Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrysurprise
Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!
International Neiegkeeten

Op Facebook herrscht e Krich mat Ligen – A Russland investéiert kräfteg!

Facebook spillt am politeschen Diskurs eng ëmmer gréisser Roll. Kee

angry
Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen
International Neiegkeeten

Eis Oprëschtung däerf net op d‘Käschte vun den anere goen

Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass

angrycool
De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!
International Neiegkeeten

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vizepremierminister Etienne Schneider (LSAP) huet um Freideg der Deputéierter

D‘USA wëllen déi militäresch d‘Herrschaft iwwert de Weltraum

D‘USA wëllen déi militäresch d‘Herrschaft iwwert de Weltraum

D‘US-Administratioun huet en Donneschdeg ugekënnegt, eng „Weltraum-Sträitmuecht“ ze schafen, déi zum 6. Aarm vun der US-Arméi soll ginn. Eng „Sträitmuecht“ déi sech den Donald Trump gewënscht huet, an déi sécherstelle soll, datt d‘USA, an nëmmen d‘USA, de Weltraum beherrschen.

„D‘Zäit ass komm, wou de nächste Kapitel vun eiser Arméi muss geschriwwen, sech op dat nächst Schluechtfeld virbereet muss ginn“, deklaréiert den US-Vizepresident Mike Pence, an enger Ried virun den Offizéier am Pentagon. „Et ass elo d‘Stonn, déi amerikanesch Sträitmuecht am Weltraum opzebauen, an ze etabléieren“. An den US-President tweet: „Weltraum-Sträitmuecht iwwer alles“.

Esou lafen d‘Virbereedungen un, fir dës Weltraum-Sträitmuecht opzebauen an als 6. Aarm vun der US-Arméi ze etabléieren. Si soll nieft de Buedemtruppen (US-Army), de Loftsträitkräften (US-Air Force), der Marine (US-Navy), de Marines an der Küste-Garde, déi amerikanesch Iwwermuecht festegen. Genee esou wéi de Locataire aus dem Wäissen Haus dat am Mee ugeuerdent huet.

„Fir Amerika ze verdeedegen, geet eng einfach Presenz am Weltraum net duer. Mir mussen de Weltraum beherrschen“, hat den Donald Trump sengerzäit deklaréiert. De Kontext: all Arméien op der Welt sinn ofhängeg vun den Informatiounen déi Satellitte liwweren (bsp. Geolokalisatioun) fir hir Operatiounen duerchzeféieren. De Schutz vun de Satellitten ass entspriechend wichteg.

Schold sinn déi „Aner“

Wéi et derzou kënnt, datt d‘USA den Usproch erhiewen „Här a Meeschter“ vum Weltraum ze sinn, ass natierlech nees deenen „Aneren“ hir Schold. An dem Mike Pence säin Argument: „De Weltraum huet sech an enger Generatioun verännert. Haut gëtt et Natiounen, déi et drop ukomme loossen eis am Weltraum installéiert Systemer ze stéieren. Déi stellen och d‘Herrschaft vun den USA a Fro“.

Selbstverständlech kann den US-Vizepresident net nëmmen Argumentéieren, nee, hie begrënnt dat ganzt och nach. Esou hätten d‘Chinesen 2007 eng Rakéit an den Himmel geschoss, deen en eegene Satellit erkannt an zerstéiert huet.

Hie qualifizéiert de Virgank als „Demonstratioun a Provokatioun vu Peking“. D‘Chinese wéilten de Weltraum militariséieren. Och d‘Russe géifen oprëschten a Waffe bauen, mat deenen amerikanesch Satellitte sollen „ofgeschoss“ ginn. Gutt datt d‘USA nëmme friddlech Absichten hunn…

Aktuell steet de Weltraum nach ënnert dem Kommando vun der US-Air Force, an dem Donald Trump seng Administratioun wëll eng eegestänneg Sträitmuecht opbauen, well et da méiglech ass an dëser Domäne méi Mëttel anzesetzen. Eng Informatioun déi vun der Industrie begréisst gëtt.

Wie soll dat bezuelen, wien huet esouvill Goss?

Et ass awer nach net vir Muer, wëll fir dës nei „eegestänneg“ Sträitmuecht opzebauen, brauch de Milliardär nach den Zousproch vum US-Kongress. Hei gëtt et eng ganz Rei Volleksvertrieder, déi grad wéi héichrangeg Offizéier aus dem Pentagon, bedenken hunn. D‘Schafe vun dëser Weltraum-Sträitmuecht verlaangt en héije Personalopwand, an de Finanzement ass net kloer.

A während sech dem Trump seng Unhänger an de Reie vun de Republikaner ëffentlech fir dëse „Projet“ ausschwätzen, stäipen sech déi meescht Demokraten dergéint. „Et kéint een eventuell sécher stellen, datt eis Matbierger net méi stierwe well se sech keng Krankekeess leeschte kënnen, iert ee Milliarden ausgëtt fir de Weltraum ze militariséieren“, tweet de Bernie Sanders.

Säi Parteikolleg, de Senateur Brian Schatz, tweet sengersäits: „Keen huet d‘Jicken dem Donald Trump ze erklären, datt dat eng schlecht Iddi ass. Et ass geféierlech e Chef ze hunn, deen een net dovunner iwwerzeege kann, topeg Iddie falen ze loossen“.

Interessant an dësem Kontext, de Fait dat de Verdeedegungsminister Jim Mattis sech zum „Thema“ en Donneschdeg net geäussert huet. Dee war d‘lescht Joer net ganz esou iwwerzeegt, datt et noutwenneg wier, eng Weltraum-Sträitmuecht ze schafen, an hat an engem Bréif un de Kongress gemengt, datt déi nei Administratioun déi hei gebraucht gëtt, vill ze deier wier.

Wat elo soll geschéien

En Dënschdeg hat sech de Jim Mattis viru Journalisten, favorabel fir d‘Schafe vun engem neie Militär-Kommandement fir de Weltraum ausgeschwat, ouni esouwäit ze goen, d‘Iddi vun enger 6. Sträitmuecht ze ënnerstëtzen. „Mir mussen de Weltraum als eng Kampf-Domän an der Entwécklung gesinn. An et ass sécher datt e Militär-Kommandement eng Saach ass déi ee Schafe kann“.

Den US-Vizepresident Mike Pence huet preziséiert, datt d‘Prozedur an Etappen ënnerholl gëtt. Dat mam Zil déi 6. Sträitmuecht bis 2020, nach virum Enn vum trumpsche Mandat, ze etabléieren. Hien huet dann och de Kongress gebueden, engem Budget an Héicht vun 8 Milliarden US-Dollar (iwwer 5 Joer) zouzestëmmen.

Als éischt Etapp soll ee neie Weltraum-Kommandement opgebaut ginn. Dee soll um Modell vun de schonn existente geographesche Kommandementer, wéi de „Centcom“ deen de Kommando vun de Sträitmuechten am Noen Ostenhuet, oder den „Africom“ fir Afrika, opgestallt ginn.

Et ass dann och d‘Wahlkampfequippe vum Donald Trump (fir d‘Wahle vun 2020) déi sech den Dossier gegraff huet. Si ass domatter beschäftegt, d‘Unhänger vum US-President ze froen, wéi de Logo vun der neier Weltraum-Sträitmuecht soll ausgesinn. De soll dann och uschléissend op „Promotiouns-Produiten“ opgedréckt ginn.

mam Sylvie Lanteaume/AFP

Ähnlech Sujeten Herrschaft, Sträitmuecht, USA, Weltraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    6

  • Cool

    1

  • Fail

    3

  • Cry

    0

  • Angry

    1

  • WTF

    0

  • Crazy

    3

  • Love

    0