Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrydislike
Éischt Verhaftungen an der Affär vun de kontaminéierten Eeër
International Kultur Neiegkeeten

Éischt Verhaftungen an der Affär vun de kontaminéierten Eeër

D‘Enquête zum Bedruch, deen d‘Grondlag zu der Kontaminatioun vu Milliounen

Zuchverbindung tëscht Lëtzebuerg a Metz wéinst Gewalt géint Kontrollerin gestéiert
International Kultur Neiegkeeten

Zuchverbindung tëscht Lëtzebuerg a Metz wéinst Gewalt géint Kontrollerin gestéiert

Well et um Donneschdeg tëscht enger Kontrollerin an engem Passagéier

E flotte Schoulkomplex erhéicht d‘Freed um léieren
International Kultur Neiegkeeten

E flotte Schoulkomplex erhéicht d‘Freed um léieren

Um Mëttwoch ass an der Strooss Charles IV zu Lëtzebuerg

HELLFEST: D‘Organisateure wieren sech géint de Billjeeë-Schwaarzmaart

HELLFEST: D‘Organisateure wieren sech géint de Billjeeë-Schwaarzmaart

Fir d‘Organisateure vum HELLFEST, der „Houmass“ vum „Metal“, e Festival deen all Joer am Juni bei Nantes stattfënnt, ass d‘Mooss voll. Si hunn elo Plainte géint inoffiziell Internetsäiten agereecht, déi Billjeeën zu Präisser verkafen, déi iwwert dem dräifache vum eigentleche Präis leien.

An engem längere Communiqué, deen den de Benjamin „Ben“ Barbaud op der Facebooksäit vum Event verëffentlecht huet, gëtt zum Mëssbrauch Positioun ergraff. Esou sinn d‘Organisateuren net méi gewëllt, d‘Spill vu gewëssen „individuelle Keefer“ ze ënnerstëtzen, déi am HELLFEST eng gutt Geleeënheet gesinn, sech „gëllen Eeër“ ze maachen.

Dobäi gëtt et am Frankräich e Gesetz, datt säit 2012 de „gewinnten“ Weiderverkaf vu Billjeeë fir eng Manifestatioun, ouni d‘Erlaabnes vun den Organisateure, ënner Strof stellt. De Protokoll kann do bis zu 15.000 Euro kaschten. De Ben muss awer drop hiweisen, datt et aus Mangel un Donnéeë schwéier bis onméiglech ass, d‘Widderhuelung vun der Aktioun nozeweisen.

Fir dëse „Knaschterten“ wéinstens e puer Steng an de Wee ze leeën, hunn d‘Organisateuren elo beschloss, géint dës „inoffiziell“ Internetsäite juristesch virzegoen. Esou „Säiten“ verkafen net „direkt“ de Billjee, mee verlaangen eng „Vermëttlungstax“. Déi ka bei wäit iwwer 100 Euro pro Billjee leien. De Schued deen esou ugeriicht gëtt, geet an d‘Milliounen.

Organiséiert Kriminalitéit?

„D‘Associatioun huet elo Plainte géint dës Internetsitten agereecht, déi, wann se schonn net als Revendeure consideréiert ginn, zumindest als Komplize vun esou Aktioune sinn, an deem si den individuelle Revendeuren ubidden eng Relatioun mat potentielle Clienten hierzestellen“, erkläert de Benjamin „Ben“ Barbaud, op der Facebooksäit vum Festival.

Leschte Mëttwoch, huet et keng zwou Stonne gebraucht, fir déi 55.000 Festival-Billjeeën ënnert d‘Leit ze bréngen. En absolute Rekord fir déi 14. Editioun vum HELLFEST Festival, dee Fans aus iwwer 70 Länner unzitt. An do, esouvill ass sécher, mussen eng oder méi kriminell Organisatiounen, derhannert stiechen. Dat léisst sech zumindest un der Unzuel vu Keefer festmaachen.

Fir de Ben, ass esou e „Blëtz-Verkaf“ fir déi éierlech Fans immens frustrant. Eng Chance ee vun dëse begierte Festivalticketen ze kréien, huet et net an engem realisteschen Ëmfang ginn. An dat ass dann och d‘Récksäit vun der Medail. Den HELLFEST Festival ass d‘Affer vum eegenen Erfolleg. D‘Zuel vun de Plazen ass begrenzt, an e puer ganz „Heller“ notzen dat aus…

Deem muss de Reedel virgeluecht ginn

Am Ben senger Deklaratioun heescht et: „D‘Wourecht (…) ass, datt dir all Joer ëmmer méi Fans sidd, déi um Festival deelhuele wëllen, an et eis net méiglech all Mënsch zefriddenzestellen“. Fakt ass dann och, datt 2014, d‘Vente vun de Billjeeën sech iwwer dräi Méint gezunn huet. 2018 waren all d‘Billjeeën an 90 Minutte verkaf ginn. Dat werft Froen op, déi eng Äntwert erfuerderen.

Den HELLFEST Festival huet ee vun de gréisste Budgeten, dee fir e musikalescht Evenement am Frankräich (23 Milliounen Euro) opgestallt gëtt. Et ass dann och ee vun den deiersten Events senger Aart. Fir déi dräi Deeg muss een eppes iwwer 200 Euro, fir e „normale“ Billjee op den Dësch leeën. Bis zu dësem Joer, goufen déi 55.000 Billjeeë verkaf, nach iert gewosst war, wie kënnt.

Fir de Festival vun 2019, haten d‘Organisateuren am Virfeld ee puer Nimm vun der Affiche uginn. Dorënner esou Bands wéi: Manowar, Slayer oder Mass Hysteria. Zu de 55.000 Billjeeën, déi fir déi dräi Deeg gülteg sinn, kënnt nach eng definéiert Unzuel un „Dagesticketen“ derbäi. Déi ginn Ufank 2019 an d‘Vente. Alles an allem wäerten da 60.000 Leit pro Dag um Festival zesummekommen.

mat AFP

Foto: Et ass een vun, wann net esouguer dee, gréisste Festival am Frankräich, wann et ëm „Metal“ geet. Mat engem Budget vu bis zu 23 Milliounen Euro, an engem Festivalticket-Präis vun iwwer 200 Euro (fir dräi Deeg) ass och den deiersten. Wëll sech e puer „onéierlech“ Gesellen um Event wëlle beräicheren, hunn d‘Organisateuren elo misse Moossnamen ergräifen. (Archiv, Juni 2018) © Loïc Venance/AFP

(eng „Review“ vum Festival 2018 hunn d‘Kollege vu Metal Wani unzebidden an e Video gëtt et och nach)

Ähnlech Sujeten Benjamin „Ben“ Barbaud, HELLFEST, Metal, Schwaarzmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel