USA: Nom Handelskrich… den Technologie-Krich
Mat de Chinesen huet et den Donald Trump net. An
Mat de Chinesen huet et den Donald Trump net. An
Déi flott Police-Cité zu Sandweiler, wou den Etat-Major vun der
D’Piraten hunn am Kontext vun der Coronakris zwou Gesetzespropositiounen op
“Et kléngt ongleeflech, mee déi Franséisch Bulldog op dëser Foto ass grad aus der Narkos erwächt. D’Aen kucke mech an huele mech wouer! Sekonne méi spéit muss de Sensor vum Polsoxymeter vun der Zong ewech geholl ginn an den Hong huet sech a Broschtlag opgeriicht.
All (all!!) aneren Hond versicht an dësem Zoustand direkt den am Hals stiechenden Tubus lasszeginn, wouduerch en och normalerweis däitlech méi fréi gezunn gëtt. Bei de Frenchien (an anere Plattnuesen) ass een allerdéngs gebieden, den Tubus esou laang wéi méiglech dran ze loossen, fir datt net um Wee bei d’Ziel de gefierchtete Kollaps vun den Otemweeër entsteet.
A genau dobäi kënnt et heefeg zu dësem Moment – ee Moment, dee mir reegelméisseg ee kale Schauer de Réck erof lafe léisst – un deem een denkt, datt dës Hënn bei vollem Bewosstsinn d’Gefill genéissen, fir eng éischte Kéier an hirem liewen ouni Méi (eben duerch den Tubus) ootmen ze kënnen.
Ech weess, datt ech elo hemmungslos vermënschlechen, mee trotzdeem: Zitt een den Tubus, dann endlech geet dat Geröchel nees lass an et gesäit een – ech schwieren Steen a Been – ee Schleier u Resignatioun an Enttäuschung iwwert déi virdru faszinéierend liichtend Aen falen. Et gëtt kee Moment, un dem déi liewenslaang an déi ëmmer nach vu vill ze ville Besëtzer ignoréiert oder souguer bewosst ofgestridde Qual vu ville Plattnuese kloer zum Ausdrock kënnt. Leider Gottes ass dëst ee Moment, dee just mir erliewen.
Wou ech dëst Phänomen déi éischt puer Kéieren observéiert hunn, war ech nach dozou geneigt, mech selwer der sentimentaler Spannerei ze bezichtegen, mee an Tëschenzäit ass mir meng Siichtweis vun dësem komeschen a n uréirende Moment vu sou munche Kolleginnen a Kollegen mat vill Plattnuesen-Erfarung oft bestätegt ginn.
Et muss ee sech also zwangsleefeg seng Gedanken doriwwer maachen, wat et bedeit, wann een Hond een am Hals stiechenden Tubus méi attraktiv fënnt, wéi seng alldeeglech Otemsituatioun!”
Een Text vum Ralph Rückert vun der Kleintierpraxis Ralph Rückert (Römerstraße 71, 89077 Ulm).- Iwwersat vum Shari Pleimelding
Opmaacherbild: © Ralph Rückert – aus der Kleintierpraxis zu Ulm