Search

You may also like

Neies aus dem „Schongbuttek“
Neiegkeeten

Neies aus dem „Schongbuttek“

Nodeems déi vereenegt Oppositioun sech op d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP)

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland
Neiegkeeten

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland

E Freideg huet den US-Ausseminister, Mike Pompeo, annoncéiert, datt sech

uni.lu: Elo gëtt et Home-Office a Ferncourse
Neiegkeeten

uni.lu: Elo gëtt et Home-Office a Ferncourse

D’Lëtzebuerger Universitéit uni.lu riicht sech, duerch d’Verbreedung vum Coronavirus COVID-19,

D’Police feiert säi Schutzpatroun, den Hellege Méchel

D’Police feiert säi Schutzpatroun, den Hellege Méchel

Bei der Feier vum Hellege Méchel, dem Schutzpatroun vun der Police, huet de Corps op vergaange Virfäll, glécklech Ereegnisser an Erausfuerderungen zeréckgekuckt, déi aktuell Situatioun ënnert d’Lupp geholl an och festgehalen, wat en Zukunft op d’Beamten duerkënnt.

Per Live-Strem hu sech de Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Police an den Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet un de Corps geriicht. Eng grouss Zeremonie, wéi een se an der Vergaangenheet ofgehalen huet, war duerch déi aktuell sanitär Situatioun net méiglech.

MéchelPolice / Twitter

Ma, e Blummekranz fir verstuerwe Polizisten an der Cité Policière Grand-Duc Henri um Findel an um Kanounenhiwwel néierzeleeën, sou wéi eng Mass an der Stater Méchelskierch ze organiséieren, wollt ee sech awer net huele loossen. Verschidden Traditiounen musse bestoe bleiwen an de Kolleege wëll ee schliisslech eng Éier erweisen.

Méchel© Police / Ministère fir bannenzeg Sécherheet

Vun der Policereform hin zum massive Rekrutement

De Minister Henri Kox huet a senger Ried ervirgehuewen, datt hien och an Zukunft d’Servicer a Kommissariater vun der Police besiche wäert. Him ass et wichteg op der Plaz ze gesinn, wéi d’Beamte schaffen, wou d’Erausfuerderunge leien a woumat si um Terrain konfrontéiert ginn.

Réckbléckend huet een an de leschte Joren vill geleescht: Nodeems 2018 d’Policereform koum, ass just ee Joer méi spéit de Code de Déontologie vum Regierungsrot agefouert ginn, sou datt d’Wäerter vun der Police kloe definéiert a gestäerkt ginn. Ob dësen Errongenschaften kann a wëll ee sech allerdéngs net ausrouen – d’Servicer ginn weiderhin ugepasst, d’Beamten ënnerstëtzt an de Corps weiderentwéckelt a moderniséiert.

E weidere Punkt war natierlech och de massive Rekrutement, woubäi de Minister nach emol d’Campagne ervirgehuewen huet, fir nei Kandidaten ze lackelen. An dësem Kader ass virgesinn eng nei Policeschoul ze bauen fir esou de Beamte eng adequat Formatioun bidden ze kënnen.

Méchel© Police / Ministère fir bannenzeg Sécherheet

Dateschutz a Videoiwwerwaachung

Verschidde Servicer ze digitaliséiere bedeit an Zukunft eng Erliichterung vun der Aarbecht vun de Polizisten. Domat gëtt erméiglecht, datt d’Beamten méi um Terrain schaffe kënnen. Dem hat de Philippe Schrantz dobäizedoen, datt een aktuell un enger gemeinsamer Strategie zur Informatiounstechnologie, engem besseren Opbau vun der Informatik an engem zentrale Portal fir d’Poliziste schafft, sou datt si zu all Ament op déi operationell Funktiounen an intern Informatiounen zougräife kënnen, déi si concernéieren.

Dësen Hierscht gëtt en éischte Gesetzesprojet zu de Fichieren vun der Police an zur Behandlung vun Donnéeën presentéiert. Am Beräich vum Dateschutz sollen d’Rechter ausgeglach ginn. Dobäi kommen d’Ännerungen beim Gesetzesprojet zur Videoiwwerwaachung, déi an dësem Mount deposéiert ginn.

Zu gudder Lescht huet de Minister der Police fir seng aussergewéinlech Aarbecht vun de leschte Méint Merci gesot. Un déi ongewéinlech Ëmstänn säit dem Ufank vun der Pandemie hunn d’Beamten an d’Servicer sech super ugepasst.

Méchel© Police / Ministère fir bannenzeg Sécherheet

12.000 Corona-Kontrollen

Fir de Generaldirekter Philippe Schrantz war d’Meeschtere vun den neien Erausfuerderunge just méiglech duerch d’Reform an déi néideg Strukturen. Iwwer 12.000 Kontrollen hunn d’Beamten zur Andämmung vum Virus duerchgefouert.

Intern huet d’Police 3 positiv Fäll ze verzeechnen. Vun Ufank un sinn déi virgeschriwwe Schutzmoossnamen ugewannt ginn an d’Beamten hunn individuell Responsabilitéit bewisen.

Bei der Kriminalitéitsstatistik ass kloer ervirkomm, datt d’Zuelen a Virfäll deelweis iwwert déi speziell Situatioun vun dësem Joer interpretéiert musse ginn. Esou si verschidde Phenomener zeréckgaangen, Abréch an Autoen hunn awer beispillsweis zougeholl.

Méchel© Police / Ministère fir bannenzeg Sécherheet

Wärend grouss Gruppéierungen an Usammlunge vu Mënschen ënnersot waren, koum et ëmmer erëm zu Verstéiss duerch Daboen, déi trotz Pandemie eng Party feiere wollten. Am Beräich Drogen huet d’Statistik net vill Ännerungen zum Virjoer gewisen.

Mam Bléck an d’Zukunft geriicht ass och de Philippe Schrantz nach emol ofschléissend op de Rekrutement agaangen. D’Erausfuerderung besteet net eleng doran nei Kandidaten ze sichen, mee si och richteg ze forméieren an ze integréieren. A kierzester Zäit kéint een vun 2.500 op 3.000 Beamten kommen.

Opmaacherfoto: © Police / Ministère fir bannenzeg Sécherheet

Related topics Covid-Kontrollen, Dateschutz, Digitaliséierung, Formatioun, Hellege Méchel, Henri Kox, Kanounenhiwwel, Méchelsdag, Minister fir Bannesécherheet, Police, Rekrutement, Schutzpatroun, Videoiwwerwaachung
Next post Previous post