Search

You may also like

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?
International Neiegkeeten

Dir gouft geblëtzt an hätt gären e Souvenir?

Ass et schonn de Versuch méi Transparenz bei Justiz a

Sea-Eye fuerdert en Enn vun de Réckféierungen a Libyen
International Neiegkeeten

Sea-Eye fuerdert en Enn vun de Réckféierungen a Libyen

Den 19. September huet d’Crew vun der ALAN KURDI wärend hirer

LCTO: Beléift a gäre gesinn
International Neiegkeeten

LCTO: Beléift a gäre gesinn

Fir d‘Rentrée huet sech den LCTO (Luxembourg City Tourist Office)

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel

Hëtztwell iwwer Europa ass e neit Zeeche vum Klimawandel

Déi erneit Hëtztwell déi Europa erleit, ass zweiwelsfräi en Zeeche vum Klimawandel, deen dëse Phenomen méi probabel gemaach huet. Esou d‘Behaaptung an enger aleedender Studie, déi dann awer dës Hëtztwell net eleng dem Klimawandel zouschreift.

Bei dëser Hëtztwell, déi sech elo zanter Wochen iwwert déi ganz nërdlech Hemisphär zitt, weise Wëssenschaftler drop hin, datt si kompatibel ass, mat deenen an hire Klimamodeller ugekënnegten Tendenzen. Wëssenschaftler dinn sech schwéier bei dësen an aneren extreme Wiederkonditiounen de Klimawandel unzeféieren.

Dofir ginn ëmmer méi Recherchen ënnerholl fir aposterioresch ze bestëmmen, op en Evenement net stattfonnt hätt, wann deen net duerch dee vum Mënsch provozéierte Klimawandel entstane wier. An d‘Fuerscher vum Netzwierk „World Weather Attributioun“ (WWA) hunn sech entscheet Gas ze ginn an net d‘Enn vun der Hëtztwell ofzewaarden, fir hir Berechnungen opzestellen.

Si ënnersträichen awer hei, datt et sech ëm virleefeg Resultater handelt. Ënnersicht hunn se déi dräi op sech folgend Deeg verglach, bei deenen d‘Hëtztwell en Héichpunkt erreecht huet. D‘Fuerscher hunn sech bei hirer Recherche op d‘Donnéeën aus siwe Wiederstatiounen a sechs Länner (Finnland, Norwegen, Schweden, Dänemark, Irland an Holland) bezunn.

Zum Verglach sinn d‘Date vun de jeeweils dräi wäermsten Deeg erbäigeholl ginn, déi all Joer vun dëse Statioune festgehale ginn. Hei gëtt op Informatiounen zréckgegraff, déi bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert zréckginn. Mat der Benotzung vu Klimamodeller, stellen d‘Wëssenschaftler fest, datt déi aktuell Hëtztwell wéinst dem Klimawandel „méi probabel“ war.

„D‘Zeeche vum Klimawandel sinn eendeiteg“ ënnersträicht de Communiqué vun der WWA. „Wat schonn als en aussergewéinlecht waarmt Wieder bezeechent gëtt, wäert banal ginn. A bestëmmte Fäll ass dat schonn esou“, betount d‘Friederike Otto, Fuerscherin um „Environmental Change Institute“ zu Oxford (Groussbritannien).

Et gëtt Ënnerscheeder tëscht de Regiounen

Laut de Fuerscher vun der WWA, muss een op Ënnerscheeder tëscht de Regiounen hiweisen. Esou fir Holland, Dänemark an Irland. Hei ginn d‘Wëssenschaftler dovunner aus, datt „de Klimawandel d‘Méiglechkeet vun enger Hëtztwell verduebelt huet“, wéi et säitens dem Geert Jan van Oldenborgh vum hollännesche Wiederinstitut KNMI, festgestallt gëtt.

Wat déi véier Statioune méi nërdlech betrëfft, esou loossen déi aktuell Donnéeën eleng de Schluss zou, dat de Klimawandel d‘Probabilitéit vun der aktueller Hëtztwell erhéicht huet. Dës Probabilitéit kéint een am Moment awer net quantifizéieren. Fir d‘Statioun am extremen Norden, um arktesche Rank, ass dës Hëtztwell einfach extraordinär, ouni Beispill an den historeschen Opzeechnungen.

Iert elo Informatiounen iwwerbewäert ginn, an och wann sech d‘Fuerscher a Wëssenschaftler op hir Conclusioune verloossen, esou muss nach emol ënnerstrach ginn, datt déi gemaachten Analysen en Abléck ginn, an sech zum Deel op Previsioune fir déi nächst Deeg bezitt. Eng komplett Etüde kann eréischt nom Summer gemaach ginn.

Fir d‘Netzwierk WWA, dat schonn d‘Hëtztwell vum Summer 2017 analyséiert hat an am September zum Ergebnis komm war, datt si wuel Spuere vum Klimawandel enthalen huet, sollt een déi Date mam néidegen Eescht behandelen. An och wann ee falsch beroden ass a Panik auszebriechen, esou sollt een sech elo scho Suerge maachen, wéi et soll weidergoen.

„Mir huelen net déi Mesuren déi noutwenneg sinn“, stellt de Robert Vautard, vum Paräisser Laboratoire vun de Wëssenschafte vum Klima an der Ëmwelt, dréche fest. „Mir hunn nëmmen e puer Joer, vläicht e Joerzéngt, fir déi grouss Verännerunge bei eise CO2-Emissioune virzehuelen, déi noutwenneg sinn, eng weider Verschlechterung vun der Situatioun ze verhënneren“.

Related topics Europa, Hëtztwell, Klimawandel
Next post Previous post