Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geschicht méi no bei Iech
dating adhd woman

Geschicht méi no bei Iech

Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum

jon dany hookup
dating adhd woman

https://moien.lu/can-a-dating-scan-be-wrong-by-4-weeks/

Nodeems den italienesche Staatsbudget vu Bréissel verworf ginn ass, huet

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns
dating adhd woman

Siwe Bicher, déi s de am Summerreen liese kanns

De Summer mécht eng kleng Paus, wéi et ausgesäit. Ween

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot vun der Regierung elo den Text ugeholl, fir den Accès op HIV-Autodiagnostik-Tester ze vereinfachen.

Duerch dësen Test, deen all Persoun selwer doheem duerchféiere kann, gëtt op eegen Initiativ diskret a vertraulech ënnerhalb vun enger hallwer Stonn eng eventuell Infektioun mam HI-Virus vun de leschten dräi Méint ugewisen.

De Minister Schneider ënnersträicht: „Andeems een de Verkaf vun den HIV-Autodiagnostik-Tester am grousse Raum fërdert, offréiert Lëtzebuerg eng komplementar Erkennungs-Optioun vum HIV, déi an engems dozou bäidréit verschidde Barrièrë vum Diagnostik ze eliminéieren.“ Wien säi serologesche Status kennt, kann esou säi weidert Verhalen upassen, sou wéi och sech selwer an anerer schützen.

De benannten Test ënnerscheet sech vun de sougenannten TROD-Schnelltester. Heibäi kann nämlech d’Privatpersoun ouni d’Hëllef vun enger professioneller Persoun aus dem Gesondheetsberäich handelen.

Wéi fonctionnéiert esou een HIV-Autodiagnostik-Test?

Fir anonym, schnell an zouverlässeg doheem erauszefannen, op een um Virus erkrankt ass, féiert een eng Aart Blutttest duerch, deen op engem immunchromatografeschen Assay berout an d’Presenz vun HIV-1- an/oder HIV-2-Antikierper noweise kann. Mat Hëllef vum Testkit gëtt eng Drëps Blutt vun der Fangerkëppchen gebraucht, sou wéi eng Auer.

Generell soll et net méi wéi 5 Minutten daueren fir d’Prozedur duerchzeféieren. No ongeféier 30 Minutte kritt een d’Resultat ugewisen. Den Test ass just fir den eemolege Gebrauch geduecht.

Wat maachen, wann den Test positiv ausfält?

Bei engem positive Resultat sollt een direkt een Dokter kontaktéieren. Den Test gëllt zwar als zouverlässeg, trotzdeem muss d’Resultat nach emol duerch een Test am Labo bestätegt ginn. An der Zäit dotëscht sollt een drun denken, sech selwer an anerer ze schützen. Esou sollt een op all Aktivitéite verzichten, déi de Virus op aner Persounen iwwerdroe kënnen.

Soubal d’Infektioun bestätegt ass, muss esou schnell wéi méiglech mat der Behandlung ugefaange ginn. Mat spezielle Medikamenter kann eng HIV-positiv Persoun quasi een normaalt Liewe féieren. Donieft kann och verhënnert ginn, datt de Virus sech zur AIDS-Erkrankung entwéckelt.

Ähnlech Sujeten AIDS, Etienne Schneider, HIV-Autodiagnostik-Test, Medezin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel