Search

You may also like

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung
International Neiegkeeten

Belsch: Coronavirus erméiglecht eng Iwwergangsregierung

Déi belsch Regierungskris schéngt sech dem Enn zouzebeweegen, déi zéng

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt
International Neiegkeeten

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt

Déi Lëtzebuerger Antidopping-Agentur (ALAD) huet um Méindeg d‘Virwërf géint den

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch
International Neiegkeeten

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch

Am Juni 2018, hatt sech d‘CGFP mat der Regierung op

Hëllefsorganisatioun Sea-Eye op Kollisiounskurs mam Matteo Salvini

Rettungsschëff „Alan Kurdi“ steiert trotz Verbuet Lampedusa un

Hëllefsorganisatioun Sea-Eye op Kollisiounskurs mam Matteo Salvini

No der Rettung vu 65 Persounen am Mëttelmier, huet dat däitscht Rettungsschëff vun der ONG Sea-Eye Kurs op Lampedusa geholl. E Spriecher vun der ONG huet erkläert, dat déi italienesch Insel, deen am nächste geleeënen europäeschen Hafen ass.

Déi libesch Küstewaach hat dem Kapitän vun der „Alan Kurdi“ ugebueden den Hafe vun der Stad Sawija als „sécheren Uert“ unzesteieren. Eng „Offer“ déi de Kapitän vum Rettungsschëff mat der Begrënnung: „Libyen ass fir kee Mënsch e sécheren Uert“, zréckgewisen huet.

Sea-Eye

Am Virfeld dozou, hat den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, dem Schëff verbueden en italieneschen Hafen unzelafen. Hie wëll d‘Schëff och dann net alafe loossen, wa sech EU-Länner géife bereet erklären d‘Leit vun der „Alan Kurdi“ ënnert sech opzedeelen.

De Matteo Salvini huet schrëftlech beim däitsche Bundesinneminister, Horst Seehofer, intervenéiert an dësen opgefuerdert Verantwortung ze iwwerhuelen. Ob, a falls jo, de fréier Ministerpresident vu Bayern geäntwert huet, entzitt sech den Ament nach eiser Kenntnis.

Wat iwwer d‘Aktioun um Mier bekannt ass

Säitens der ONG Sea-Eye ass de Virfall dokumentéiert ginn. Esou huet d‘Alan Kurdi 65 Persounen u Bord geholl, déi mat engem Schlauchboot iwwert d‘Mëttelmier Europa erreeche wollten. D‘Boot war du vun der libescher Küstewaach an internationale Gewässer entdeckt ginn.

D‘Schlauchboot wier manövréierungsfäeg an hätt och genuch Sprit gehat, mee ouni Instrumenter oder Navigatiounshëllef – jo nach net emol en Telefon mat GPS-Funktioun haten si bei sech – wieren dës Mënschen engem traurege Schicksal geweit gewiescht.

Sea-Eye

Laut Auskunft vu Sea-Eye, géifen 39 Persounen ugi mannerjäreg ze sinn. Dee jéngste wier grad emol 12 Joer jonk. 48 Mënschen hunn uginn aus Somalia ze kommen, 2 Persounen hu sech als Libyer identifizéiert. Dës Informatioune bedierfen awer de Confirmatioun.

Déi lescht Woch war et d‘Rettungsschëff Sea-Watch3, dat fir Schlagzeile gesuergt hat. Hei hat d‘Kapitänin Carola Rackete sech iwwert de Verbuet ewech gesat a war mat senger mënschlecher Fracht zu Lampedusa agelaf. E Fait deen nees fir vill Opreegung suerge sollt.

mat indymedia/rom/ber/

Foto: © sea-eye.org

Related topics Alan Kurdi, Lampedusa, Matteo Salvini, Mëttelmier, Migratioun, Sea-Eye
Next post Previous post