Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?

Haut gi mer mam Quiz an eng vun de jéngste

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!
Neiegkeeten

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!

D’EU-Kommissioun huet ugekënnegt, datt Finanzhëllefe fir déi europäesch Imker ëm

money
Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun
Neiegkeeten

Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun

Zu Bréissel ass d‘EU-Kommissioun der Usiicht, datt Lëtzebuerg dem Energiekonzern

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!

Stress puer oder Seegen? Dat „Gedréits“ un der Auer spléckt d‘Gesellschaft, wierkt sech op de biologesche Rhythmus vu Mënsch an Déier aus, an esouguer den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker géif dat „Gespills“ vu Summer- a Wanterzäit ofschafen.

Et gesäit deemno aus, wéi wann et mat der Zäitëmstellung kéint op en Enn goen, woubäi dës Decisioun zu Bréissel muss geholl ginn, an et do Länner gëtt, déi se nawell gäre géife bäibehalen. De Lëtzebuerger awer huet et „déck sat“ mat dem Wiessel vu Summer- op Wanterzäit, an et gouf esouguer eng Petitioun (2014) „Géint d‘Zäitëmstellung“. Deemools haten se um Krautmaart gemengt, datt se net am „generellen Interessi“ wier, a se gouf am „ronnen Dossier“ ofgeluecht.

Mee de Lëtzebuerger kann – wann e wëll – e richtegen Tockskapp sinn, firwat et am Februar op e neits zu enger Petitioun komm ass, dës Kéier mam schéinen Titel: „D‘Zäitëmstellung zwee mol am Joer beendegen, ënnert der Konditioun, datt d‘Summerzäit dat ganzt Joer gülteg ass“. Mee och op dës Petitioun hunn se an Chamber net reagéiert. Déi zukünfteg Regierung wier awer gutt beroden, den Dossier an de Grapp ze huelen, an déi vun EU organiséiert Ëmfro behäerzegen.

D‘Leit hu keng Loscht méi

Fënnef Milliounen europäesch Bierger goufe vun der EU-Kommissioun befrot, an 80% hunn sech fir d‘Ofschafe vun der Zäitëmstellung ausgeschwat. Laut dem Sondage vun der Kristallkugelfirma „TNS-Ilres“ (September) sinn dräivéierel vun de Lëtzebuerger fir d‘Ofschafen. Et wier „iwwerlieft“ an nëmmen nach bedréckend. Un den ekologeschen a wirtschaftleche positiven Impakt vun der Zäitëmstellung gleeft längst kee méi, net emol déi wou sengerzäit dofir agetratt sinn.

Esou war de Gedanken deemools deen, datt mat der Ëmstellung op Wanterzäit, d‘Luuchten doheem méi spéit ugemaach goufen. Déi hunn dofir Mueres gebrannt… Wéi och ëmmer, Fakt ass, datt sech d‘Gewunnechten och beim Energiekonsum verännert hunn, an et mëttlerweil irrelevant ass, wéini d‘Luuchten un oder aus sinn. Den Energieverbrauch gëtt haut vun de Computer, den Tëleeën an de Frigoe bestëmmt. Mee et sollt een de biologesche Rhythmus net Wirtschaftsinteressen ënnerwerfen.

Dat gesot, muss een d‘Politiker iwwerzeegen, an déi sinn „zéi“ wéi Lieder, zumindest esou laang, wéi d‘Wirtschaftslobbyisten hinnen net signaliséiert hunn, datt si esou enger Moossnam géifen zoustëmmen. Et wäert also nach emol een sech mussen hiergi fir eng – dat wier dann déi drëtt – nei Petitioun anzereechen. An awer muss et zu gudder Lescht zu Bréissel duerchgesat ginn. Ugesiichts den EU-Wahlen am Mee, sollt een d‘Zäitëmstellung zum Wahlkampfthema maachen, oder?

Ähnlech Sujeten Auer, EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, Petitioun, Summerzäit, Wanterzäit, Zäitëmstellung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel