Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat
Neiegkeeten

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Et war an engem briechend vollen Auditorium vun der Universitéit

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen
Neiegkeeten

Spuenien: Madrid wëll de Streik vun den Taxichauffere briechen

Zanter engen zéng Deeg hunn es d‘Taxichauffere vu Madrid mat

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen
Neiegkeeten

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen

Mir hunn et elo all matkritt, a wien net selwer

Héichwaasser zu Lëtzebuerg

Näischt wat engem friem virkomme sollt

Héichwaasser zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg versigelt bestänneg seng Flächen, an e bëssi Klimawandel huet et och. Dat awer ass net déi eenzeg Ursaach, firwat et zu Lëtzebuerg schonn eppes méi heefeg zu Iwwerschwemmunge kënnt. Zudeem sinn déi meeschte Plazen, déi vun dëse „saisonalen Iwwerschwemmungen“ betraff si bekannt. Esou hält sech dann och zumindest de materielle Schued a Grenzen…

Nom „ville“ Schnéi deen d‘Land bedeckt hat, an déi sech uschléissend länger Reeperiod, waren eis Flëss a Baache liicht iwwerfuerdert a sinn iwwergelaf. Bei der Administratioun vun der Waassergestioun ass een e Sonndeg an d‘Phas vun der pre-Alerte iwwergaangen. An der Zentral vum 112 sinn honnerten Appeller agaangen, an géint der Owend hu misse Stroosse gespaart ginn.

Laut deem wat een den Informatiounen enthuele kann, ass et besonnesch bei der Uelzecht, wou et zum Risk vun Iwwerschwemmunge komme kann. Säitens der Musel schéngt nach alles esouwäit ënner Kontroll. Vum CGDIS sinn 16 mat Waasser vollgelaf Keller an eng 20 ëmgefale Beem gemellt ginn. Den 112 réit zudeem, bei allem Virwëtz, sech net onnéideg a Gefor ze bréngen.

Héichwaasser

Zu Ettelbréck ass d‘Uelzecht de ganzen Nomëtteg iwwer geklommen, an d‘Pompjeeën hunn iwwer Facebook all déi Leit opgeruff, déi hiert Gefier um Däich ofgestallt haten, sech hire Saachen ze ermächtegen an déi a Sécherheet ze bréngen. E berechtegten Opruff, well owes um aacht Auer war de Parking am Begrëff zur Schwämm ze ginn. De „Problem“ ass bei den Awunner bekannt…

Méi spéit am Owend hunn och am Norde vum Land eng Rei Stroossen misse wéinst Héichwaasser gespaart ginn. Wéi et haut de Muere matgedeelt ginn ass, huet sech d‘Lag nees eppes berouegt, och wa fir d‘Sauer den Ament nach keng Entwarnung kann ausgeschwat ginn. Et ass dat éischt, awer mat Sécherheet net dat lescht Héichwaasser, iwwert dat an dësem Joer geschwat wäert ginn.

Foto: D‘Héichwaasser huet net emol viru Vëlospisten hält gemaach

Ähnlech Sujeten CGDIS, Héichwaasser, inondations.lu, Lëtzebuerg, MeteoLux
Nächsten Artikel Virrechten Artikel