Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No der EU, erhieft Kanada Douanestaxen op US-Produkter
International Neiegkeeten

No der EU, erhieft Kanada Douanestaxen op US-Produkter

E Freideg huet Kanada ugekënnegt, als Géigemoossnam zu den Douanestaxen

Dëse Video weist, firwat d’Entdeckung vun Ausserierdesche katastrophal fir eis all kéint sinn
International Neiegkeeten

Dëse Video weist, firwat d’Entdeckung vun Ausserierdesche katastrophal fir eis all kéint sinn

De neiste Video vum Kanal Kurzgesagt beschäftegt sech mam Thema

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën
International Neiegkeeten

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën

Et ass de Premierminister Scott Morrison, deen um Dënschdeg annoncéiert

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen

Skripal: Brite kënnen Hierkonft vum Nervegëft net bestëmmen

De britesche Laboratoire, deen déi genotzte Substanz analyséiert huet, déi géint de fréiere russesche Spioun Sergueï Skripal agesat ginn ass, muss sech agestoen, net beweisen ze kënnen, datt se aus Russland staamt. Eng wichteg Erkenntnis, well Russland huet eng Reunioun mat der OPWC (Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen) gefuerdert, déi haut stattfanne soll.

„Mir waren amstand festzestellen, datt et d‘Substanz de „Nowitschok“ ass an et sech ëm e militärescht genotzten Nervegëft handelt“, deklaréiert um Dënschdeg de Chef vum Militärlaboratoire vu Porton Down. „Et war eis awer net méiglech erauszefanne wou et hir kënnt“. De Gary Aitkenhead huet nach drop higewisen, datt et immens komplex Methode brauch, esou e Gëft hierzestellen. Dat kéint nëmmen eng Regierung, sot hien op Sky.

Déi britesch Regierung – déi Moskau beschëllegt hannert dem Uschlag ze stoen – huet séier reagéiert, an erkläert, datt d‘Recherche, déi zu Porton Down gemaach gëtt, nëmmen e Puzzelstéck vum „Renseignement“ ass. „Mir wëssen, datt Russland am leschte Joerzéngt no neurotoxeschen Agente gefuerscht huet, déi fir Morduschléi sollen agesat ginn. Si hunn de Nowitschok a klenge Quantitéiten hiergestallt a gelagert“, heescht en an engem Communiqué.

E Communiqué deen sech och mat „duerch Russland betreite Morden“ befaasst huet a behaapt, datt déi fréier russesch Spiounen en Zil fir de Kreml gi sinn. Méi brauch et dann net fir ze behaapten, datt Russland „de Schëllegen“ ass. Eng Behaaptung déi et esou och scho vun der Premierministesch Theresa May ginn huet. Si gesäit an der Schold vu Moskau „déi eenzeg plausibel Erklärung“.

Eng Erklärung ass kee Beweis

Déi britesch Regierungscheffin huet op d‘grouss Tromm geschloen, an hir Alliéiert hunn sech der „Erklärung“ ugeschloss. Wéi d‘Brite Moossname géint Russland ergraff hunn, ass sech och deem ugeschloss ginn. Moskau bestreit allerdéngs weiderhin eppes mat der Dot ze dinn ze hunn. Hëlleft net, de kale Krich mécht grad säi Comeback, a Russland ass en „traditionelle“ Géigner.

Ronn 300 Diplomaten, déi meescht dovunner Russen, si weltwäit ausgewise ginn, Konsulater hu missen hir Dieren zoumaachen. De russeschen Ausseminister Sergueï Lavrov huet um Méindeg ugedeit, datt London selwer hannert dem Uschlag ka stoen. Et géif e gewëssenen Interêt bestoen, wéinst de schwierege Brexit-Verhandlungen, d‘Opmierksamkeet op en anere Sujet ze fokusséieren. D‘Theresa May géif d‘Wieler oflenke fir hir Muecht ze festegen.

Et ass deemno alles „beim Alen“ woubäi d‘Annonce vum Laboratoire vu Porton Down grad da gemaach ginn ass, wou sech haut zu Den Haag, d‘OPWC op Ufro vu Moskau zesummekënnt. D‘Russen hätte gären, datt gekläert gëtt, wat et mat de Beschëllegunge vun engem Staat géint en aneren, bezunn op de Verstouss géint d‘Konventioun, op sech huet.

De russesche President Vladimir Putin hält dat ganzt fir eng Campagne géint Russland, an hofft datt d‘Reunioun vun der OPWC d‘Beschëllegunge kann aus der Welt schafen. „Laut internationalen Experten, kënnen esou neurotoxesch Mëttel an iwwer 20 Länner op der Welt hiergestallt ginn“, esou de staarke Mann aus dem Kreml.

Russland stellt Frankräich Froen zur Enquête

De briteschen Ausseministère huet dozou just gemengt, datt Russland mat der Reunioun vun der OPWC wëll oflenken an d‘Aarbecht vun der Organisatioun wëll sabotéieren. D‘OPWC war och vu London gefuerdert ginn. Si sollten d‘Analyse vun der britescher Regierung préiwen a méiglechst bestätegen. D‘OPWC huet Experten op d‘Insel geschéckt, Muster kritt a léisst déi elo vun onofhängegen internationale Laboratoire ënnersichen.

Moskau huet iwwregens vun de Fransousen e puer Erklärunge gefuerdert. Dat am Zesummenhang mat enger eventueller Kooperatioun mat London bei der Analys vum Neurotoxin. Déi russesch Ambassade zu Paräis huet eng Lëscht vun 10 Froen un den Ausseministère geriicht. Et géif ee gäre wëssen, firwat Frankräich „ageluede ginn ass sech technesch un der britescher Enquête ze bedeelegen“.

De franséische Minister huet weder d‘Bedeelegung bestätegt nach dementéiert. Konnt awer drop hiweisen, datt hien „zäitno iwwert de Fortschrëtt vun der Enquête informéiert gëtt“.

mam Antoine Pollez/AFP

Foto: AFP PHOTO / BEN STANSALL

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, Nervegëft, Neurotoxin, OPWC, Russland, Sergueï Skripal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel