Search

You may also like

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?
Sport Stories

Ass Teheran géintiwwer Verhandlunge mat Washington opgeschloss?

Dat d‘Iraner zu Gespréicher mat den USA – ënner bestëmmte

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff
Sport Stories

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff

Déi iresch „low-cost“ Fluchgesellschaft Ryanair huet gëschter misse bekannt ginn,

Covid19, Logement a Klimakris… déi lénk mat düsteren Aussiichten
Sport Stories

Covid19, Logement a Klimakris… déi lénk mat düsteren Aussiichten

Wann en Dënschdeg de Premierminister seng Ried zur Lag vun

Zu Helleng ginn se Vollgas

Zu Helleng ginn se Vollgas

Et gëtt sécherlech vill verréckten Iddien. Mee eng Manche aus der SAWSV (Südwest Deutsche Autocross Vereinigung E.V.) op Lëtzebuerg ze lackelen, ass op mannst esou bosseg wéi genial. Dobäi huet dës Sportaart och ee ganze Koup Unhänger an eng helle Wull u Piloten a Pilotinnen hei am Land.

An esou stoungen dann um leschte Weekend net manner wéi 236 Auto’en am Fahrerlager. Dat war genuch Material fir 16 Klassen un de Start ze bréngen an esou vill viraus gesot: Plaz fir Langweil war net ginn. Wann sech d’Piloten an hir Mecanicien’en um Freideg op der grousser Wiss breet gemaach hate, esou huet et vir de Public ab dem Samschdegmuere vill ze gesi ginn. Ëmmerhin ass et eng nei Stréck déi an de Programm opgeholl ginn ass, an déi wollten se all emol kenneléieren.

Mee der Rei no

Datt esou eng Course op Lëtzebuerg an dann och nach op Helleng kënnt muss engem seng Schold sinn a mir hunn de Schëllege fonnt. De Paul Schroeder a säi Brudder am Geescht, den André Wiesen haten, wéi dat esou ka goen, beim engem gudde Pättchen d’Iddi, datt se dach emol eppes missten ënnerhuele fir hir ONG „Hand an Hand fir Afrika“ eppes méi bekannt ze maachen.

Vill Zuschauer ware vum Autocross-Spektakel siichtlech begeeschtert – © Martine de Lagardère

De Paul an den Änder hu Moto’s Ueleg an den Oderen. Zudeem ass et scho 24 Joer hir, datt déi lescht Autocross-Course zu Lëtzebuerg gefuer ginn ass. An esou hunn déi zwee Brigangen den Entschloss gefaasst fir mat engem ale Bekannte, dem Horst Gros Kontakt opzehuelen. Den Horst, 32 Joer laang President vum SWASV (haut Éierepresident) huet de Wee fräi gemaach an esou konnten déi Zwee op der Versammlung hir Iddi virstellen.

Si haten d’Plaz, genuch Hänn déi eng Hand ugepaakt hunn an eng Rei zolidd Argumenter déi d’Veräiner iwwerzeegt hunn. Domadder war et beschloss: Eng Manche vum SWASV-Autocross Championnat’s Kalenner sollt op Lëtzebuerg kommen. Mam Terrain, vun engem Hellenger Bauer – dee selwer Autocross-begeeschtert ass – zur Verfügung gestallt, d’Erlaabnes vum Ministère an der Täsch, konnt et lass goen.

Während d’ONG „Hand an Hand fir Afrika“ nëmmen aus dem Paul an dem Änder besteet, esou huet et net vill Iwwerzeegung gebraucht déi ronn 70 Benevoller zesummenzekréie fir aus dem Projet ee vollwäertegen Event ze maachen. De SWASV ass och nach emol mat ronn 40 Leit, Streckeposten, Jury, Rennspriecher an technesch Kontroll vertruede gewiescht. All déi Leit hunn dofir gesuergt, datt iwwert de Weekend eng ronn 3.000 ganz begeeschtert Zuschauer ee flott Erliefnes sollten hunn.

Hand an Hand fir Afrika

Iert mer zum sportlechen Event selwer kommen, ass et ons awer wichteg kuerz ee Bléck op dem Paul am Änder hir ONG ze werfen. „Hand an Hand fir Afrika“ ass 2016 gegrënnt ginn, woubäi d’Viraarbecht heizou schonn 1995 ugaangen ass. Deemools hu si op privater Basis an Afrika gehollef wou grad Nout um Mann war.

E besonnescht Uleies sinn d’Kanner, mee u sech eigentlech all Mënsch deen a Nout ass. Op Weesekanner. Schoulen, Fleegestatiounen oder kleng Dierfer, si hëllefe wou si kënnen. Egal op elo laangfristeg geplangt oder kuerzfristeg entscheet, wat muss sinn, muss ebe sinn. Vill Hëllef hunn si och vum Alex Rebeça, ee wiedere permanente Member vum Team. Ënnerstëtzt gi si donieft nach vum Renée, Cilly, Alice, Martine esou wéi vun deenen hire Familljen an ville Frënn.

An der laanggezunner Kéier ee flotten Drift… – © Martine de Lagardère

Säit 2006, wou de Paul nach eleng mat engem Mercedes 190D op d’Elfebeeküst gefuer ass, reesen si haut mat mëttlerweil bis zu dräi Camionnetten dohinner. Déi si mat allerlee Hëllefsmëttel belueden. Op am Norden zu Koshongo, am Süde bei Abidjan oder am Osten zu Agnibélékro, iwwerall gëtt et genuch ze dinn.

Dank RTL, déi si agelueden hate fir eppes iwwert hir Aarbecht ze erzielen, si dann och am ganze Land bekannt ginn. Et ass ëm hir „Expeditioun“ vum Januar 2016 gaangen, wou si sech zu fënnef Mann, mat dräi Camionnetten op de Wee gemaach haten

Am Gespréich mam Paul, huet hie grousse Wäert drop geluecht, datt mir säi Merci un déi sëlleche Sponsoren, Donateuren, Mamm’en, Papp’en, Kanner, Pilote, Mecanicien’en an all déi aner, déi ëmmer do sinn wann se geruff oder ageluede ginn, weiderleeden. Wien et nach net gemaach huet, mee „Hand an Hand fir Afrika“ wëll ënnerstëtze kann dat mat engem Don op de Kont: (BIC: CCRALULL) LU19 0090 0000 0674 2712 (Mention Afrika) maachen.

Gutt gefuer ass bal gewonnen

Et ass natierlech och Gefuer ginn an dat mannst wat ze soen ass, wann een esouvill Klassen an Auto’en muss ënner Dach kréien, dann huet een ee wuel laangen awer interessante Programm virun sech. Am ganze ware fir 16 Klassen Ausscheedungsrennen an och genee esouvill Coursen, plus zwou Super-Finallen ausgedroe ginn. De Public an alles wat op der Plaz geschafft huet, hat also ee richteg laange Weekend.

Wat den Autocross ubelaangt, geet et hei wäit net esou rabiat hier, wéi dat beispillsweis beim Stock-Kar de Fall ass. Gemälleg am Krees gefuer gëtt allerdéngs och net. Ganz interessant de Constat, datt een hei mat esou zimlech alles ka seng Ronnen dréine wat véier Rieder huet an den Ufuerderunge vum Reglement entsprécht. Et dierf een natierlech och richteg Geld an de Grapp huelen an eng opgemotzte Maschinn un de Start bréngen.

Duerch de Brëll gesinn – © Martine de Lagardère

Gläichfalls erfreelech, d’Feststellung dat nieft ganz vill Damen, déi sech absolut kee Kaddo op der Piste maachen, och Teenager sech an enger eegener Klasse géinteniwwer stinn. Wann se u sech alleguerte verdéngt eng Coupe kréien, esou huet et eis awer scho besonnesch gefall, datt och hei d’Meedercher sech ganz vir presentéiert hunn. A wat heescht presentéiert? Gewonnen, déi iewescht Träppchen, einfach emol esou…

Déi Dame waren net zimperlech mat der rietser Pedall an hunn sech net nëmmen am Lady’s Cup ervirgedoen. Se hunn hire männleche Kontrahenten uerdentlech de bass gehalen, oder, wéi een zu Lëtzebuerg seet: „Den Dicks gebéit.“ De beschte Beweis erbréngt d’Nathalie Neumann (MSC Altréier), dat d’Super-Final A kloer fir sech entscheet huet. Dees net genuch, huet d’Tania Schleich (AC Team Lëtzebuerg) am der Super-Final B verdéngt déi drëtt Plaz eruewert.

Just ee kléngt Gespréich

Wëll mir jo nëmmen ee Reportage maachen a kee Buch schreiwen, obwuel dat bei dësem Weekend ze maache war, hei also just eent vun de ville Gespréicher déi mir mat de Piloten a Pilotinne konnte féieren. Mir hunn eis (guer net) objektiv vir Tania Schleich entscheet.

Déi 25 Joer jonk Dame vum AC Team Lëtzebuerg ass direkt emol an zwou Klassen un de Start gaangen. Dat an de Kategorien „Spezial Autocross bis 1600 ccm“ (6. Plaz am Endlaf) a „Spezial Autocross ohne Allrad“ (3. Plaz am Endlaf an 3. Plaz an der Super-Final). Mat sengem 1,3 Liter F&S Haybusa ar d’Tania dann och wierklech stramm ënnerwee.

Och an der Superfinal B waren d’Plazen haart ëmkämpft. D’Tania Schleich (AC Team Lëtzebuerg) huet alles ginn an eng éierbar drëtt Plaz erreecht. – © Martine de Lagardère

Wéi eis déi (gefillt) 1,6 Meter grouss Power-Fra verroden huet, bedreift et dee Sport elo scho ganz intensiv säit 2013. Fir D’Tania eng ganz normal Saach „ech sinn domadder grouss ginn, meng Eltere sinn scho gefuer an iergendwéi hu sech mech infizéiert“ seet et eis mat engem liichten an den Aen. An upake kann et och, woubäi et d’Virbereedung vum Auto sengem Papp an engem Mecanicien iwwerléisst. Sécher ass Sécher wäert et sech dobäi denken an huet bestëmmt Recht.

„Helleng ass eng vun den zéng Coursen aus dem Championnat“, seet et weider „déi eenzeg op Lëtzebuerger Buedem (…) un a fir sech hunn ech och gutt Chancen am Championnat ganz vir matzefueren. Ech hat wuel scho vill Pech. Ee gefreckte Kardan an eng Kupplung déi de Geescht opginn huet hu mer ee puer Course versaut. Mee bon, dat ass Motorsport.

D’Tania (a mir elo och) ass awer iwwerzeegt, datt wann d’Mechanik duerhält hatt och am Championnat ganz uewen derbäi ka sinn. Säin Zil ass souwisou de Champion „deen Zweeten ass den éischte Verléierer“ laacht et a mëscht sech duerch d’Bascht. Dat versti mer gutt, war enorm waarm an et huet ferme gestëppst. Mir géifen eis awer freeë wann déi sympathesch Pilotin seng gesaten Ziler kéint erreechen.

Kuckt och eis Gallerie!

Zu de Resultater:

Serientourenween bis 4 Liter Allrad

1. Sven Böhmer (D) Subaru Impreza 2.0 – AMSC Pfeffelbach

2. Johni Faber (L) BMW 5252Xi – White Devils

3. Hans Joachim Lenz (D) Audi A4 1.8 – Lenz Racing Neuwied

Spezial Autocross ouni Allrad

1. Christophe Colin

2. David Bonsels (D) PAS Honda 1100 – AC Piraten

3. Tania Schleich (L) F&S Haybussa – AC Team Lëtzebuerg

Spezial Toureween bis 1600 ccm

1. Klaus Schmitz (D) Flachkäfer Honda 1.6 – AC Waldorf

2. William Didden (B) Flachkäfer VW 1.6 – Les Retardataires

3. Roland Xhonneux (B) Flachkäfer Toyota 1.6 – Les Retardataires

Toureween bis 1800 ccm

1. Eric Cremer (B) Honda Civic 1.6 – Nulltuning

2. Karl-Heinz Dahm (B) Mitsubishi Colt 1.8 – AMC St.Vith / Red Devils

3. Sascha Werner (D) VW Golf II 1.8 – Privat

Cross-Kart Junioren (62 PS)

1. Bob Schanen (L) CK Honda 500 – Schanen Racing Team

2. Janis Scheuermann (D) Barracuda CK Kawasaki 500 – AMSC Pfeffelbach

3. Yana Pastoret (L) CK Honda 500 – P&P Racing

Spezial Autocross bis 1600 ccm

1. Max Schanen (L) EB Buggy Hayabusa 1.6 – Schanen Racing Team

2. Bert Beelen (NL) PAS Roelfs Suzuki – ACC de Peelracers

3. Glenn Wouters

Käferklass bis 1650 ccm

1. Frank Wagner (D) VW Käfer 1.6 – ACR Eifelland E.V.

2. Thomas Wagner (D) VW Käfer 1.6 – ACC Osburg

3. Michael Feichtener (D) VW Käfer 1.6 – Privat

Serientoureween bis 1600 ccm

1. Schorsch Fuhrmann (D) Honda Civic 1.6 – Fuhrmann Racing

2. David Jäger (B)

3. Gaetano Mazza (B) Honda Civic 1.6 – Godass

Cross-Kart Junioren 2CV

1. Chantal Linden (D) Crosskart PAS Honda 500 – AC Waldorf

2. Jakob Schick (D) ABS CK Kawasaki 500 – Privat

3. Marvin Pfeiffer (D) CK Kawasaki 500 – Privat

Spezial Toureween iwwer 16000 ccm

1. William Didden (B) Flachkäfer VW 1.6 – Les Retardataires

2. Ferd Gengler

3. Roland Xhonneux (B) Flachkäfer Toyota 1.6 – Les Retardataires

Serientoureween iwwer 1600 ccm

1. Christian Denzer (D) Toyota Celica – Privat

2. Christian Koob (D) Renault Clio 2.0 – AMSC Pfeffelbach

3. Sven Hassler (D) Opel Astra 2.0 – HS Racing Team

Einsteiger-Klass 1050 ccm (50PS)

1. Jonas Ertz (D) VW Polo 1.0 – AC Hochwald Morbach

2. Florian Haßler (D) Opel Corsa 1.0 – HS Racing Team

3. Luca Pfeiffer (D) VW Polo 1.0 – AMSC Pfeffelbach

Supertoureween bis 4000 ccm

1. Jan Haubrich (D) VW Käfer 2.0 – MST Vrehen-Haubrich

2. Marc Vrehen (L) Audi Quattro 2.3 – MST Flying Hirsch

3. Eric Unsen (L) Audi S2 2.0 – Privat

Lady-Cup

1.Nathalie Neumann (L) BMW E30 52525Xi – MSC Altréier

2. Michèle Prott (L) Audi S2 2.3 – P&P Racing

3. Christina Hansen (D) VW Golf II 1.8 – Privat

Spezial Autocross iwwer 1600 ccm

1. Sandro Carls (B) EB Yamaha 2x 1000 cccm – Sancar Racing Team

2. Bert Beelen (NL) PAS Roelfs Suzuki – ACC de Peelracers

3. Vic Vrehen (L) PAS Nissan 3.5 – MST Vrehen-Haubrich

Cross-Kart Senioren 600 ccm

1. Michael Maraite (B) Kamikaz 2 – AMC St.Vith

2. Maximilian Schmitz (D) DSP Suzuki – AC Waldorf

3. Vincent Michaux

Super-Final A

1. Nathalie Neumann (L) BMW E30 52525Xi – MSC Altréier

2. Jan Haubrich (D) VW Käfer 2.0 – MST Vrehen-Haubrich

3. Philippe Baum (L) BMW E30 2.7 – Privat

Super-Final B

1. Michael Maraite (B) Kamikaz 2 – AMC St.Vith

2. Roland Xhonneux (B) Flachkäfer Toyota 1.6 – Les Retardataires

3. Tania Schleich (L) F&S Haybussa – AC Team Lëtzebuerg

Note: Do wou hannert de Nimm näischt weider steet, hu mer net méi Info’en kritt

Related topics Helleng, Stock-Car
Next post Previous post