Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Keng Petitioun huet et haut gepackt, genuch Ënnerschrëften ze sammelen. Mee keng Suerg, et sinn erëm neier do!
https://moien.lu/dating-scorpio-moon-man/

list of us dating app

Ënnert de Petitiounen, deenen hiren Delai haut ofgelaf ass, schéngt

dating a third year medical student
https://moien.lu/dating-scorpio-moon-man/

https://moien.lu/vinny-ventiera-dating/

“Um 24. Mee huet Youth For Climate déi Rout Bréck

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut
https://moien.lu/dating-scorpio-moon-man/

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!

HIV: D’Zuel un neien Infektioune geet erof!

Am Joer 2018 ass den neien nationalen Aktiounsplang zum HI-Virus ugewannt ginn. Eng éischt Kéier säit 2013 ass d’Zuel un neien Infektiounen zu Lëtzebuerg erofgaangen. Waren et am Joer 2017 nach 60 nei Fäll, esou ass dës Zuel op 43 nei Infektioune gesonk. Dës Zuele ginn aus dem Rapport 2018 vum Opsiichtsrot vum SIDA, infektiéiser Hepatite an sexuell iwwerdrobare Krankheeten ervir.

De Réckgang vun neien Infektiounen ass virun allem bei Männer, déi heterosexuelle Verkéier (14 am Joer 2018 am Verglach zu 31 am Joer 2017), sou wéi bei Persounen, déi intravenéis Drogen zou sech huelen (4 am Verglach zu 10) ervir gaangen. Et gëtt matgedeelt, datt dës „Epidemie“ bei den Notzer vun Drogen, déi gesprëtzt ginn, soumat gestoppt schéngt.

D’Majoritéit u Persounen, déi mam Virus liewen, ass momentan an engem antiretroviralen Traitement. Donieft gëtt ee sech och vill Méi, datt de Suivi vun de Patiente geséchert gëtt, sou datt jiddwereen d’Méiglechkeet huet d’Medikamenter anzehuelen an esou den Traitement net op eege Fauscht opgehale gëtt.

Trotz dëse positiven Zuelen muss ee mat de Preventioune weiderfueren. Schliisslech sinn et virun allem d’Drogen-Notzer, déi virun allem ee Risiko opweisen, un Hepatite C ze erkranken (72%). D’Veraarmung an hir Situatioun ouni Wunnsëtz maachen si oft nach méi ufälleg.

De Gesondheetsminister Étienne Schneider erkläert: „Et läit mir besonnesch um Häerzen, datt déi national Aktiounsplang zum HIV an Hepatite 2018-2022 (PANHEL) eng esou inklusiv wéi méiglech Demarche verfollegen, sou datt mir all déi erreeche kënnen, déi ee besonnesche Risiko opweisen. D’Recherche vun Logementer bleift haut eng Prioritéit fir dës Persounen nees anzeglidderen an eng medezinesch an edukativ Ekipp ze begréissen.“

Am Kader vum PANHEL ass ee Logements-Konzept agefouert ginn, bei deem bedierfteg Drogen-Notzer duerch verschidden Organisatioune medezinesch Versuergung ugebuede kréien.

HIV

Informatiouns- a Sensibiliséierungskit zum HI-Virus © MSAN

Vill nei Erkrankunge bei homosexuellem Verkéier

Am Géigesaz zu de positiven Observatioune vum Ufank huet een eng Erhéijung un neien Infektioune beim homo- a bisexuelle Verkéier feststelle missen. Esou sinn am vergaangene Joer 21 nei Fäll gezielt ginn, 2017 waren et der 15, an dat trotz der Implementatioun vum PrEP (Prophylaxie Préexposition). D’Majoritéit vun den Infektiounen ass an der Altersgrupp tëscht 26 an 35 Joer ze zielen.

D’Presidentin vum SIDA-Comité Dr. Carole Devaux ënnersträicht, datt de PrEP virgesäit, datt een all Dag eng Pëll hëllt, fir Infektioune beim Verkéier oder a Situatioune mat héijem Risiko virzebeugen. „De PrEP ass een majoritäert Hëllefsmëttel zur Preventioun an Europa ginn, wëll et och d’Educatioun zu de Kondomer, Impfungen an reegelméissegen Depistagë fir SIT (sexuell iwwerdrobare Krankheeten) abezitt.“

Momentan sinn 118 Persounen am PrEP zu Lëtzebuerg, woubäi den duerchschnëttlechen Alter bei 37 Joer läit. Dës Offer adresséiert sech un all Männer, déi sexuelle Relatioune mat anere Männer haten (97). Och eng Fra ass zur Zäit ënner Traitement. Duerch de reegelméissege Suivi ass bis ewell nach keng Kontaminatioun duerch den HI-Virus festgestallt ginn. Den Traitement gëtt vun der Krankekeess rembourséiert a vun der Apdikt vum CHL gespent.

An dësem Kader gëtt nach emol drop opmierksam gemaach, datt an Zukunft d’HIV-Autodiagnostik-Tester méi einfach ze kréie wäerte sinn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Dr. Jean-Claude Schmit, Gesondheetsdirekter; Étienne Schneider, Gesondheetsminister; Dr. Carole Devaux, Presidentin vum Comité SIDA © MSAN

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Hepatite, HIV, HIV-Autodiagnostik-Test, sexuell iwwerdrobar Krankheeten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel