Sécherheetsregelen si gemaach ginn.“ Fir den Dr. Angus Law, Spezialist an dësem Beräich op der Uni Edimbourg mengt allerdéngs, datt „d’Bausse-Verkleedung zum gréissten Deel d’Ursaach vun der schneller Verbreedung vum Feier ass.“

Um Blog Grenfellactiongroup, ee Kollektiv vu Bewunner, si säit Joren déi mangelhaft Informatioun a Sécherheet vun de Locatairen am Brandfall beklot ginn. Nach am November vum leschte Joer ass hei behaapt ginn, datt „nëmmen eng Katastroph d’Inkompetenz vum Besëtzer un d’Dagesliicht kéint bréngen an de Noléissegkeeten am Beräich vun der Sécherheet kéint bäikommen.“

Nom Virfall kommentéiert de Kollektiv: „All eis Warnunge sinn net erhéiert ginn, dobäi war eng Katastroph wéi mer se elo erlieft hunn inevitabel“. Si füge bäi, datt KCTMO „vun de Suergen déi d’Bewunnen opgeworf hunn woussten.“

Den ale Wunnengsbauminister an aktuelle Chef vum Kabinett vun der Premierministesch Theresa May hat no engem gréissere Feier zu London am Joer 2009, en Enquête iwwert d’Sécherheet an de Gebaier ugekënnegt. Resultater zu dëser Enquête sinn ni verëffentlecht ginn.

mam Antoine Pollez/AFP

Foto: Flamen an Damp entwëschen dem Grenfell Tower nach um Mëttwoch, während d’Pompjeeë grouss Méi hunn der Katastroph meeschter ze ginn. (© Adrian Dennis/AFP)

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, London
Nächsten Artikel Virrechten Artikel