Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No Tornado Katastroph am Minett
Neiegkeeten

No Tornado Katastroph am Minett

D’ADR weist sech déif betraff iwwer dat Leed, dat esou

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen
Neiegkeeten

Bis zu 500.000 € Ënnerstëtzung fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen

Um 30. Mäerz 2020 huet d’Chamber eestëmmeg de Gesetzesprojet 7532

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus
Neiegkeeten

Accelerator-Pilotprojet: 314 Milliounen Euro zur Bekämpfung vum Virus

D’EU-Kommissioun huet gëschter ugekënnegt datt si 36 Entreprisen, déi zur

Verkéier: d‘Konterattack vum Hesper Buergermeeschter

Verkéier: d‘Konterattack vum Hesper Buergermeeschter

D‘Gemeng Hesper ass datt wat ee Verkéiersflosstechnesch en „Triichter“ nennt an et dierf den Onmutt vun den Awunner an der Gemeng, net weider op d‘Prouf stellen. Esou stoungen de leschten Dënschdeg e puer honnert Awunner vun Alzeng, Fenteng an Hesper beim Multifunktiounszenter, fir hirem Ierger eppes Loft ze maachen.

An den „Ierger“ ass fundéiert, wéi et de Marc Lies, Buergermeeschter vun Hesper, ausdrécklech ënnersträicht. Well op der Haaptstrooss (N3) den Trafic regelrecht „steet“, benotzen d‘Pendler ëmmer méi verstäerkt den „Ëmwee“ duerch d‘Wunnquartieren. E Phenomen deen zanter der Schoulrentrée ëmmer méi Bedréckend gëtt, firwat d‘Gemeng deem muss eppes entgéintstellen.

De Schäfferot huet decidéiert sech mat engem Ingenieursbüro zesummegesat huet, fir no Léisungen ze sichen, dësen onmoossegen Trafic iergendwéi an de Grëff ze kréien. E puer vun dëse Léisungen, esou de Marc Lies, loossen sech séier ëmsetzen. Esou ginn elo zu Fenteng nei Einbahnen a Spären agefouert, datt schonn ab dem 2. Januar. Alzeng sollt och vun dëse Moossname profitéieren.

Woubäi hei net alles ganz esou einfach ass, firwat en Aarbechtsgrupp mat Bierger aus der Gemeng zesummegestallt gëtt, fir datt déi geplangte Léisungen och am Konsens kënnen ëmgesat ginn. Esou wier virgesinn, Bornen an den Zoufaarten zu de Wunnquartieren ze installéieren, déi den Ëmwee onpasséierbar maachen. D‘Residente selwer komme jo mat engem Badge weiderhin eran an eraus.

Et ass mat lokale Moyenen net ze maachen

Natierlech géifen déi Responsabel op der Gemeng gäre méi maachen, mee wéi esou oft sinn hinnen d‘Hänn gebonnen. D‘N3 ass eng Nationalstrooss an ënnersteet der Stroossebauverwaltung, déi nees de Minister fir Verkéierschaos a Stëllstand ënnerstallt ass. Zanter gutt 15 Joer ass e Contournement am Gespréich, mee fir de Buergermeeschter ass dës Optioun mam François Bausch a Fro gestallt.

Woubäi dem Schäfferot gëschter bei der Entrevue mam Minister e „klassesche Contournement“ an Aussicht gestallt ginn ass. Déi ëffentlech Consultatioun dozou soll nach am éischten Trimester vum neie Joer lancéiert ginn. Kléngt gutt, mee d‘Awunner sollte schonn 2017, dunn 2018 a ganz sécher 2019, ëm hir Meenung gefrot ginn. D‘Stroossebauverwaltung hätt den Dossier am Januar fäerdeg.

Stëmmt dat wat de Minister do gesot huet, da brauch et nach just den Avis vum Ëmweltministère an dem Ministère fir den Amenagement vum Territoire. Déi kéinte bannent véier bis sechs Wochen hir Äntwert ginn hunn, firwat d‘Conclusioune vun der Consultatioun nach virun der Summervakanz 2020 kéinte gezu ginn. Op dann awer d‘Variant duerch d‘Naturzon nach méiglech ass, weess keen.

Zudeem dierf drun erënnert ginn, datt des Optioun an der Regierung wéineg Zousproch huet an de Minister nach ëmmer mat der Variant „Tunnel“ säin Onwiesen dreift. Dat kann een och esou mam Communiqué vum 26. Juli aus dem Ministère esou betounen. An de Marc Lies verschléisst och net dëser Optioun, weist awer drop hin, datt dat eng „sportlech Erausfuerderung“ duerstellt.

Wann et presséiert an jiddereen d‘Hänn an der Täsch huet

Fir den eigentlech conciliante CSV-Buergermeeschter ass d‘Iddi vum Tunnel wuel ganz interessant, mee d‘Ingenieuren dierften sech esou e Projet net iwwer Nuecht aus dem Äermel rëselen. Hei geet et schliisslech drëms en Tunnel ze bauen, deen aacht Meter ënnert der Uelzecht duerchféiert. Den Agang wier lénks vum Agang Alzeng, seng längt 1.200 Meter an d‘Sortie um Houwald.

De Buergermeeschter huet awer och gesot, datt de geneeën Tracé nach net festgeluecht ass an zur Stonn e spezialiséierte Büro zu Stuttgart un enger Maachbarkeetsetüd schafft. Hiren Dossier gëtt sech fréistens am Hiecht 2020 erwaart, wat eng Decisioun dozou op fréistens 2021 verleet. Mee et presséiert an den Ament gouf dem Schäfferot nëmmen eng nei Entrevue am Februar ugebueden.

Et heescht also och weiderhi fir d‘Awunner vun der Gemeng Hesper, sech mam Chaos arrangéieren. Woubäi vill Awunner vun der Gemeng längst net méi gewëllt sinn d‘Fauscht just an der Täsch ze maachen. Léist d‘Regierung den Androck opkommen, datt „Hesper net Urgent ass“, kéint et Leit ginn, déi proaktiv Moossnamen ergräifen. Dat nennt een da wuel zivillen Ongehorsam…

Ähnlech Sujeten Contournement, Hesper, Variant Tunnel, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel