Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“
Kultur Quiz dyspraxia dating site

hook up yuma az

17 sozial-, wirtschaftlech-, ëmwelt- a friddenspolitesch Ziler sinn an der

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!
Kultur Quiz dyspraxia dating site

What the Fakt – Den Dag vum, mam a géint de Kaméidi!

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft
Kultur Quiz dyspraxia dating site

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft

Déi „giel Gileten“ (Gilets Jaunes) hunn all Mënsch am Frankräich

7 einfach Mierkmoler, mat deenen een de Guy an den Nico Helminger auserneen hale kann

Kläre mer dat mol...

7 einfach Mierkmoler, mat deenen een de Guy an den Nico Helminger auserneen hale kann

Sech ze iren ass nëmme mënschlech, gëtt gesot. Ma de Premierminister, dee jo och nach bekanntlech Kulturminister ass, huet sech eng erlaabt, an deem falschem Helminger fir d’Gewanne vum Servais Präis gratuléiert. Fir datt dat kengem méi geschitt, hu mer hei e puer Saache schnell recherchéiert, déi jidderengem hëllefen, dës zwou fir d’Lëtzebuerger Kultur esou wichteg Persounen auserneen ze halen. A wie wëll, kann sech um Schluss nach selwer testen!

Nico Helminger: Gro Hoer. Guy Helminger: Manner Hoer, Usaz vun enger Glatz.

Si hunn awer allen zwee e Brëll.

De Guy Helminger ass bal zéng Joer mi jonk wéi säi eelere Brudder, den Nico Helminger.

Woubäi dat elo net wierklech eppes iwwert hiert Wierk ausseet.

Den Nico Helminger ass oft mat engem Hutt ze gesinn.

Ganz am Eescht, d’Hutt-Quot bei Google Image-Search ass immens héich.

Un hiren Auszeechnungen

Den Nico Helminger huet de Batty Weber Präis a mëttlerweil zwee mol de Prix Servaix krut. Säi jéngere Brudder, de Guy Helminger, huet “nëmmen” eng Kéier de Prix Servais krut. Dofir huet en ënnert anerem den Dresdner Lyrikpreis am Joer 2016 krut.

De Guy Helminger ass och vill als Moderator aktiv

Dat ënnert anerem op RTL. Beim Tageblatt ass en un der Literaturbäilag bedeelegt.

Un den Theme vun hire Bicher

Wann eent vum Guy Helminger sengen Haaptthemen Migratioun duerstellt (wéi zum Beispill an Neubrasilien), thematiséiert den Nico Helminger konstant Gesellschaftsproblemer awer och d’Zäitgeschicht an Ideologie. Iwwerschneidunge si méiglech.

Un der Sprooch

Dem Guy Helminger seng Wierker sinn zu engem groussen Deel op Däitsch. Esou gëtt am Autorelexikon nëmmen “Eng Taass fir d’Nefertiti Nilpäerd” als Lëtzebuergesch-Sproochegt Wierk opgefouert. Dem Nico Helminger seng Wierker sinn dogéint zu engem groussen Deel op Lëtzebuergesch. Dat stëmmt virun allem bei der Prosa bzw. bei de Romaner.

Alles kloer? Dann test hei emol, op s de déi zwee wierklech auserneen hale kanns!

Kanns du de Guy an den Nico Helminger vun eneen ënnerscheeden?


Kanns du de Guy an den Nico Helminger vun eneen ënnerscheeden?

Question 1 of 8.

Wien huet de Roman Neubrasilien geschriwwen?

1. Guy Helminger
2. Nico Helminger
Question 2 of 8.

Wien huet fir Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge dëst Joer de Servais-Präis gewonnen?

1. Guy Helminger
2. Nico Helminger
Question 3 of 8.

Wien ass mi al?

1. Guy Helminger
2. Nico Helminger
Question 4 of 8.

Wie vun deenen zwee huet typescherweis en Hutt un?

1. Nico Helminger
2. Guy Helminger
Question 5 of 8.

Wien huet di meeschte Servais-Präiser?

1. Nico Helminger
2. Guy Helminger
Question 6 of 8.

Wie schreift haaptsächlech op Däitsch?

1. Nico Helminger
2. Guy Helminger
Question 7 of 8.

Wien ass och nach vill als Moderator aktiv?

1. Guy Helminger
2. Nico Helminger
Question 8 of 8.

Wie schafft niewebäi nach un der Literaturbäilag vum Tageblatt mat?

1. Nico Helminger
2. Guy Helminger

Next question 1 of 8

All 8 questions completed!


Share results:

Kanns du de Guy an den Nico Helminger vun eneen ënnerscheeden?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

 

 

 

Ähnlech Sujeten Guy Helminger, Kultur, Lëtzebuerg, Literatur, Nico Helminger, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel