Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E fir ze degustéieren: D‘Brune vu Battin
International Neiegkeeten

E fir ze degustéieren: D‘Brune vu Battin

Hei dann nach esou e „gellege Pleséier“ deen ee sech

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift
International Neiegkeeten

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift

No laangen a schmäerzvolle Verhandlungen, hunn d‘EU a Groussbritannien e

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien
International Neiegkeeten

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien

Bei de forcéierten Neiwahle vum leschten Donneschdeg, konnten déi Konservativ

Hëtztwell a Frankräich! Bis zu 45°C ginn erwaart

Franséisch Regierung erkläert de Klimanoutstand, de Wiederdéngscht huet „Alarmstuf rout“ ausgeruff

Hëtztwell a Frankräich! Bis zu 45°C ginn erwaart

Bei eise franséischen Nopere gëtt et dräi Niveauen zur Warnung virun extremer Hëtzt, an déi Drëtt war bis ewell nach ni ausgeruff ginn. Haut ginn am Süde bis zu 45°C erwaart, an dat wier en neien onerfreeleche Rekord. Déi franséisch Regierung huet de Klimanoutstand erkläert…

Et ass den Departement Gard, an deem den 12. August 2003 mat 44,1°C déi héchsten Temperatur gemooss ginn ass. E Rekord dee schonn haut kann iwwertraff ginn, firwat de Wiederdéngscht och fir eng Rei Regiounen d‘Alarmstuf Rout ausgeléist huet. 4 Departementer si betraff: de Gard, den Herault, d‘Bouches-du-Rhône an de Vaucluse. Temperaturen tëscht 42°C an 45°C ginn erwaart…

Hëtztwell

Déi dräi Warnstufen (giel, orange a rout) waren no der „Canicule“ 2003 agefouert ginn. Deemools waren am Frankräich 15.000 Mënschen un de Folgen, respektiv wéinst der bedréckender Hëtzt, verstuerwen. D‘Alarmstuf rout awer war bis zum haitegen Dag nach net ausgeruff ginn. Fir déi meescht aner Departementer gëllt den Niveau „orange“. Am Norde soll et auszehale sinn.

Grondsätzlech Moossnamen

Déi batter Hëtzt fuerdert Moossnamen: An de véier Departementer an deenen d‘Alarmstuf rout gëllt sinn d‘Schoulausflich, sportlech Aktivitéiten a Sportveranstaltungen ofgesot oder verluecht ginn. Et wier eng Entscheedung zum Schutz vun de Bierger, huet d‘Gesondheetsministesch Agnès Buzyn de franséische Medie gesot. Laut dem Educatiounsministère sinn an 255 Gemengen d‘Schoulen zou

Hëtztwell

Mee et sinn net nëmmen d‘Mënschen déi mat den héijen Temperaturen esou hir Problemer hunn. Jo och d‘Deiere leiden an fir déi net weiderem Stress auszesetzen, huet de Landwirtschaftsminister, Didier Guillaume, all Form vun Déierentransport bis op weideres verbueden. Aner Länner, esou och Lëtzebuerg mat sengem neien Déiereschutzgesetz, vertrauen op de gesonde Mënscheverstand.

Interessanten Timing

A während de Leit allerlee Rotschléi ënnerbreet ginn, wéi se sech bei dësen extremen Temperaturen ze verhalen hunn, huet d‘Regierung de Klimanoutstand ausgeruff. Den Ëmweltminister, François de Rugy, huet erkläert, datt dës „politesch Erklärung“ enger Fuerderung vun der Beweegung „Fridays 4 Future“ Rechnung dréit. Et kann där am Dezember gestarten Online-Petitioun geschëlt sinn.

Hëtztwell

Mat engem Energie- a Klimagesetz huet sech Frankräich bis 2050 zur Klimaneutralitéit verflicht, a véier ONGe wëlle viru Geriicht d‘Anhale vun „dësen Ziler“ aktéieren, respektiv de Staat wéinst „Inaktivitéit“, veruerteele loossen an esou zum Anhale vun de Klimaziler zwéngen. Esou missten all d‘Emissiounen ausgeglach ginn. A Groussbritannien hunn se esou ee Gesetz scho längst agefouert.

mat indymedia/par/lon

Ähnlech Sujeten Canicule, Frankräich. Klimawandel, Hëtztwell, Klimanoutstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel