Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pier 45: Groussbrand am Hafe vu San Francisco
Neiegkeeten

Pier 45: Groussbrand am Hafe vu San Francisco

An der historescher Hafenanlag vu San Francisco ass et zu

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën
Neiegkeeten

Delphi: E Sozialplang fir 243 Salariéeën

Delphi Lëtzebuerg, en amerikaneschen Ausrëschter fir d‘Automobilindustrie, verdéngt net méi

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger
Neiegkeeten

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger

Fir d‘Sozialiste war d‘Sessioun 2016/17 eng erdréiglech. Keng wier esou

Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un

Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
Peter Dohmen, Generalmanager NSPA © Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
Dennis Bernitz, Head Sales Western Europe Airbus © Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
De LAR Pilot D. Fritz© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
(v.l.n.r.) Generol Alain Duschène; François Bausch, Bannesécherheetsminister; Taina Bofferding, Inneministesch © Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
(v.l.n.r.) François Bausch, Bannesécherheetsminister; Taina Bofferding, Inneministesch© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
(v.l.n.r.) n.b.; Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Police; Generol Alain Duschène; René Closter, President a Grënner vu Luxembourg Air Rescue; Peter Dohmen, Generalmanager NSPA; François Bausch, Bannesécherheetsminister; Taina Bofferding, Inneministesch © Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
© Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
De François Bausch, Bannesécherheetsminsiter © Martine de Lagardère/moien.lu
Elo ass et eisen: Den éischten H145M trëtt 2020 seng Missiounen un
© Martine de Lagardère/moien.lu

Haut de Mëtteg konnt um Findel den éischte vun zwee Helikopter vum Typ Airbus H145M empfaange ginn. Bei dësem spezielle Moment duerften eise Bannesécherheetsminister François Bausch an d’Inneministesch Taina Bofferding direkt emol testen, wéi et sech an der fléiender Maschinn esou sëtzt. D’Loftschëff gehéiert der neister Generatioun mat beschter Technologie un a gëtt an Zukunft fir déi verschiddenst Missioune vun der Arméi an der Police genotzt.

Mam Generol Alain Duschène, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, dem Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Police, Representante vun der NATO Support and Procurement Agency (NSPA) an der Societéit Airbus huet de Peter Dohmen, als Generalmanager vun der NSPA d’Éieregäscht beim Lëtzebuerger Fluchhafe begréisst.

Béid Helikoptere vum Typ Airbus H145M sinn equipéiert mat verschlësselte Kommunikatiounssystemer an Technologien, déi och Nuets eng ideal Operatioun zouloossen. Esou kann een duerch dat technescht Equipement Objeten a Persounen um Buedem an, an der Loft opspieren an identifizéieren. Infraroutkameraen an elektrooptesch Apparaturen, wéi och ee gesécherten Iwwerdroungssystem fir Informatioune rëschten den Helikopter, sou datt net nëmmen an der Kommandozentral, mee och op mobille Posten noutwenneg Biller, Videoen an Daten empfaangen a genotzt kënne ginn.

Den H145M: 39 Milliounen Euro

Virun allem fir d’Verdeedegung wäert d’Lëtzebuerger Arméi a Police den Airbus H145M notzen. Sollt et noutwenneg sinn, esou kënnen Truppen transportéiert an dës souguer ouni Landung vum Helikopter nees um Buedem ofsetzen. Mat Hëllef vun enger Wann gëtt et méiglech fir Laaschten ze hiewen an ofzesetzen.

Fir d’Pazifisten ënnert eis: D’Maschinne sinn net mat Waffen equipéiert. De Fall gesat, et géif een dës Ausrëschtung brauchen, esou kann een déi moduléierbar Helikopteren zu all Zäit mat anerem Equipement ausrëschten. Kuckt een esou d’Käschte vum Programm, da leie mir bei 39 Milliounen Euro. Dovu misste 24 Milliounen Euro op den Dësch geluecht ginn, fir d’Maschinnen iwwerhaapt ze kréien, de Rëscht ass fir d’Maintenance, d’Personal an d’Infrastrukturen.

Zwee nei Memberen an de Reien

Wärend d’Invitéeën den éischten Helikopter haut scho bewonneren an ënnert d’Lupp huele konnten, esou musse mir eis nach bis Enn 2019 gedëllegen, datt déi zweet Maschinn ukënnt. Ab Ufank 2020 ginn dës nei Spillsaachen da fir d’Missioune genotzt. Et wäert dann och d’Luxembourg Air Ambulance sinn, déi Personal bereet stellt, op d’Helikopteren um Findel oppasst a sech ëm d’Maintenance këmmert. Bis 2023 këmmert d’Ekipp sech ëm hiren Neizougang.

Déi al Maschinn vum Typ MD902 McDonnell Douglas huet mat senge 15 Joer ee stolzen Alter erreecht, woubäi déi technesch Mëttel mëttlerweil net méi aktuell genuch sinn. Och d’Käschte vun der Maintenance sinn ze héich, wouduerch den Ersatz elo glécklech entgéint geholl gëtt.

Kuckt och emol d’Billergalerie uewen un. Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Airbus H145M, Findel, François Bausch, Generol Alain Duschène, Helikopter, Infraroutkamera, Lëtzebuerger Arméi, NATO, NSPA, Philippe Schrantz, Police, Taina Bofferding, Verdeedegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel