Search

You may also like

EU verwerft de Staatsbudget vun Italien, Roum hält dru fest.
International Neiegkeeten

EU verwerft de Staatsbudget vun Italien, Roum hält dru fest.

Nodeems den italienesche Staatsbudget vu Bréissel verworf ginn ass, huet

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien
International Neiegkeeten

Gala-Fussball zu Gonschte vun der Europäescher Vereenegung géint Leucodystrophien

Virun néng Joer hat sech de Stade Josy Haupert zu

dislike
Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?
International Neiegkeeten

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio

Holland am (partielle) Confinement

Wëll d‘Zuel vun de Covid19-Neiinfektiounen nees massiv geklommen ass, brauch et Moossnamen

Holland am (partielle) Confinement

An Holland huet d‘Regierung sech fir ganz drastesch Moossnamen entscheet, an esou quasi ee partielle Confinement verhaangen. De Ministerpresident Mark Rutte huet zu Den Haag e déi schlecht Noriicht verkënnt. Zanter gëschter Owend ass den Horesca-Secteur nees integral zou, Alkohol soll et no 20 Auer kee méi ze kafe ginn…

Doriwwer eraus dierfen d‘Hollänner nach just bis maximal dräi Persounen den Dag bei sech op Besuch empfänken. D‘Regierung réit de Leit den ëffentlechen Transport nëmmen nach dann ze benotzen, wann et keng Alternativ gëtt. D‘Maskeflicht gëllt an allen ëffentleche Raimlechkeeten. D‘Maske sinn dann elo och keng Recommandatioun méi, mee eng Obligatioun déi iwwerall gëllt.

Fir de Mark Rutte ass et wichteg, datt d‘Bierger versti wéi komplizéiert d‘Situatioun ass, well se nëmmen esou och bereet sinn, déi ganz Moossnamen unzehuelen an anzehalen. Déi sollen dann emol fir zwou Woche gëllen, an der Hoffnung datt d‘Zuelen nees erofginn. An de leschte siwen Deeg, huet Holland en Infektiounstaux vun 252 pro 100.000 Awunner gemellt.

Holland

Et gëtt an Holland, wéi am Frankräich, eng Rei „Brennpunkten“. Esou sinn och hei d‘Metropolen am stäerkste betraff. Zu Amsterdam a Rotterdam, läit den Infektiounstaux bei 410 pro 100.000 Awunner. Méi allgemeng ass festzestellen, datt et géint der virechter Woch 60% méi nei Fäll gëtt. D‘Intensivstatioune geroden och esou lues un hir Grenzen an et stierwen och nees méi Leit.

Säit Ausbroch vun der Pandemie huet et an Holland 190.000 Infektiounsfäll ginn. 6.631 Mënsche sinn un de folge vun der Covi19-Infektioun verstuerwen. All Dag ginn iwwer 7.400 nei Positiv Mënsche gezielt, an all Dag stierwen eng Dose Patienten op den Intensivstatiounen. Dat kann ee just iwwer Disziplin an de Grëff kréien. Ass dat verstanen, sollt een d‘Situatioun an de Grëff kréien.

mat indymedia/ams

Illustratioun: © The Kobu Agency / unsplash

Related topics Confinement, Covid19, Holland, Lockdown, Mark Rutte
Next post Previous post