Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger
Money Neiegkeeten

Erwuessenebildung: Integratioun a Kompetenzstäerkung fir „nei“ Matbierger

Gëschter huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) eng Konventioun zur

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020
Money Neiegkeeten

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vum 28. Juli bis den 9. August 2020

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2020 organiséiert natur&ëmwelt mat senge

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften
Money Neiegkeeten

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften

Fir de Frëndschaftsmatch tëscht den Nationalmannschafte vu Lëtzebuerg an den

money

HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG

HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG

HITEC Lëtzebuerg S.A. gëtt bekannt, datt de Produktportfolio fir Préifapparater duerch d‘Iwwernam vun der Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG, mat Sëtz zu Köln (Däitschland) erweidert ginn ass.

„No der zweejäreger Vertriibskooperatioun mat Krahnen hu mir festgestallt, datt déi „Nasssiebungsmaschinen“ perfekt zu eiesem aktuelle Portfolio un Préifapparater passt a mir gesi potentiell Synergien, vun deenen esouwuel HITEC wéi och eis Cliente profitéiere kënnen“, erkläert den Andrea Mirandola, Manager „Rubber Testing Equipment“ bei HITEC Lëtzebuerg.

Mat dëser strategescher Acquisitioun iwwerhëlt HITEC Lëtzebuerg d‘Produite MT1, A200 an NDA VACU, a stäerkt seng Positioun als bevirzuchte Partner um Maart fir Préifinstrumenter fir Russ, Gummifëllstoffer a Pigmenter.

„Mir wäerten eis Offer u Préifapparater weider ausbauen, esouwuel duerch strategesch Partenariater wéi och duerch Eegenentwécklungen, andeems mir eis exzellent technesch Fäegkeeten an ons Fachwëssen asetzen“, betount de Philippe Osch, Senior Partner an CTO.

„Mir hunn ee ganz gudden a kompetente Keefer fir Laboratoiretechnik-Produktlinn fonnt, deen zanter 30 Joer op dësem Maart täteg ass an eng staark ‚After-Sales‘ Organisatioun huet“, esou de Guido Garnies, CEO vu Krahnen, deen den Knowhow-Transfert direkt mat begleet.

HITEC Lëtzebuerg a Krahnen wäerten enk Zesummeschaffen, fir ee reiwungslosen Iwwergang vun de Geschäftsofleef sécherzestellen an de Clienten de gewinnt héije Service-Niveau ze bidden.

Wien a wat ass HITEC Lëtzebuerg?

HITEC Lëtzebuerg, eng 100% Lëtzebuerger Entreprise, huet seng Geschäftsaktivitéiten am Beräich vun innovativen a qualitativ héichwäertege Produiten an Déngschtleeschtungen ausgebaut. Qualitéitsmanagement an -Sécherung, sozial Verantwortung vun den Entreprisen an ëmweltfrëndlecht Wirtschafte sinn d‘Grondlag fir nohaltege Wuesstem a laangfristeg Partenariater mat eise Partner.

D‘Entreprise bitt héichtechnologesch Léisunge fir verschidde Geschäftsberäicher: Technologie fir Satellitte-Buedemsegmenter; Client-Spezifesch a Standardausrëschtungen zum Préiwen a Miesse vu physikaleschen Eegenschaften; Engineering, Berodung, Software- an IKT-Entwécklung, wéi Projetmanagement. HITEC betreit Clienten aus dem privaten an ëffentlechem Secteur, op nationalem an internationalem Niveau a méi wéi 20 Länner weltwäit.

Wien a wat ass Krahnen KG

Krahnen ass eng privat Entreprise mat enger laanger Traditioun vun Innovatioun a moossgeschneiderten, héichwierksame Léisungen an ee Maartleader fir Botztechnik an explosiounsgefäerdete Beräicher – Industriesauger, Flëssegkeetssauger an aner Spezial-Apparater fir ze „suckelen“.

Déi ëmfaassend Produktpalett bitt eng optimal Léisung fir déi ënnerschiddlechst Beräicher, an deenen „Industriesauger“ agesat kënne ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Andrea Mirandola, Manager „Rubber Testing Equipment“; Philippe Osch, Senior Partner & CTO; Guido Garnies, CEO vu Krahnen; Yves Elsen, Magaing Partner & CEO © HITEC Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten HITEC Lëtzebuerg S.A., Innovatioun, Krahnen KG, Laboratoiretechnik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel