Search

You may also like

money
D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer
Neiegkeeten

D‘EIB sträift de grénge Mäntelchen iwwer

Ob et schonn eng „Revolutioun“ ass sief dohigestallt, mee de

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn
Neiegkeeten

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt

Hëtztwell a Frankräich! Bis zu 45°C ginn erwaart
Neiegkeeten

Hëtztwell a Frankräich! Bis zu 45°C ginn erwaart

Bei eise franséischen Nopere gëtt et dräi Niveauen zur Warnung

LA BIG COLLECTE: Grouss Recycling-Aktioun am Hifi

LA BIG COLLECTE: Grouss Recycling-Aktioun am Hifi

Vum 27. Oktober bis den 21. November 2020 Hifi International Iech op „La Big Collecte“ an de Lëtzebuerger Geschäfter. Vun alen elektroneschen Apparater, iwwert Tëntekartuschen, hin zu Batterien kënnt Dir alles laanscht bréngen a sou zu engem méi responsabelen Ëmgang vu recycléierbarem Material bäidroen.

Wärend dem Confinement hunn der vill vun eis déi eege véier Wänn opgeraumt an ausgemëscht. An der Moyenne hu mir dobäi 10 kg ongenotzten Apparater Doheem stoen, déi entweder futti oder ongenotz a stëbseg am Keller stinn. Bei dëser Aktioun am Hifi ass et egal, ob den Apparat och an hirem Geschäft kaaft ginn ass oder net.

E gutt Beispill fir de Recyclage sinn d’Batterie vum Smartphone. Si enthale Schwéiermetaller a chemesch Produiten, déi d’Ëmwelt kontaminéieren a verknaschte kënnen. Laut Hifi entsprécht d’Loftverschmotzung vun engem Frigosmoteur dem Trajet am Auto vu 7.500 km.

Weider Detailer

Seng al an/oder ongenotzten Apparater kann een bei de Sammelpunkt an engem vun den 12 Hifi-Geschäfter am Land bréngen, oder e Mataarbechter kënnt den Apparat bei Iech sichen. An engems kënnt Dir Iech en neien Apparat matbrénge loossen.

Recycléiert gi kënnen:

  • Fernseher, Videorekorder, DVD-Player
  • Grouss Haushaltsapparater (Frigo, Wäschmaschinn,…)
  • Kleng Apparater (Mixer, Kaffismaschinn, Raséierapparat, Staubsauger,…)
  • Handy, Telefon
  • Notebook, Computer, Tablet,
  • Tëntekartuschen an eidel Batterien

La Big Collecte gëtt an Zesummenaarbecht mat Ecotrel, Ecobatterien, der SuperDrecksKëscht a Recoll organiséiert.

Related topics Batterie, Ëmwelt, Hifi International, La Big Collecte, Recycling
Next post Previous post