Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Fussballerinne verkloen de Verband wéinst Diskriminéierung
Fail International

USA: Fussballerinne verkloen de Verband wéinst Diskriminéierung

Um Weltfraendag hunn 28 amerikanesch Fussball-Nationalspillerinne e staarke Message un

dislike
USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid
Fail International

USA: Monsanto gewënnt eng Schluecht ëm e kontroverséierten Herbizid

Fir Monsanto war en Dënschdeg scho Chrëschtdag. De Ris vun

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)
Fail International

Wiem gehéiert de Mound? (Video – Däitsch Fassung)

Lëtzebuerg huet sech an déi kommerziell Notzung vun de Weltraumressourcen

dislike

Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“

Dieschbourg: „keng Renaissance vum Atom erlaben“

Um Donneschdeg huet Lëtzebuerg sech iwwert eng manifest „concurrence déloyale“ tëscht Atomenergie an der erneierbarer Energie beschwéiert. Dat am Bezuch op eng Enquête déi vun der europäescher Justiz engagéiert ginn ass, nodeems Éisträich a Lëtzebuerg eng Plainte géint d‘Subventioune vun der Atomzentral zu Hinkley Point agereecht hunn.

„Mir wëllen d‘Unerkennung vum Atomstroum verhënneren, wëll dat ganzt ëffentlecht Geld blockéiert gëtt an esou net der energetescher Effizienz an den erneierbaren Energien zur Verfügung steet“, esou d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg no der Audienz um europäesche Geriichtshaff.

Um Donneschdeg waren hei d‘Plaidoyere, vun de Vertrieder aus Éisträich an der EU-Kommissioun, zu der Affaire ëm d‘Subventioune vu Groussbritannien fir d‘Eenheet „C“ vun der Atomzentral vun Hinkley Point virgedroe ginn. Fir Lëtzebuerg kritt d‘Entscheedung vum Geriicht e groussen Afloss op déi energetesch Orientéierung vun der EU.

Britesch Atomzentral a franséischer Hand

„D‘Subventionéiere kéint e Prezedenzfall kreéieren an esou engem neie Modell zur staatlecher Finanzéierung vun der Atomenergie gréng Luucht ginn“ betount d‘Carole Dieschbourg. „Fir eis ass et wichteg, keng Renaissance vum Atom ze erlaben“.

Häerzstéck vum Sträit ass dann d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun vum Oktober 2014. Hei war de Mechanismus vun der Präis-Ënnerstëtzung wéi vu London virgesinn, vu Bréissel als „kompatibel“ mat den EU-Reegele validéiert ginn. Mat der Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg hat Éisträich am Juli 2015 de Recours géint dës Entscheedung agereecht.

De Mechanismus, mat deem Präisschwankungen duerch Kompensatiounsmesuren opgefaange ginn, garantéiert dem Exploitant vun der Atomzentral zu Hinkley Point, an dësem Fall ass déi franséisch EDF, e stabilt Akommes fir déi nächst 35 Joer.

Finanziell gutt opgestallte Géigner

Ofgesi vun der Prozedur déi Éisträich op den Instanzewee bruecht huet, gräift och Greenpeace Energy géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun mat engem Recours an den Dossier an. Mee et sti finanzstaark Géigner op där aner Säit an si dierften och déi gréisste Lobby hunn.

D‘Atomzentral vun Hinkley Point, déi zanter Mäerz vun EDF gebaut gëtt, vereent grouss Finanzinvestisseuren. Nieft AREVA sinn och déi chinesesch CGN (China General Nuclear) an CNNC (China National Nuclear Corporation) mat vill Geld um Projet bedeelegt. De Bau vun der Atomzentral, déi mat zwee Reaktere soll ausstafféiert ginn, kascht no aktuellen Zuelen 21 Milliarden Euro.

Wann d‘Atomzentral 2025 operationell gëtt, soll se 3,3 Gigawatt/h Stroum produzéieren. Hinkley Point wier domatter déi „stäerksten“ Zentral a Groussbritannien, a géif fir sech eleng 7% vun der nationaler Stroumproduktioun duerstellen.

mat AFP

Foto: Op eisem Archivbild vum Oktober 2013, wou d‘Bauplaz vun der „Hinkley C nuclear power station“ ze gesinn ass, kann een e Reebou gesinn. De franséischen Energieproduzent EDF gesäit hei just Profit, ee vun deenen dee staatlech garantéiert soll sinn. © Justin Tallis/AFP

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Carole Dieschbourg, EDF, Groussbritannien, Hinkley Point
Nächsten Artikel Virrechten Artikel