Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ankara a Washington tausche „Frëndlechkeeten“ aus an d‘Lira geet an de Keller
International Neiegkeeten

Ankara a Washington tausche „Frëndlechkeeten“ aus an d‘Lira geet an de Keller

E Freideg huet d‘Tierkei versprach „zréckzeschéissen“ falls sech d‘USA dozou

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!
International Neiegkeeten

Bed +Bike: 4 Etablissementer erhalen de Label!

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 4 Herbergen

Elo dierf sech de Parquet mat de Virwërf géint de Film Fund beschäftegen
International Neiegkeeten

Elo dierf sech de Parquet mat de Virwërf géint de Film Fund beschäftegen

D‘CSV – déi sengerzäit ganz aktiv derzou bäigedroen hat datt

Henker fir Sri Lanka gesicht

Du kanns Mënschen net leiden? Hues eng sadistesch Oder? Dann hu mir en Job fir dech

Henker fir Sri Lanka gesicht

An der gréisster engleschsproocheger Dageszeitung vu Sri Lanka „Daily News“, war e Méindeg eng Annonce ofgedréckt ginn, déi zumindest iwwerrascht huet. D‘Regierung sicht tatsächlech mëttels Inserat en Henker, fir d‘Doudesstrof nees auszeféieren. De Fortschrëtt ass net opzehalen…

Esou gouf et an der Rubrik „Employment Opportunities“, eng Drëttel-Säit grouss Annonce, bei där et ëmmerhin ëm de Rekrutement vun engem Henker gëtt, also en Job wou een am Optrag vu Regierung an/oder am Numm vum Vollek engem Mënsch d‘Luuchten ausmécht. Verständlech, datt d‘Annonce d‘Opmierksamkeet erreecht huet déi se provozéiere wollt, egal wéi een doriwwer denkt.

Fir de President vu Sri Lanka, Maithripala Sirisena: „No allem wat mir aus de Parteien zougedroe gëtt, wäert et héchstwahrscheinlech derzou kommen, datt mir an de nächste Méint d‘Doudesstrof nees aféieren. Ech zumindest, sinn fest entschloss dofir Suerg ze droen, och wann et dowéinst zu Protester sollt kommen“. Bei esouvill Humanismus a Fortschrëttlechkeet kann ee nëmme staunen.

Wann also de Justizministère zwou Aarbechtsplaze fir Mënsche schaffe wëll, déi gefalen dorunner hunn hir Aartgenossen iwwert de Jordan ze joen, dann ass dat och ee bëssi dem President geschëlt. Deen huet sech hei um Rodrigo Duterte, President vun de Philippinnen, orientéiert. Den Duterte, en erkläerten Humanist, huet den Drogen – ob Handel oder Konsum – de finale Krich erkläert…

Verhaften, Veruerteelen, Vollstrecken!

Dëse philippinneschen „Dräiklang“ ass ganz nom Geschmaach vum Maithripala Sirisena, dee vu lauter Begeeschterung am Januar, bei säin Homolog gereest ass, wou hien sech mat eegenen Aen iwwert d‘Sënnhaftegkeet vun dëser dach zimlecher „endgülteger“ Moossnam erkënnege konnt. De Rodrigo Duterte huet gutt erkläert, well de President vu Sir Lanka war ganz aus dem Haischen.

Beim Anti-Drogekrich op de Philippinnen, kënnt et – grad wéi beim engem konventionelle Konflikt – natierlech och zum Kollateralschued. Säit der Radikaliséierung vun de polizeileche Moossnamen, sinn op de Philippinnen dausenden Onschëlleger, nëmmen op der Basis vun engem Verdacht oder falscher Beschëllegung, ouni Verhandlung an de Krees vun hire Virfahre geschéckt ginn.

Henker

Interessanterweis, well och an der Haaptstad vu Sri Lanka ass bekannt, datt ee séier emol aus dem Verkéier ka gezu ginn, esou laang wéi een „Drogen“ als Grond kann uféieren, gëtt esou eppes als nëtzlech an ziilféierend betruecht. „Wann de President d‘Doudesstrof nees aféiere wëll, dann ass dat gutt. Et gëtt einfach ze vill Krimineller am Land“, esou en Zeitungsverkeefer dee Bescheed weess.

Korruptioun an aner Verbriechen

Et muss een awer – egal wéi een zur Doudesstrof steet – drop opmierksam maachen, datt Sir Lanka tatsächlech en zolitten Drogeproblem huet, wat awer och der Korruptioun zouzeschreiwen ass. Déi international Karteller hu sech de moderne Containerterminal vu Colombo als Dréischeif ausgesicht an säit Jore klëmmt d‘Zuel vun der Verhaftungen. Beléift ass Cannabis, mee och Heroin leeft gutt.

Wat d‘Gesetzgebung am Bezuch op d‘Droge betrëfft, sollt een bemierken, datt den Handel op Sri Lanka eigentlech schonn zanter Éiwegkeete mam Dout bestrooft ka ginn, zumindest ass et genee esou am Gesetz virgesinn. Allerdéngs si säit Mëtt der 70er Joer keng zum Dout veruerteelter méi higeriicht ginn, dofir gouf et da Liewenslänglech. Op Sri Lanka ass dat wuertwiertlech ze huelen.

Net esou begeeschtert wéi de President, ass de Premier vu Sri Lanka, Ranil Wickremasinghe. Hien ass net dovunner ze iwwerzeegen, datt d‘Mënsche mam Dout ze bestrofen, d‘Verbrieche verhënnert. Mee de Premierminister ass fir d‘éischt Politiker, an dann eréischt Mënsch. Muecht ass ëmmer gutt, an esou dierf e sécher sinn, datt wann d‘Strooss et verlaangt, och hien d‘Doudesstrof cool fënnt.

Dee coolste Job op der Insel

D‘Kollege vu Reuters vu Reuters hunn e klenge Geschäftsmann interviewt, deen och vun dëser „déidlecher Moossnam“ ergraff ass, an drop besteet, datt d‘Doudesstrof nees aktiv a verstäerkt ugewannt gëtt. Dësem Geméishändler läit déi ganz Gewalt, déi wéinst den Drogen all Dag ëmmer schlëmmer géif ginn, schwéier um Mo. „Mir brauchen en Henker!“, esou säin definitive Fazit.

Geet et dem President Maithripala Sirisena an de Leit op der Strooss no, kann et muer lassgoen. De Justizministère géif sech och freeën, séier déi éischt Käpp falen, oder Kierper hänken ze gesinn. Et soll am Mäerz dofir éischt Gespréicher mat interesséierte Kandidate ginn. Déi sollen tëscht 18 a 45 Joer al, musse „männlech“ an dierfen net virbestrooft sinn. En Zertifikat vum Dokter brauch et och.

De leschten Henker hat 2014 de Job geschmass, ouni datt hie jeemools an de Genoss komm wier, e Mënscheliewen auszeläschen. Hien hat als Grond fir d‘Kënnegung uginn, vum Ubléck vum Gaalge psychesch „gestresst“ ze sinn. Säi Nofolger huet sech net emol beméit d‘Aarbecht unzetrieden. Elo wëll de Justizministère d‘Kandidaten op hir geeschtlech „Gesondheet a Mordbereetschaft“ checken.

mat indymedia/bom

Ähnlech Sujeten Drogen, Henker, Maithripala Sirisena, Ranil Wickremasinghe, Rodrigo Duterte, Sri Lanka
Nächsten Artikel Virrechten Artikel