Search

You may also like

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?
Meenung Neiegkeeten

Wéi ass et ëm d‘Sécherheet am Land bestallt?

Ab dem 1. Oktober start de STATEC – den nationalen

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?
Meenung Neiegkeeten

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?

Scho Jore virun der Erëffnung vun der Universitéit op Belval

Rapp a Klapp zum Joreswiessel
Meenung Neiegkeeten

Rapp a Klapp zum Joreswiessel

Kann een d‘Zivilgesellschaft nach a Fro stellen, wann dës am

Editorial: Hoffnung ass keng Strategie

Editorial: Hoffnung ass keng Strategie

An d‘Kamera grinsen an dobäi ausgesi wéi een Namurskichelchen, sinn net zwéngend Attributer déi een engem „Héije Kommissär fir déi National Sécherheet“ muss mat op de Wee ginn, mee et ass richteg, datt ee frëndlechen Androck vu Virdeel ass, wann ee sech muss Froe stellen, ob déi een eigentlech keng Äntwert huet. Anersäits bréicht et elo schonn eppes verständlech Informatiounen.

Wann een dem Luc Feller d‘Fro stellt, ob mir mat der Impfstrategie „hannendra“ sinn, geet ee wuel net dovunner aus, datt de „Kommissär“ dat bestätegt. Et ass awer flott ze héieren, datt och hien hei feststellt, datt an „absolutten Zuelen“, awer och nëmme wann een dat mat anere Länner vergläicht, een zu dësem Schluss komme kann. An esouguer dës Ausso gëtt direkt nees relativiséiert…

Souwisou sinn ëmmer déi aner Schold, eege Verfeelung gesteet ee sech bekanntlech ëmmer dann an, wann se engem ee Virdeel bréngen, oder et sech schlicht an ergräifend net méi verheemleche léisst. Näischt wouriwwer ee sech iergere sollt, datt ass mënschlech, an trëfft esou zimmlech op eis all zou. Et ass och net de Luc Feller, deen d‘Vaccine bestallt an d‘Strategie ausgeschafft huet.

Datt et Liwwerschwiergkeeten huet, an d‘Hiersteller hir Verspriechen net anhalen (wat se nees op Aenhéicht mat de Politiker bréngt) veriergert wuel, hätt ee sech awer eigentlech denke kënnen. Datt et bei dem engen oder anere Vaccin dann och nach Bedenken huet (AstraZeneca net nom 65. Joer verofreechen) an anerer (Sputnik V) politesch net opportun erschéngen, mécht et net méi einfach.

Trotzdeem soll d‘Phas III vun den Impfungen (also d‘Impfe vu Mënschen ënner 65 Joer) an Ugrëff geholl ginn. Verständlech, wëll et huet ee jo den AstraZeneca. An och wann dësen elo net dat vollt vertraue vu Politik a Wëssenschaft genéisst, et muss ee mat den Impfunge virukommen. Zudeem ass eise „Kommissär“ zouversiichtlech, datt eis Vaccinen och de Mutatiounen den Dicks béien.

A wann net? Jo da sinn nees „déi aner“ Schold, also folgerichteg d‘Hiersteller, déi een dann awer net kann zur Verantwortung zéien, well ee selwer alles d‘Wee geluecht huet, fir bis heihinner allgemeng gülteg Standarden ze schredderen. A méi generell geet et jo drëms d‘Häerdenimmunitéit erbäizeféieren. Wéini dat kann erreecht ginn? Esou wéi et den Ament ausgesäit guer net…

Illustratioun: © Josh Couch / unsplash

Related topics 3. Impfphas, Covid19-Pandemie, Héije Kommissär fir déi National Sécherheet, Luc Feller, Strategie
Next post Previous post