Search

You may also like

Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet
Neiegkeeten

Frankfurter Buchmesse 2019: D’Wuert a seng Fräiheet

Déi 71. Editioun vun der Frankfurter Buchmesse stoung ganz am

dislike
Däitschland scheitert u sech selwer
Neiegkeeten

Däitschland scheitert u sech selwer

Däitschland huet, esou wéi ech mer et erwaart hunn, eng

Automobilsport: Den Dylan Pereira rockt den däitsche Porsche Carrera Cup
Neiegkeeten

Automobilsport: Den Dylan Pereira rockt den däitsche Porsche Carrera Cup

Eigentlech soll den däitsche Porsche Carrera Cup fir eise Lëtzebuerger

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen

De Minister fir bannenzeg Sécherheet a Wunnengsbau huet sech zu Déifferdeng ëmgekuckt

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen

E Méindeg 24. August war de Minister fir bannenzeg Sécherheet a Wunnengsbau zu Déifferdeng, wou hie sech mat Honoratiore vun der Gemeng an de Vertrieder vun der Police getraff huet. Dee konstruktiven Austausch huet sech op déi ëffentlech Sécherheet an de Logement an bezunn.

Sécherheet an ëffentlech Uerdnung am Déngscht vum Bierger

Beim éischten Deel vun der Entrevue ass sech den Themen: Sécherheet an ëffentlech Uerdnung ugeholl ginn. Dëst Treffen datt un eng éischt Reunioun am Juli ugeknäppt huet, war vun engem Besuch vum Stadzentrum begleet ginn. Dat fir dem Minister d‘Geleeënheet ze ginn, sech mat de Besoine vun den Déifferdenger Awunner, esou wéi de Spezifizitéite vun dësem nevralgesche Punkt, geleeën an enger Regioun déi iwwer 75.000 Residenten zielt an sech no un de Grenzen zur Belsch a Frankräich befënnt, ze familiariséieren.

De Minister huet Notiz vun de Suerge vun den Verantwortleche vun der Stad Déifferdeng geholl, an erkläert alle betraffenen Acteure Gehéier ze schenken. Wat d‘Verstäerkung vun den Effektiver vun der Police ugeet, esou huet den Henri Kox op de nationale Rekrutementsplang verwisen, an deem virgesinn ass, bis 2023 iwwer 600 Polizisten, esou wéi och 240 Agente fir déi zivil Carrière anzestellen. Beim Tour duerch d‘Stad, huet de Minister Kox och den Emplacement vum spéidere Policekommissariat besicht. D‘Ouverture vun dem Kommissariat ass fir d‘Fréijoer 2023 virgesinn.

Prioritéit fir den abordabele Logement

De Besuch vum Henri Kox an der Gemeng Déifferdeng war och d‘Geleeënheet fir de Logement unzeschwätzen. Mat senge 27.400 Awunner, ass Déifferdeng déi drëtt gréisste Gemeng am Land. Den abordabele Logement ass hei en prioritäert Thema, op deen ënnert anerem ab 2023 dee vun der Gemeng organiséierten Immobiliëprojet „Gravity“ soll realiséiert ginn. Heibäi handelt et sech ëm een Tuerm mat 80 Wunnengen, vun deenen der 48 fir déi abordabel Locatioun an 32 fir d‘Vente zum moderate Präis an engem „bail emphytéotique“ virgesi sinn. De Chantier sollt am September ulafen.

De Logementsminister huet vum Echange mat den Honoratiore vun der Gemeng Déifferdeng profitéiert fir déi grouss Linnen an d‘Instrumenter vum neie Pakt Logement, deen déi zukünfteg Kooperatioun tëscht dem Staat an de Gemengen definéiert, fir d‘Offer vum abordabele Logement ze stimuléieren Et ass och iwwer de Problem vun de meubléierten Zëmmer an d‘Noutwennegkeet vun enger Informatiounscampagne, betreffend d‘Rechter vun de Locatairen, geschwat ginn.

De Gemengen an de Bierger Nolauschteren

Fir effikass a méiglechst no um Bierger ze sinn, sinn de Logement an déi bannenzeg Sécherheet, Domainer déi eng enk Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen an de kompetente Ministère verlaangt. „Ee gudden Dialog tëscht alle Verantwortlechen ass essentiell fir déi richteg Decisiounen ze huelen an déi richteg Politiken am generellen Interessi anzesetzen“, ënnersträicht den Henri Kox. De Minister fir bannenzeg Sécherheet a Wunnengsbau wëll den Austausch mat de Gemengen duerch eng regelméisseg Presenz um Terrain verstäerken.

Matgedeelt vum Logementsministère, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: (1. Rei v.l.n.r.) Donat Donven, Generaldirekter-Adjoint vun der Police; Patrick Krier, Police; Henri Kox, Minister fir bannenzeg Sécherheet a Wunnengsbau, Christiane Brassel-Rausch, Buergermeeschtesch vun Déifferdeng; (2. Rei v.l.n.r.) Sing-Loon Cheung, Verwaltung Gemeng Déifferdeng; Jean-Paul Reuter, Verwaltung Gemeng Déifferdeng; Laurent Weber, Ministère fir bannenzeg Sécherheet; Sophie Hoffmann, Directrice-Adjoint vun der Regioun Südost vun der Police. – © MSI/Police

Related topics Bannenzeg Sécherheet, Déifferdeng, Dialog, Henri Kox, Logement
Next post Previous post