Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut ass internationale Joggingsboxendag
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationale Joggingsboxendag

Et ass wuel ee vun de gemitterlechste kuriéise Feierdeeg: de

Fir gerechten Handel: Lëtz’ Step to Fairtrade
Kultur Neiegkeeten

Fir gerechten Handel: Lëtz’ Step to Fairtrade

Tëscht dem 6. an 19. Mee 2019 luet Fairtrade Lëtzebuerg

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?
Kultur Neiegkeeten

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Cannabis duerchleeft aktuell eng Period vun der „gesellschaftlecher Toleranz“, gëtt

Héije Besuch op der Pirmesknupp

Héije Besuch op der Pirmesknupp

Um Site Pirmesknupp bei Kauneref ginn archeologesch Ausgruewungen ënnerholl, an op alles esou gemaach gëtt wéi et soll sinn, dovunner hunn sech den 10. August de Kulturminister Xavier Bettel (DP) an de Staatssekretär Guy Arendt (DP), mat eegenen Aen iwwerzeegt.

D‘Geschicht vum Site Pirmesknupp féiert zréck an d‘Réimerzäit. Galloréimesch Iwwerreschter waren hei 1838 fonnt ginn. Dorënner Mënzen aus dem 2. an 3. Joerhonnert vun eiser Zäitrechnung. Um Site ass eng Quell, an vun där gëtt zanter dem 8. Joerhonnert gesot, datt se Heelkraaft huet. De Numm huet de Site vum Hellege Pirminius, fir deen op der Plaz eng Kapell opgeriicht gouf.

Am Verlaf vun de Joerhonnerten, huet de Site mat vill ënnerschiddleche Proprietairen ze di gehat, wat zu diverse „Reamenagementer“ gefouert huet. Esou stoung op der Plaz e Bauerenhaff, deen zu der Abtei Neumünster (12. Joerhonnert) gehéiert huet. Eng Eremitage ass am 18. Joerhonnert bäi geprafft ginn. De Bauerenhaff, ass bei engem Feier 1936 ëmfänglech zerstéiert ginn.

E muss den Ufank maachen

1973 grënnt sech d‘Vereenegung „Poermesfrënn“, déi sech immens fir d‘Valorisatioun vum Site agesat huet. 2012/13 si vill Saachen aus der Réimerzäit fonnt ginn, a mat der Hëllef vun den Archeologe vum nationalen archeologeschen Zenter (CNRA) an aneren Experten, ass dat grousst archeologescht Potential vun der Pirmesknupp dokumentéiert ginn.

Pirmesknupp

© MCULT/sip

Zanterhier si verschidde Partie vum Site als klasséiert nationaalt Monument, oder op den Inventaire gesat ginn. Fir dëse Site besser ze verstoen, a besonnesch Kenntnisser iwwert de Bauerenhaff ze erlaangen, huet d‘Vereenegung „Poermesfrënn“ Ënnersichungen an d‘Wee geleet. Déi gi säit dem 16. Juli, vun enger helle Wull u Benevollen ënnert der Leedung vum Altertumsfuerscher Georges Kayser (CNRA) an der Administratioun vum Waasser an de Bëscher duerchgefouert.

Alt erëm eppes geléiert

De Xavier Bettel an de Guy Arendt konnten sech op der Plaz e Bild vun allem maache wat hei esou entdeckt gouf. Si hunn de jonke Leit fir hiren Asaz Merci gesot, an d‘Wichtegkeet vun hirer Aarbecht um Site ënnerstrach. „Äert Engagement fir d‘Geschicht vun dëser Regioun an dem Land, op ee Benevole ass oder net, ass remarkabel, Ech begréisse ganz besonnesch d‘Presenz vun de Studenten an jonke Leit, déi hiren Interessi fir eis Vergaangenheet hei ënner Beweis stellen“.

Pirmesknupp

© MCULT/sip

Am Kader vun den Ausgruewungen déi elo säit iwwer 3 Woche stattfannen, hunn d‘Fuerscher virun allem Géigestänn aus dem 20. Joerhonnert fonnt. Et goufen esou Liewensmëttelratiounen, Waffen a Munitioun fonnt, déi d‘Presenz vun amerikaneschen Zaldoten am 2. Weltkrich dokumentéieren. D‘Mauere vum Bauerenhaff goufen ënnersicht, an et stellt sech eraus, datt dës Strukturen ni déi landwirtschaftlech Revolutioun kennegeléiert hunn. Eng wichteg Erkenntnis.

Foto: De Kulturminister Xavier Bettel an de Staatssekretär Guy Arendt hunn sech op de Plaz vum gudde Virgank vun den Aarbechten iwwerzeegt. © MCULT/sip

Ähnlech Sujeten Guy Arendt, Kauneref, Pirmesknupp, Poermesfrënn, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel