Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

London geet d‘Reprise virsiichteg un
Neiegkeeten

London geet d‘Reprise virsiichteg un

No siwe Woche Confinement wier en te un der Zäit

Mexiko: E Renne géint d’Zäit
Neiegkeeten

Mexiko: E Renne géint d’Zäit

Am Renne géint d‘Auer hunn d‘Secouristen hir ganz Kraaft mobiliséiert.

Wiem gehéiert dëst Gebai? Eis alleguerten!
Neiegkeeten

Wiem gehéiert dëst Gebai? Eis alleguerten!

De Protest vun déi lenk Stad – déi hei vun

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun

@Home – Fir Äert Wuelbefannen wärend der Isolatioun

Och zu Lëtzebuerg leeft zënter enger gudder Woch net méi vill. Fir déi weider Verbreedung vum neiaartege Coronavirus ze limitéieren, ass et nawell besser, eng kuerz Zäit am Standbye ze liewen, wéi weider Doudesaffer duerch een net-responsabelt Verhalen ze fuerderen.

Natierlech huet dës relativ strikt Moossnam een immensem Impakt op d’Privatliewen. D’Elteren hunn hir Kanner doheem sëtzen, virun der Dier soll ee sech just begrenzt ophalen, an nodeems een ënnert anerem d’Fréijoersbotz hannert sech huet, dat ugefaangent Buch fäerdeg gelies ass an de Gaart nees a vollem Glanz erstraalt, ginn sou lues d’Iddien aus, wat ee mat senger Zäit nach ufänke soll.

Lieft een 24 op 24 Stonnen, ouni raimlech Trennung zu puer Persounen ënnert engem Daach, ass et essentiell fir mental flexibel, upassungs- a widderstandsfäeg ze bleiwen. Ma, aus dësem Grond lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher, zesumme mam Centre Psycho-Social et d’Accompagnement Scolaires (CePAS) elo seng Sensibiliséierungscampagne @Home. Mat verschiddene Rotschléi soll verhënnert ginn, datt Iech de Plafong op de Kapp fält. Duerch einfach Gesten am Alldag kënnt dir Äert Wuelbefannen an der Isolatioun oprecht erhalen:

  • Bleift informéiert a respektéiert déi offiziell Virschrëften
    • Offiziell Informatioune solle virgezu ginn
    • D’Virschrëften, déi zur Hygiène an de Sortien operluecht gi sinn, mussen agehale ginn
    • Et soll een net alles liesen a gleewen, wat doruechter geschriwwe gëtt@home
  • Ee Planning fir den Alldag
    • Déi verschidde Chargen am Haushalt sollen op déi verschidde Memberen opgedeelt ginn
    • Reegelméisseg Ritualer (Kaffi, liesen, Teletravail, Gesellschaftsspiller, spadséiere goen,…) schenken am Alldag eng Struktur@home
  • Aktiv bleiwen
    • Festgeluecht Zäiten fir d’Opstoen an d’Schlofe-goen, sou wéi fir d’Iessen, d’Schaffen an d’Hausaufgaben si wichteg
    • Physesch a manuell Aktivitéiten sollen d’Sënner fërderen
    • Elo ass d’Zäit fir nei Projeten, vun deenen een ëmmer gedreemt huet, unzefänken an auszeschaffen
    • Zukünfteg Evenementer kënnen geplangt ginn@home
  • Passt op Iech op, haalt Är sozial Kontakter oprecht
    • Wéi och am normalen Alldag solle gewéinlech Aktiounen, wéi beispillsweis sech unzedoen, sech ze wäschen, eng equilibréiert Ernierung a Beweegung net ze kuerz kommen
    • Bleift iwwer Telefon, Handy a Computer mat Äre Léifsten a Kontakt
    • De Sécherheetsofstand zu Aneren soll weiderhi gehale ginn
    • All Evenementer a Gruppéierunge vu Leit mussen ënnerlooss ginn
    • Sidd solidaresch, hëlleft vulnerabele Persoune bei den Akeef a stitt Ären Noperen zur Säit, wann si eppes brauche sollten@home
  • Déi psychesch Gesondheet monter halen
    • Et ass normal an dëser Situatioun bedréckt ze sinn. Gidd Iech Ären Emotioune aktiv bewosst an schaaft eng gewëss Akzeptanz
    • Kuckt wat Dir kontrolléiere kënnt (Gesten an eegent Wuelbefannen) a wat och net (Entwécklung vun der Epidemie)
    • Fillt Iech net schëlleg, wann Dir Är Dagesziler net erfëlle kënnt. De Wëllen zielt a muer ass jo och nach een Dag
    • Et ass Hëllef do, wann Dir se braucht@home

Ënnert folgenden Telefonsnummeren kann Iech am Eeschtfall zu all Ament Ënnerstëtzung gebuede ginn:

  • Kannerjugendtelefon: 116 111
  • Elterentelefon: 26 56 05 55
  • SOS Détresse: 45 45 45
  • Coronavirus Hotline: 8002 8080
  • Coronavirus Helpline: 8002 9090
Ähnlech Sujeten @home, Alldag, Coronavirus, Covid-19, Educatiounsministère, Isolatioun, Quarantaine, Sensibiliséierungscampagne, Wuelbefannen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel