Search

You may also like

Grenziwwerschreidend Regierungskritik
Neiegkeeten

Grenziwwerschreidend Regierungskritik

Nodeems d‘Gesondheetsministesch nees an de Fokus vun der Kritik säitens

D’Fro vum Dag: Wéi ee Wollef fidderen ech grad?
Neiegkeeten

D’Fro vum Dag: Wéi ee Wollef fidderen ech grad?

Mir erliewen et bal all Dag. Roserei, Sträit, Haass oder

money
D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire
Neiegkeeten

D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire

Viru 25 Joer gouf se zu Washington gegrënnt, déi „Social

Vill Leit bei H&M, allerdéngs keng Clienten

Hennes & Mauritz hätt et sech eventuell awer fir den Dialog sollten entscheeden

Datt d‘Covid19-Pandemie dem Eenzelhandel d‘Joer 2020 zolidd versaut huet, dat bestreit beim OGBL keen. Datt den Eenzelhandel net eleng betraff ass, och dat ass gewosst. Bei H&M, dem schwedesche Konzern gëtt ee sech awer net mat der Covid19-Finanzhëllef zefridden, hei ginn d‘Salariéeën och „bedeelegt“. Zu Lëtzebuerg soll hinnen d‘Prime gestrach ginn.

Elo gëtt et allerdéngs ee Kollektivvertrag, an dee kann een net esou no Loscht a Laun uwennen oder denoncéiere wéi et engem grad an de Krom passt. Einfach unzekënnegen, datt et wéinst dem Virus keng Primm soll ginn, ass wuel eng Method wéi aner, fir ze demonstréieren, datt nëmmen ee kann d‘Soen hunn, dat ass wiere mat Sécherheet net déi Beschäftegt oder hir Gewerkschaften.

Ze argumentéieren, datt een zu Lëtzebuerg d‘Primmen net kéint ausbezuelen, well een dat déi aner Säit der Grenz an der Belsch och net géif maachen (hei iwwerhëlt dat de Staat) ass kuerzsiichteg an domm zugläich. Zum engen hunn déi Belsch Salariéeën hiren eegene Kollektivvertrag an zum aneren ass Lëtzebuerg keng Belsch Provënz, och wann H&M Bréissel sech dat esou wënscht.

Interessant och, datt obwuel d‘Affekotin vun H&M zu Lëtzebuerg hirer Mandantin erkläert huet, datt et do näischt ze fréckele gëtt, weist ee bei Hennes & Mauritz Haltung a schéngt e wëllen drop ukommen ze loossen. Datt et hinnen de Gedanken net komm ass, datt et sech bei de Salariéeën zu Lëtzebuerg net ëm déi ausgebeuten Néiesche vun hire Fournisseuren handelt, verwonnert eppes.

Datt H&M sech ethesch verwerfleche Methode bei der Produktioun verschriwwen huet, dorunner kann den OGBL näischt maachen. Géint verwerflech Methoden zu Lëtzebuerg awer schonn. An dobäi wier et wuel net zum Sozialkonflikt komm, wann een d‘Intelligenz besiess hätt, virun der Decisioun mat der Personaldelegatioun an der Gewerkschaft de Problem verhandelt hätt.

Géint d‘Ausbezuele vun der Primm kann H&M juristesch net virgoen, an dat ganzt Gedeessems wäert si wuel méi deier ginn, wéi déi ronn 58.000 Euro, déi dës Primmen ausmaachen. Firwat also dee ganze Stress? Ma well déi „Manager“ wou esou Decisiounen huelen net nëmmen iwwerhieflech sinn, mee virun allem well et jo net hiert Geld ass, dat d‘Affekoten zur Klärung zougestane kréien.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics H&M, Hennes a Mauritz, Kollektivvertrag, OGBL, Personaldelegatioun, Primm, Protestpiquet
Next post Previous post