Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fräisproch fir den Turnup Tun mat „FCK LXB“
International Neiegkeeten

meaning dating questions

Mat sengem Lidd „FCK LXB“ huet de Lëtzebuerger Rapper Turnup

dating med student
International Neiegkeeten

D‘EU huet d‘Prozedur ageleet, fir d‘US-Sanktioune géint den Iran ze blockéieren

E Freideg huet d‘EU-Kommissioun déi offiziell Prozedur ageleet, mat där

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“
International Neiegkeeten

Faillite vun den Entreprisen: „Mir Bauen“ a „My Construct“

Den OGBL informéiert, datt d‘Baufirma „Mir Bauen Sàrl“ an den

Hëtztwell iwwer Europa fuerdert éischt Affer

Südeuropa mellt wäitleefeg Temperaturen iwwer 40°C

Hëtztwell iwwer Europa fuerdert éischt Affer

Am Frankräich gëtt et zanter gëschter en neien Temperaturrekord. Zu Gallargues-le-Montueux, am Departement Gard, huet „Météo France“ 45,9°C am Schied gemooss. Domatter ass de virechte Rekord vu 44,1°C zu Saint-Christol-lès-Alès, aus dem Joer 2003 däitlech iwwertraff ginn. Dat huet Folgen: a Frankräich an Italien sinn zwee Männer un engen Hëtzschlag verstuerwen.

Hëtztwell

Doudeger ginn och aus Spuenien gemellt. An der Provënz Cordoba, war um Donneschdeg schonn e 17 järege Landaarbechter verstuerwen, esou d‘Autoritéite vun Andalusien. Zu Valladoid, ass en 93 järege bei sengem Spadséiergang engem Hëtzschlag erleeën. Spuenien erlieft an de leschten Deeg eng fir de Juni onüblech Hëtztwell. Laut dem spuenesche Wiederdéngscht soll dat nach unhalen.

Hëtztwell

34 vu 50 Provënzen warne viru Bëschbränn. A Katalounien versichen d‘Pompjeeën zanter elo dräi Deeg e Feier an de Grëff ze kréien, mee déi onmoosseg Temperaturen an de schwieregen Terrain suerge fir zolidd Kappzerbrieches. Um Freidegmueren hunn d‘Autoritéite gemellt, datt schonn eng 4.000 Ha Bësch verbrannt sinn. Et kéinte bis zu 20.000 Ha ginn, wann d‘Situatioun unhält…

Schoulfräi a Frankräich

No enger Decisioun vum Premierminister Edouard Philippe, waren e Freideg bei eisen Noperen eng 4.000 Schoulen zoubliwwen oder hunn en „Noutdéngscht“ ageriicht. De Minister hat d‘Leit opgeruff virsiichteg an opmierksam ze sinn, méiglechst op säin Ëmfeld – och d‘Noperen – uecht ze doen. A ville Stied gëtt de Verkéier ageschränkt, véier Departementer behalen d‘Alarmstuf „rout“.

Hëtztwell

Och vir haut gëllt a 75 franséischen Departementer de Niveau „orange“. Den Eisebunnsverkéier ass och zolidd gestéiert. Wéi d‘Transportministesch Elisabeth Borne et erkläert, wieren d‘Infrastrukture fir esou Temperaturen net ausgeluecht. D‘Schinnen dehnen sech duerch d‘Hëtzt aus, d‘Catenaire entspanen sech. Den Zuch „Paräis-Clermont“ war dowéinst iwwer 10 Stonnen „hänke“ bliwwen.

Hëtztwell

Éischt Bränn ginn dann och aus dem Gard gemellt. Gëschter Owend virun 21 Auer sinn 20 Feier simultan ausgebrach, dovunner eent zu Vauvert. Hei sinn 35 Ha Land an een Haus vun de Flamen zerstéiert ginn. Wéinst de Bränn huet d‘A54 tëscht Arles a Nîmes-Garons a béid Richtunge misse gespaart ginn. Wéinst der Hëtzt sollten och den Transport vun Déieren ausgesat ginn…

Den Didier Guillaume huet gelunn

En Donneschdeg hat de franséische Landwirtschaftsminister Didier Guillaume, op BFMTV gesot, datt hien en Dekret geholl hätt, mat deem den Transport vun Déiere verbuede wier. D‘Wourecht ass leider eng aner. Wuertwiertlech hat hien op der Tëlee gesot:

Hëtztwell

“Hier, j’ai pris un arrêté pour interdire le transport d’animaux, y compris les animaux à l’export parce qu’on ne peut pas laisser des animaux dans des camions, dans des trains…” an de Moderator freet no: „All Déierentransport ass also verbueden?“. An de Minister bestätegt seng virecht Ausso: “Oui, pour l’instant, pour quelques jours. On verra en début de semaine prochaine si la canicule baisse, mais le bien-être animal est important. Il fallait interdire cela.”

De Landwirtschaftsverband FNSEA huet sech verwonnert gewisen an aus dem Ministère koum och prompt d‘Entwarnung. Aus dem Landwirtschaftsministère heescht et, datt et sech bei der Annonce vum Minister eigentlech ëm d‘Erënnerung un d‘EU-Direktiv aus dem Joer 2005 handelt, déi der Regierung virgëtt, datt d‘Temperaturen an de Camionen net iwwer 35°C dierf leien…

mat indymedia/par/bcn/

Bild: Ivo Gut/Pixabay

Ähnlech Sujeten Frankräich, Hëtztwell, Katalounien, Klimawandel, Spuenien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel