Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator
Kultur Neiegkeeten Stories

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator

Sou wéi „Commission de Surveillance du Secteur Financier“ (CSSF) an

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert
Kultur Neiegkeeten Stories

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert

En Dënschdeg war et déi éischt (klassesch) Chamberssëtzung vun der

San Francisco: FBI verhënnert Attentat
Kultur Neiegkeeten Stories

San Francisco: FBI verhënnert Attentat

Um Samschdeg hunn sech d‘Enquêteure duerch d‘Vergaangenheet vum Ex-Marine gewullt.

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box

Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Beartooth © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Beartooth © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Beartooth © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Beartooth © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Beartooth © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Beartooth © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Architects © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Architects © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Architects © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Architects © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Architects © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Architects © Shari Pleimelding/moien.lu
Holy Hell! Architects an der Luxexpo The Box
Architects © Shari Pleimelding/moien.lu

Gëschter Owend ass de Kierchbierg vu schwaarz gekleete Gestalte besicht ginn, déi all just aus engem Grond do waren: déi englesch Metalcode Band Architects hunn een phenomenalen Optrëtt higeluecht. Mat den zwou Virbands Polaris a Beartooth war de Programm ee Meeschterwierk.

Pünktlech um 19:00 Auer sinn d’Dieren opgaangen an d’Schlaang u Leit, déi scho bal Richtung Kino nees vum Parking erof gaangen ass, konnt sech an d’Hal vun der Luxexpo The Box beweegen. Wien alleguerten d’Optrëtter wollt matkréie sollt dann och wierklech mat Zäiten um Site sinn. Doduerch, datt esou vill Fans era wollten ass d’Zäit bis zum éischte Concert zimlech kuerz gewiescht.

Um Punkt 19:30 Auer huet déi australesch Metalcore-Band ugefaangen an d’Säiten ze schloen an, an de Mikro ze jäizen, genau esou, wéi een et vun dësem Museksstil erwaart. Dofir, datt d’Band Polaris bei eis nach relativ onbekannt ass hu si sech immens professionell presentéiert an d’Fans vun den Architects richteg gutt agestëmmt. Wärend 30 Minutte konnt ee schonn ee gudden Androck dovu kréien, wéi den Owend wuel viru goe wäert.

Wat wierklech vir weider Concerten an der Luxexpo schwätzt, ass déi super Akustik. Natierlech ass d’Kongresshal keng Philharmonie, an awer huet d’Musek et an all Eck vun der Hal gepackt, ouni qualitativ um Klang ofzehuelen. Ob een elo hannen oder vir stoung hat also näischt ze soen. Souwuel den Tountechniker, wéi och den Zoustännege vun der Beliichtung hunn hir Aarbecht gutt erfëllt.

Weider goung et mat Beartooth. Déi véierkäppeg Band aus Ohio ass an der Metalzeen ëmgaangen, säi Succès enorm ze steigeren. Schonn um Rock am Ring 2017 hu si de Publikum vollkommen iwwerzeegt, wat och gëschter Owend net anescht war. Bei hirem Optrëtt vun 1 Stonn hu si esou richteg ofgerappt. Dobäi huet ee gespuert, datt dës Museker passionéiert bei hirer Aarbecht sinn an d’Fans un hirer Freed wollten deelhuele loossen. Do ass et och net verwonnerlech, datt schonn no kuerzer Zäit déi typesch Moschpits a Pogoen entstane sinn.

Architects

© Shari Pleimelding/moien.lu

Komme mir awer elo zum Highlight vum Owend! Bekannt sinn d’Architects mat Lidder wéi „A Matc Made in Heaven“, „Doomsday“, oder säit neistem och mat „Royal Beggars“. Mat hirem neien Album mam Numm „Holy Hell“ haten si räichlech Programm ze bidden an esou huet de Concert gutt annerhallef Stonn gedauert. Holy Hell ass der englescher Band hiren 8. Album a sou wonnert et keen, datt si wësse, wéi ee sech ze presentéieren huet.

Souwuel mat ale, wéi och neie Lidder hu si hir Fans zum Matsangen, Sprangen, awer och matfillen bruecht. Wou verschidde Leit elo soen, datt dat dach just dommt Gebläerts ass, wou keen eppes versteet, sollt sech onbedéngt déi emotional an déifgrënneg Texter ukucken, déi generell an dësem Museksstil Usus sinn. No 3 Joer Kampf géint de Kriibs ass um 20. August 2016 dem Sänger säi Brudder gestuerwen. Zu Liefzäiten huet hie mat besonnesche Songtexter an talentéierte Gittarsgrëffer d’Band mat senger Passioun zur Musek immens beräichert. Och haut nach denken d’Membere vun den Architects, awer och d’Fans un de verstuerwene Museker. Um Concert gëschter Owend ass schliisslech och ee Lidd him gewidmet ginn. An och wann de Virfall schonn iwwert 2 Joer hir ass fillt een trotzdeem mam Sänger.

Meckeren op héchstem Niveau?

D’Trauer sollt um Enn awer net gewannen. An esou hunn d’Architects ee richteg staarken Optrëtt higeluecht, den souwuel optesch, wéi och klanglech total gelonge war. Domadder haten d’Jongen déi gutt 1500 Fans méi wéi zefridde gestallt. An jo, et war fir Lëtzebuerger Verhältnisser och wierklech ee super Concert. Trotzdeem muss ee soen, datt ee vun Optrëtter am Ausland vun de Jonge méi gewinnt ass am Bezuch op d’Bühnebild. Natierlech war d’Beliichtung an d’Laseren op de Klang ugepasst, an awer ass nieft dem Geliits näischt Extraes geschitt.

Kuckt een elo déi vergaange Concerte vun den Architects vun der Holy Hell Tour muss ee soen, datt si quasi op all Bühn hiert Hannergrondbild mam wäisse Krees dobäi haten, wou wärend dem Optrëtt verschidde Projektiounen oflafen. Donieft hu si bei hirer momentaner Tour och vill mat Feier geschafft, wat zu Lëtzebuerg ganz gefeelt huet. Natierlech ass an der Luxexpo net alles méiglech, an awer huet, am Verglach zu anere Concerten, scho bëssen eppes gefeelt.

Ee Punkt, dee méi grav ass, ass de Parking, oder vill méi d’Ausfaart. Schonn am Virfeld hu Leit um Concert erzielt, datt dës Ëftere Problemer mat der Barrière sinn a si dowéinst léiwer anzwousch anescht parken. Dës Leit sollte Recht behalen. Insgesamt stoung een nom Concert iwwert 1 Stonn an der Keelt fir säi Parkticket anzeléisen. Schlussendlech huet ee misse 7 € blechen, fir datt herno d’Barrière opsteet an een vun engem liicht aggressive Mann opgefuerdert gëtt, méi schnell no riets de Site ze verloossen. Fir de jonke Publikum waren also 7 € fir d’Kaz, Suen déi een och hätt kënnen an Gedrénks investéieren. Dës Aktioun huet dem Concert een negative Bäigeschmaach ginn an esou kann ee just hoffen, datt déi nächst Evenementer an der Luxexpo net esou zu Enn ginn.

Ähnlech Sujeten Architects, Beartooth, Concert, Kierchbierg, Kritik, LuxExpo, Metalcore, Polaris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel