Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr
Money Neiegkeeten

D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr

Fir d’adr steet fest: De Minister Romain Schneider hätt d’Leit

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech
Money Neiegkeeten

D’Lächer an der Ettelbrécker Foussgängerzon fëlle sech

Wien ëfters duerch Ettelbréck trëppelt, weess, datt och d’Foussgängerzon an

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
Money Neiegkeeten

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

money

Helfenterbréck: Akafe bis Mëtternuecht!

Helfenterbréck: Akafe bis Mëtternuecht!

De 27. Dezember ass am City Concorde Lifestyle Center op der Helfenterbréck eng weider lass. Et ass deen Dag wou all d‘Geschäfter bis Mëtternuecht op hunn, an et gouf annoncéiert, datt all d‘Gäscht vun der City Concorde, vill Remisen an aussergewéinlech Offeren op déi ganz Wanterkollektioun erwaart.

Mee nëmmen akafen ass „out“ haut sollt et eppes vun engem Abenteuer hunn, oder zumindest kulturell usprochsvoll sinn. Dat wëssen och d‘Organisateure vun dësem verréckten Akaafsdag. Dofir gëtt et ab 19 Auer Animatioun. Et gi Kaddoe verdeelt an och soss sinn Iwwerraschungen ageplangt ginn.

De ganzen Owend iwwer kann ee sech esou iwwert d‘Performance vun der Trupp „La Folie sur Scène“ erfreeën. Rieds ass hei vun enger Band Artisten, déi sech vun de klassesche Konzepter getrennt hunn. Bei hinnen, vermëschen sech Theater, Bühnen- a Stroossekonscht zu engem onvergiessleche Spektakel.

Helfenterbréck

Op enger anerer Plaz kann een dem Äis-Sculpteur iwwer d‘Schëllere kucken, et gëtt vill, wierklech vill Musikalesches versprach. Esou sinn „on Stage“: DJ Cherry, d‘Pianistin Julia Belova huet d‘Aluedung och ugeholl, a wien gären eppes méi „geckeg“ huet, sollt sech der Jazz-Combo „Jazzidentally“ unhuelen.

Wien sech gäre verzaubere léisst, deen dierft säi Gléck beim Magier David Giacomini fannen. A wann ee scho bei „Gléck“ ass, vergiesse mir net drop hinzeweisen, datt d‘City Concorde op dësem memorabelen Donneschdeg, och eng Rees verspillt. Hei kann een mat eppes Chance un der Closing Party Ischgl 2019 (Éisträich) deelhuelen.

Matmaachen ass denkbar einfach: ab 19 Auer gi vun den Hostessen „Bulletinen“ verdeelt, déi, wa se ausgefëllt sinn an hire Wee an d‘Urn fonnt hunn, d‘Rees kënne méiglech maachen. De Gewënner gëtt nach den Owend selwer (22.30 Auer) ënnert der Opsiicht vun engem Huissier ermëttelt. Wichteg! Et kann ee nëmme gewanne wann een och do ass.

Ähnlech Sujeten City Concorde Lifestyle Center, Helfenterbréck
Nächsten Artikel Virrechten Artikel