Search

You may also like

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?

[onionbuzz quiz-id=51][/onionbuzz] Iwwert Ettelbréck gëtt vill geschwat. Och am Kontext

Alles Guddes un d’Ierfgroussherzogin Stéphanie!
Neiegkeeten

Alles Guddes un d’Ierfgroussherzogin Stéphanie!

Haut gëtt et um groussherzoglechen Haff nees eng méi ze

Schwéier Explosioun a Méi-Familljenhaus a Sachsen-Anhalt
Neiegkeeten

Schwéier Explosioun a Méi-Familljenhaus a Sachsen-Anhalt

Um Freidegmueren (08.55 Auer) si bei enger Explosioun an engem

Haislech Gewalt: Et gëtt Hëllef!

Haislech Gewalt: Et gëtt Hëllef!

Fir eng substantiell Erhéijung vun haislecher Gewalt wärend der Pandemie ze verhënneren, huet de Ministère fir d’Gläichheet tëscht Fraen a Männer bei der Kriminalpolice a Partnerorganisatioune no Verstäerkung gesicht. Duerch d’Mesuren zu de Rassemblementer an der aktueller Spärstonn ab 23:00 Auer kann de Risiko fir Affer vun haislecher Gewalt ze gi klammen. Dat muss a soll kee sech bidde loossen – et gëtt Hëllef!

Duerch de wëchentleche Monitoring zur Evolutioun, der Entwécklung vum Site www.violence.lu an dem Asaz vun der Helpline fir Fraen a Männer, déi Affer (gi) sinn, wëll een de Betraffenen Ënnerstëtzung bidden.

„Wärend dëse Krisenzäite wëll ech widderhuelen, datt keng Persoun haislech Gewalt erleide soll. All Form vu Gewalt gëtt duerch d’Gesetz néiergemaach an déi legal Dispositioune entfalen net duerch d’Kris. Sollt Dir Gewalt erleiden kënnt Dir Iech zu all Ament vum Afloss vun ärem gewalttätege Partner befreien. Et gëtt Hëllef“, sou d’Ministesch Taina Bofferding.

D’Hëllefsmoossname gi weiderhi bäibehalen an och d’Prise en Charge vun Affer gëtt garantéiert.

Wat maachen wann ech haislech Gewalt erliewen?

  • Mellt Iech iwwert d’Helpline 2060 1060 oder via Email info@helpline-violence.lu
  • Bei engem Noutfall, rufft der Police iwwert den 113 un
  • Op www.violence.lu ass eng Lëscht mat Kontakter a prakteschen Tipps fir Hëllef ze kréien

Opmaacherbild: © Akshay Paatil / Unsplash

Related topics Affer, Aggressioun, Coronakris, haislech Gewalt, Helpline, Kriminalpolice, Pandemie, Police, Spärstonn, Taina Bofferding, violence.lu
Next post Previous post