Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Finanzministère: Evaluatioun vun de Risike fir Geldwäsch an Terrorfinanzéierung
International online dating burgersfort

https://moien.lu/best-dating-app-tinder/

Am Kader vum 4. Zyklus vun der gemeinsamer Evaluatioun, duerch

https://moien.lu/dark-side-of-internet-dating/
International online dating burgersfort

Multiple Sklerose gëtt vu villen nach ëmmer net richteg verstanen, wat d’Liewe vun de Betraffene net méi liicht mécht

D’Multiple Skleros gehéiert zu de sougenannten “onsiichtbare Behënnerungen”. Dëst bedeit

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas
International online dating burgersfort

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris

Castaner a Seehofer haten sech fir eng Iwwergangsregelung staark gemaach a si gescheitert

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris

Nodeems déi europäesch Inneminister bei hirem klenge Sommet zu Helsinki nees bewisen hunn, datt hir éischt Preoccupatioun déi national Politik ass, muss ee sech scho freeën, datt si sech op e neie Meeting zu Paräis, dann awer mat den Ausseminister, verstännege konnten.

Nodeems d‘Inneminister zu Helsinki, bei de Gespréicher iwwert den Ëmgang mat den aus dem Mëttelmier gefëschte Migranten/Flüchtlingen, op en Neits keng gemeinsam Basis fonnt hunn, sollen d‘Gespréicher e Méindeg zu Paräis, dann awer mat de Bedeelegung vun den Ausseminister weidergefouert ginn. Et geet heibäi an éischter Linn ëm eng gerecht Opdeelung an der Unioun.

Et war dann och de franséischen Inneminister Christophe Castaner, deen op dëse Rendez-vous bestanen huet. Deen ass den Ament beméit, bis zu 15 Länner zesummenzeféieren, déi bereet wieren sech un engem „Ad-Hoc Mechanissem“ ze bedeelegen. Säin däitschen Homolog Horst Seehofer wollt de Sträit mat Italien bäileeën an huet e kontrolléierten Noutfallmechanissem gefuerdert.

Wat sinn déi gesaten Ziler?

Mat der vun Däitschland a Frankräich gefuerderter Iwwergangsregelung, soll verhënnert ginn, datt Malta an Italien alle Schëffer déi Mënschen am Mëttelmier opgräifen, Zougang zu hiren Häfe gëtt. Et wier der Unioun a senge Memberlänner net wierdeg, Rettungsschëffer Deeg laang d‘Afaart an en Hafen ze verweigeren, bis gekläert ass wien uschléissend d‘Migranten/Flüchtlinge bei sech ophëlt.

Helsinki

Schonn e Mëttwoch hate Frankräich an Däitschland eng Propose abruecht, mat där zumindest emol bis Oktober eng Verdeelung vun den aus dem Mëttelmier gefëschte Mënsche sollt erméiglecht ginn. Dat huet den italieneschen Inneminister Matteo Salvini direkt verworf. Hie géif un enger stabiller Mëttelmier-Achs schaffe fir d‘Reegelen ze änneren an dem Mënscheschmuggel en Enn ze bereeden.

Dobäi wier ugesiichts dem Dissens an der Flüchtlingspolitik, eng „Koalitioun vun den Wëllegen“ zumindest en Usaz op deem opgebaut kéint ginn. Mee weder Malta nach Italien kënnen sech den Ament mat engen Noutfallmechanissem ufrënnen, bei deem si och weiderhin an der éischter Linn stinn, well d‘leit da jo awer weider fir d‘éischt vun hinne mussen opgeholl a versuergt ginn.

Wéi eng Garantie ka Bréissel ginn?

Datt déi vu Frankräich an Däitschland virgeluechte Propose weder beim Matteo Salvini, nach dem malteseschen Inneminister Michael Farrugia op Zoustëmmung stoussen, huet berechtegt Grënn. Si wëllen zum engen net als „éischte sécheren Hafen“ gezwonge ginn d‘Schëffer mat de Migrante bei sech opzehuelen, an zum aneren hu si d‘Befierchtung déi „illegal“ Migrante behalen ze mussen.

HelsinkiItalien a Malta kréie vun Ungarn a Polen – déi den Noutfallmechanissem och verwerfen – de Réck gestäipt. Déi lescht genannt Länner ware vun Ufank un géint eng Verdeelung vun de Migranten, an hunn ganz eegen Usiichten, wéi een mam „Problem“ ëmzegoen hätt. Esou awer kann Europa net funktionéieren, zumindest wann sech d‘Unioun och weiderhin op hir „Wäerter“ behaapte wëll.

Dem Asselborn säi Pessimismus bestätegt

Iert elo awer de Kapp hänke léisst, muss awer op e puer Punkten higewise ginn, déi een duerchaus als – wann och klengen – Fortschrëtt duerstelle kann. Eens waren sech d‘Inneminister zumindest, datt alles misst an d‘Weeër geleet ginn, fir ze verhënneren datt nach méi Mënschen am Mëttelmier erdrénken. D‘Schleiserbande solle bekämpft an d‘Migranten ouni Asyl- oder Schutzusproch misste séier nees dohinner zréckgeschéckt gi wou se hir kommen. Wéi dat konkret soll goen? Ongewosst.

Vill EU-Memberlänner hunn zudeem ageworf, datt mat der Aféierung vun enger „gesécherter Séinoutrettung“ e falscht Signal a Richtung vun de Migranten/Flüchtlinge gëtt. Hire Risk mat enger Nossschuel am Mëttelmier ënnerzegoen, géif drastesch reduzéiert, firwat méi Mënschen sech iwwer d‘Mëttelmier géifen trauen. Et géif och deenen déi dës „Booter vermëttelen“ entgéint kommen.

Helsinki

De Minister fir Bannesécherheet, François Bausch war och zu Helsinki. © EU2019FI

Eisen Ausseminister hat scho virum Sommet wéineg Erwaardungen a de Jean Asselborn gesäit elo säi (berechtegte) Pessimismus bestätegt. Un engem Mechanissem deen d‘Verdeelung vun de Migranten/Flüchtlinge géif regelen, wëllen sech zur Zäit nieft Frankräich an Däitschland, nëmme Finnland, Portugal a Lëtzebuerg bedeelegen. Déi ugestrieften Zuel vu 15 ass esou net ze erreechen.

Dozou de Jean Asselborn: „Et geet mir net ëm d‘Zuel, mee et kann sech och net ugoen, datt et ëmmer nëmme e Grappvoll Länner sinn, déi den Effort maachen“. Him bleift elo nach d‘Hoffnung, datt beim Sonner-Sommet zu Malta an der éischter Septemberwoch e Kompromëss fonnt gëtt. Bis dohinner bleift alles wéi et ass. Iwwert d‘Bekämpfung vun de Fluchtursaache gouf net beroden…

mat indymedia/hel/bru

Foto: © EU2019FI

Ähnlech Sujeten EU2019FI, Flüchtlingskris, François Bausch, Helsinki, Informelle Sommet, Jean Asselborn, Mëttelmier, Migratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel