Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Muecht ass nëmme mat dir, wann s du des 10 Froe beäntwere kanns
International Stories

D’Muecht ass nëmme mat dir, wann s du des 10 Froe beäntwere kanns

Mat “Solo” kënnt elo en neie Star Wars Film an

Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!
International Stories

Springbreak Luxembourg – Inspiratioun un allen Ecker!

Wärend véier Deeg mëscht d’LuxExpo The Box seng Dieren op

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso
International Stories

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso

AFP-Informatiounen no huet en tierkescht Geriicht eng Demande vu Wikipedia,

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett

Texas: D’Hiriichtung vum Robert Pruett

De Staat Texas huet um Donneschdeg en Mann higeriicht, dee veruerteelt gi war fir de Mord un engem Gardien. Dat allerdéngs ouni materiell Beweiser ze hunn, datt de Gefaangene mat der Dot eppes sollt ze dinn hunn.

Mat 38 Joer huet de Robert Pruett net een Dag vu sengem Erwuessenenalter baussent Prisongsmauere verbruecht. En ass um 18.46 Auer (Lokalzäit), ronn eng Stonn nodeems den ieweschte Geriichtshaff vun den USA dat läscht vun den Affekoten agereechten Demande zur Begnodegung verworf haten.

„Ech wëll just jidderengem soen dat ech iech esou léif hunn. Ech hu ville Leit wéi gedoen a vill Leit hu mir wéi gedoen“, esou dem Robert Pruett bei senger läschter Ausso. „Ech hunn d’Liewen op déi haart Manéier misse léieren. Enges Daags muss een de Leit net méi wéi doen“.

De Robert Pruett war eréischt 15 Joer al wéi hien sech bei engem Mord – dee säi Papp begaangen hat – matschëlleg gemaach huet. Hien ass fir déi Dot zu 99 Joer Prisong veruerteelt ginn. Dat unhand vun engem héich kontroverséierte Gesetz vum Texas, dat dem Matschëllegen déi selwecht Strof gëtt, wéi dem eigentlechen Täter.

Liewenslänglech

Eng Strof déi Liewenslänglech entsprécht an ëmmer nees kritiséiert gëtt. Si illustréiert en ultra-repressive System, dee kengem jugendlechen eng Hoffnung bitt. E Jugendlechen dee stänneg tëscht enger drogesüchteger Mamm an engem oft verhafte Papp hin an hir gerappt gi war.

A scho mat siwe Joer huet de Robert Pruett Droge geholl, et huet och an der Primärschoul verkaf. Als mannerjäregen ass hien an de Prisong fir Erwuessener komm.

Wéi de Robert Pruett der 20 war, dunn d’Uklo fir de Mord un engem Gardien. Den Daniel Nagle war a sengem Blutt opfonnt ginn, duerchbuert vun enger eise Staang. Hien hat grad en ongënschtege Beriicht iwwer de Robert Pruett verfaasst, deen awer ëmmer dës Dot vun sech gewisen huet.

D’Procureuren hunn hirersäits verséchert, datt de Pruet de Gardien aus Revanchismus gehandelt hätt. De Gefaangenen huet sengersäits uginn, d’Affer vun engem Montage ze sinn, dee vu korrupte Beamten an anere Prisonéier duerchgefouert soll gi sinn.

De Beweis si se schëlleg bliwwen

Säit 2013 ass de Robert Pruett laanscht programméiert Hiriichtunge komm, an deem eng ADN-Analys op der Kleeder, der Mordwaff an dem disziplinaresche Beriicht ugefuerdert goufen.

Déi Analysen awer sollte keng zefriddestellend Resultater liwweren. Et konnt domatter net nogewise ginn, datt de Robert Pruett sech do opgehalen huet wou de Mord um Daniel Nagle geschitt ass. Resultater déi vun de Riichter als net zouräichend ugesi goufen, fir d’Uerteel a Fro ze stellen.

D’Famill vum Daniel Nagle huet op d’Matdeelung, duerch d’Schwëster vum Affer, Nora Oyler, reagéiert. Am Communiqué vun den texaneschen Autoritéite gëtt si zitéiert: „Och wann dat elo 18 Joer hir ass, datt hien eis ewech geholl ginn ass, den Daniel feelt eis nach all Dag an d’Hiriichtung kann de Verloscht net opweien. Mir hunn eis entscheet dësen Dag wäit vun de Medien ze verbréngen, fir dem Daniel säi Liewen ze feieren, net säin Doud“.

mat AFP

Foto: E Kierfecht fir Prisonéier zu Huntsville (Texas). Hei gëtt et zanter dem 19 Joerhonnert eng 3.000 Griewer. Déi Griewer op deenen en „X“ oder d’Wuert „Exekutéiert“ steet, sinn déi vun Higeriichten. (Archivbild Mee 2013) © Chantal Valery/AFP

Ähnlech Sujeten Daniel Nagle, Hiriichtung, Robert Pruett, Texas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel